D’CaraPio brauchen demnächst Faarfpudder fir ze schéissen deen der Ëmwelt natierlech net schuede soll. Hei ass “d’Rezept” wou zesummegesat ass vun den Iddien hei an hei.
Du brauchs:
- 500g Maismiel / Maisstärkt
- 100-125ml Waasser
- 1 kleng Fläsch Liewensmëttelfaarf
- 1 grouss Schossel
- Plastikshändsche (optional)
- 1 Ziploc Plastikstuut
- Mësch d’halschent vum Waasser mat Faarf an dem “Miel”.
- Maach lues a lues méi Miel dobäi währends de réiers.
- Wann et ze déck gëtt, maach nees Waasser dobäi. Um Enn soll eng déckflësseg Mass eraus kommen.
- Wann et ze schwéier ze réiere gëtt, déi d’Händschen un an mësch alles mat den Hänn.
- Stell d’Schossel 2-3 Deeg an de Frigo.
- No den 2-3 Deeg, hëtz däin Uewen op 180 °C.
- Verbreed deng faarweg Mass op engem Bakblech.
- Maach den Uewen AUS a setz de Blech drann. Looss d’Dier e bëssen op. Sou kann d’Fiichtegkeet eraus zéien.
- No 30 Minutten: huel de Blech eraus a looss alles ofkillen.
- Sift de Pudder fir d’Klompen eraus ze kréien. Du kanns och alles mam Mixer réiere fir d’Klompe kleng ze maachen.
- Maach alles an d’Plastikstuut fir dass et net nees fiicht gëtt. Fäerdeg!