Scoutsziedel bis de 26. September

Salut alleguer,

d’Vakanz ass nach net ganz eriwer a schons hu mir e grousse Programm. Hei fannt dir déi éischt Aktivitéiten fir d’Scoutsjoer 2015/2016.

Dest Joer ass den 71.  Anniversaire vun der Libératioun. D’Gemeng an de Syndicat d‘Initiative organiséiren fill Aktivitéiten fir dest ze feiren. Hei just déi, wou mir als Grupp matmachen.

no images were found

Gruppefoto vum Anniversaire, September 2014

Fir de ganze Grupp: Mëttwochs de 9.September: Ofiziell Gedenkfeier

R.d.v um 19.30 Auer an Uniform beim Denkmal vum Zaldot um Square Hyman Josefson. Géint 20°° ass e Concert op der Maartplatz. Déi offiziell Participatioun vun de Scouten ass fir um Concert eriwer.

Fir de ganze Grupp: Sonndes de 13.September: Journée Commémorative du Passeur

R.d.v an Uniform um 9.15 fir un der Kiirch zu Péiteng. No der Mass ass eng Gedenkfeier, um 11°° Auer si Feierlechkeeten am Home St.Hubert. Déi offiziell Participatioun vun de Scouten ass no der Gedenkfeier bei der Kiirch géint 10.45 Auer eriwer.

Fir d’Chef: Denschdes den 15. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° beim Guy doheem.

Fir de ganze Grupp: Samschdes den 19. September: Éischt Versammlung fir daat neit Scoutsjoer

D‘Biber/d’Wëllef, d’Avex an d’CaraPio hu vu 14°° bis 16°° Versammlung um Prënzebierg. D‘RaRo hu vu 16.30 Auer bis 18.30 Auer Versammlung um Prënzebierg.

Fir d‘CaraPio, d‘RaRo, d‘Matarbechter, d‘Guilde a d’Chef: Samschdes den 19. September: Pabeiersammlung a Kleedersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross, do deele mir eis an, a kuke wen wou hëllfet. Wëll Pabeiersammlung a Kleedersammlung gleichzeiteg eng logistesch Erausfuedrung a fill Arbecht sin, ass et wichteg dass jidfereen den irgendwéi kann helefen, derbei ass. Elo schons en decke Merci.

Fir d‘Chef an d’Guilde: Denschdes den 22. September: Virbereedungsversammlung

An deser Versammlung bereede mir d’Feier an d‘Mass vum 3. Oktober fir. R.d.v ass um 20°° beim Guy doheem.

Fir d’Chef: Mettwoches den 23. September: Kongress zu Betebuerg am Schlass

Détailer fannt dir am Contact an op lgs.lu. Sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed wann dir mat gidd.

Fir de ganze Grupp: Samschdes den 26. September: Scout fir een Daag

Vun 15°° bis 18°° dréint sech bei Staatshaus alles em d’Scouten. Brengt är Kollege mat, a weist hinnen waat e bei eis alles erliewe kann. Fir dass mir och eppes ze bidden hun sin d’Chef moies vun 9°° un umgang opzerichten. D’Guilde suergt dass Kee muss hongreg an druschtreg sin.

Fir d’Chef: Sonndes den 27. September: Chefdag zu Betebuerg

Détailer fannt dir am Contact an op  lgs.lu. Sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed wann dir mat gidd.

Guilde

Bei der Rubrique „Guilde“ hei um Site fannt dir d’Aktivitéiten vun eiser eelster Branche, des därfte fir un allem är Elteren intresséiren, bei den Treppeltier kënnt dir och gär als Famill matgoen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top