Läschte Scoutsziedel fir d'Joer 2015

Fir iech alleguer: 1)Friddensliicht Samschdes, den 19. Dezember verdeelt d’Guilde vun de Péitenger Guiden a Scouten no der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen.Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.20 Auer an Uniform firun der Kiirch. D’Elteren, Bridder a Schwesteren, Frënn a Bekannten … sin härzlech wëllkom! 2)Rappel Cotisatiounen: E puer Leit hun d’Cotasatioun nach net bezuelt. Macht daat w.e.g elo, well et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sin! Den eelsten aus der Famill bezillt 15 Euro, déi aner bezueln 12 Euro.Iwerweist d’Suen w.e.g, op de Konto vun eisem Grupp =>LGS Grupp Hellege Franz vun Assisi Péiteng => BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 Dest ass den läschten Ziedel fir dest Joer, duefir profitéiren ech vun der Geleegenheet, fir jidferengem fir seng Mathellef , a sein Engagement uechtert d’Joer MERCI ze soen. D’Cheféquipe wënscht Iech an Ärer Famill schéin Kreschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2016.

Fir all d’Biber: Moien leif Biber, mat Iessen soll een net spillen mee… daat mecht awer esouuuu vill Spaass J  dofir kommt den 5. Dezember op den Prenzebierg.Fir den 12. Dezember muss der iech iwerraschen loosen JDen 19. Dez. soll all Biber dei schèinsten Krëschtbull matbrengen déi en doheem fennt fir de Beemchen um Bierg ze dekoreieren an well mer deen Daach eis Krechtfeier maan iessen mer an drenken mer eppes klenges leckeres J Wei emmer vun 14:00-16:00 um Prenzebierg. Liest och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’Wellefcher: Dir léif Wellef, d’Joer as baal eriwer an et as gleich Vakanz. Fir dest Joer gebührend Oofzeschleissen gin mir den 5ten Dezember zesummen op d’Kockelscheier Schlittschung fueren. Dofir treffen mir eis um 14h00 zu Peiteng ob der Gare an sin fir 18h15 erem zreck. Et Kascht 5Euro pro Person an dir kennt nach 5Euro Täschengeld matbrengen. Eis Chreschtversammlung as dann den 12ten Dezember vun 2 bis 4 um Bierg. Do backen mir Kichelcher. Brengt fir dei Versammlung weg eng Chreschtboulle an een Kado ( deen net mei wei 5Euro kascht) mat. Den 19.Dezember ass keng VersammlungFir den Rescht wenschen mir Wellefchef iech alleguerten elo schon schein Chreschtdeeg an eng erhuelsam Vakanz Liest och bei: Fir iech alleguer.                  Fir all d’AvEx: Salut AvEx, Samschdes den 05.12. an den 12.12 hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Samschdes den19.12  hun mer vun 14:00 bis 17:00 eng Chrëschtversammlung um Prënzebierg. Bréngt dofir all e klengen Cadeau mat (e soll net méi kaschten wei 3 €) an eng Bull fir op den Chrëschtbeemchen. Dot iech dem Wieder no un, mir sinn déi ganzVersammlung dobaussen.Liest och bei: Fir iech alleguer.

Fir all CaraPio:

De 5. an 12. Dezember hu mir Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir fuere weider mat eiser Survival Entreprise. Bréngt är Täschemesser mat an ditt iech dem Wieder no un. Brengt alleguer 3 Ideen fir den Theater mat. Den 12.12 ass moies Pabeiersammlung, r.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Mir zielen op DECH!  Liest och bei: Fir iech alleguer. Opgepasst: De Sonnden 24. Abrëll ass JoCaPi am Eisléck. Dëst ass e Rally wou CaraPio aus dem ganze Land géinteneen untrieden. Fotoe vun de leschten JoCaPis fannt der hei: http://lgspeiteng.lu/?s=jocapi Mir mussen eis mat Zäiten als Grupp umellen. Wee wëll mat goen soll bis spéitstens den 14. Dezember e Virement maachen wéi hei drënner beschriwwen. Mir huele just déi mat wou rechtzäiteg iwwerweisen a kënnen no der Umeldung keng Sue méi zeréck ginn.

15€ LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 Vermierk: JoCaPi 2016 Numm vum Kand

Fir all d’RaRo: De 5. Dezember hu mir Versammlung. Den 12.+13. Dezember ass eis RaRo Montee, natierlech fängt den Weekend reicht ab 16 h un. Samschdes moies hoffe mir iech op der Pabeiersammlung ze gesinn.De 19. Dezember hu mier och eng Versammlung wou mier dono all zesummen op den Benny and the Bugs Concert on Neihaischen an Keltenhaus fueren ( didd ierch warm un ) Liest och bei: Fir iech alleguer. Neies vun der Guilde : Mettwochs de 9.12 Keelenowend mat Agape Rendezvous um 19:00h am Café Müller zu Lampech.Menü: Choucroute bien garnie mat Dessert a Kaffi fir 21,00 EURUmelle bis Méindes, 7.12., 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu Sam. 19.12.: 14:00h Wanterwanderung iwwert de Prënzebierg Rendezvous ënnen an der Belle-vue-Strooss (Coin-de-terre-Lokal)17:30h Mass mat Friddensliichtfeier an der Kierch zu Péiteng/19:00h Chrëschtveillée, am Chalet um Prënzebierg, animéiert vum Renée. Duerno: Träipeniessen Mir organiséieren no der Mass eng Transportméiglechkeet fir déi, déi Problemer hu fir op de Bierg ze kommen; bei der Umeldung mat uginn w.e.gl.Umeldung bis den 14.12. um Tel. 50 32 71 oder 621 414 040 (Schlottert) oder Mail jschlott@pt.lu Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:   Samschdes de 12.Dezember an de 9.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons en decke MERCI. Liest och bei: Fir iech alleguer.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top