Fir all d’Wëllefcher:
Salut Wëllef. E Samschden den 1. Mee as keng Versammlung. E Samschden den 8. Mai as Versammlung vun 14:00-16:00.
E Samschden drop as keng Versammlung well mer Sonndes den 16. Mai ob den Wëllefchersrally ob Dideleng gin. Départ: Mir treffen eis um um 7:45 Auer zu Péiteng ob der Gare (den Zuch fiert um 7:54 Auer). Retour: Mir si nees um 18:09 Auer ob der Peitenger Gare. Tenue: Uniform (wien keng huet soll just de Foulard undin). Mathuelen: Didd iech dem Wieder no un (huelt e K-Way an eng Kaap egal wéi d’Wieder ass), ordentlech Schung, e klenge Rucksack, Bic a Bloc, Bidon, Picknick fir Mëttes kaal z’iessen. De Ralley kascht 10 Euro. Eventuel 5€ Täschegeld mathuelen.
Virukënnegung: Den 18 bis den 24. Juli huele mir um Nationalem Camping Althing 2010 zu Heischent deel. Dat get e mega flotten groussen Camp mat ganz vill aneren Wellef aus dem ganzen Land. Et kommen nach Informatiounen no.
Fir all d’AvEx:
E Samschden den 1. Mai as keng Versammlung. Den 8. an de 15. Mee hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all CaraPio:
Salut mir hun e grousse Programm: Samschdes den 1.Mee hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Freides de 7. Mee hu mir vu 19:00-21:00 Versammlung um Bierg. Mëttwochs den 12.5 hu mir zu Schëffleng eng Virrbereedungsversammlung fir de Camp. Mir treffen eis um 18:15 Auer zu Péiteng op der Gare a fueren dann mam Zuch op Schëffleng. Matbrengen: Gamell (mat Besteck a Becher), Kichenduch, 3€ an Jumbokaart. Mir si um 23:36 Auer erem zu Péiteng op der Gare. Wann erwënscht, da féiert de Lukas iech herno Heem.
Samschdes den 15.Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Den 15.Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Dir wesst jo…
Fir all d’RaRo:
Den 8. an de 15. Mee hu mir vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Nächste Samschdeg, den 15. Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8:30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss, elo schons en decke Merci fir all Hëllef!