Scoutsziedel bis no der Ouschtervakanz

Fir iech alleguer:

Eisen Theater war en vollen Erfolleg. D’Stëcker vun de Branchen an daat grousst Stëck si gudd ukomm. Alles huet tiptop geklappt. MERCI fir DEIN Asatz egal op, op der Bühn oder soss iergendwou et war eng schéin Zesummenarchet wou een op den aneren zielen konnt, SUPER!

Dest ass de läschten Ziedel bis no der Ouschtervakanz, mir wenschen iech elo schons schéin Ouschteren.

 

Fir all d’Biber:

Léiw Biber, super, super super hut dir daat am Theater gemach!!D’Leit ware begeeschtert vun iech a mir Chef och ?

Nächste Samschden den 12.03 gi mer an d‘Hütt .. daat gett ee Spaass 🙂 Mer freen eis iech vu 14:00-16:00 um Prënzebierg ze treffen ?

Wei der secher schon wesst gi mer vum 19. – 20. März op den Weekend op Miersch, do ass anscheinend alles ausser Kontroll mer gin schon erwaard!

Fir eis Missiounen do sou gudd et geet kennen ze erfellen brauchen mer folgend Material: Täschemesser, Schong a Kleeder fir all Wieder, Wäschsaachen, en Buedduch waat knaschteg därf gin, Schlappen, Schloofsaack, ausgefëllte Fiche Médical =>hei cliquen =>F09A an en Picnic vir Samstes mettes a GANZ wichteg -> GUDD LAUN!! ?

Brengt nemmen esou een groussen Rucksaack mat wei der en och packt soss gett ed eng laang Rees ….

Den Treffpunkt ass um 10 Auer zu Peiteng op der Gare an Sonndes erem um 16:15 zu Peiteng op der Gare. De Weekend kascht 20€ op den Kapp fir deen zweeten aus der Famill 15€.

Wann der iech nach net ungemellt hut dann maacht daat w.e.g esou seier wei meiglech beim Annika ?

français Chers Castors,

vous avez jouer très, très bien du théâtre!!! Le public et nous, les chefs, ont été très ravi de vous tous. Samedi prochain, le 12 mars on y va dans la cabane, venez nombreux de 14H à 16H au Prenzebierg.

Comme vous le savez déjà, on y va du 19 au 20 mars à Mersch pour y passer un weekend. Pour accomplir notre mission on a besoin: couteau de poche, des chaussures et des vêtements selon le temps,  tous ce qu’il faut pour le soin, un serviette de bain qui peut devenir sale, des pantoufles, sac de couchage, et la fiche médicale remplie =>cliquer sur ce lien =>F09A , et un piquenique pour samedi midi, finalement très, très important apportez de la bonne humeur!!!! Apportez qu’un sac si grand que vous le réussissez à porter. Le point de départ se trouve à 10H à la gare de Pétange et on arrive le dimanche à 16H15 à la gare de Pétange. Le weekend coute 20euro par tête, et pour de le deuxième de la famille 15 euro. Si vous n’êtes pas encore inscrits alors faites le, le plus vite que possible en prévenant Annika.

Fir all d’Wëllefcher:

Dir léif Wellefcher, den Theater hu mir gepackt, an dir wart wirklech gutt. Merci dass dir matgespillt hudd. Gleich as d’Ouschtervakanz bis dohinner bleiwt awer nach e bessi Zeit. Fir déi zwou nächst Versammlungen hu mir e „feschege“  Programm, loost iech iwerraschen. Mir treffen eis den 12. an den 19. März wéi ëmmer vun 14°° bis 16°° um Bierg. Elo kennt dir iech awer schon mierken, den 23. an 24. Abrëll gi mir zesummen ob Woltz ob een Weekend. En plus hun mir d’lescht Joer den Wellefcherrallye mat eisem Team “Vier gewinnt” einfach mol gewonnen. ( Waat och soss… ) Dofir bereeden mir des Joer zesummen  mat den Houwalder Scouten, de Wellefcherrallye 2016 fir.                                                                                               Dir kennt iech schon beim Alex    (691 177 773) virunmellen. Den Rallye ass den 5. Juni an dauert den ganzen Daach. Mir hoffen dass dir erem alleguerten matgidd. Bis nächsten Samschden.

françaisPour les louveteaux

Salut les louveteaux, le théâtre a été un grand succès, vous avez été magnifiques. Un grand merci à tous ceux qui ont participé. On a encore un peu de temps avant les vacances de pâques. Nous avons donc préparé un programme « maritime » pour les deux prochaines réunions, laissez-vous surprendre. Nous nous verrons le 12 et le 16 mars de 14°° à 16°°h au “Prenzebierg”. Vous pouvez déjà vous marquer dans votre calendrier le weekend du 23 et 24 avril  lors duquel nous partirons à Wiltz pour notre weekend. En plus nous avons gagné l’année passée le rallye des louveteaux avec notre équipe “ 4 gagne” ( c’est normal non ?). C’est pourquoi nous devons aider les scouts de Houwald à organiser le rallye des louveteaux 2016. Vous vous pouvez déjà inscrire pour ce rallye en appelant Alex au 691 177 773. Le rallye sera le 5 juin et durera toute la journée. Nous espérons vous y revoir tous.  Allez, à samedi !

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, TIP TOP hut dir daat am Theater gemach, DIR hut et färdeg bruecht och zu wéineg, e flott Theatersteck ze spillen. Mir hun déi zwee nächst Samschdeger, den 12.03 an den 19.03 vun 14:00 bis 16:00 Auer Versammlung um Bierg, hoffentlech kommt der all.

Wéi dir all wesst gi mir vu 1.-3.Abrëll op den HIKE-W.E.. Wien sech nach net ugemellt huet, soll daat sèier beim Fredi um 621 47 25 10 man. Hei déi läscht Infoen: Start ass den 01. Abrëll um 17:00 beim Scoutschalet zu Péiteng, no enger gemittlecher Nuecht wärten mir eis op den Wee maachen bis op Déifferdeng an dann déi zweet Nuecht do verbrengen. Schluss ass den 03. Abrëll um 11:30 zu Déifferdeng beim Chalet wou der vun den Elteren sollt ofgeholl ginn (Adresse vum Deifferdenger Chalet: 127, avenue de la Liberté / L-4601 NIEDERKORN).Wat huele mir mat?* gudd Treppelschung* Täscheluucht* Becher, Gamelle a Besteck* Carrymatt an Schlofsak fir dobaussen* Hygiensartikelen* Kleeder fir all Wieder* Ennerwäsch a Stremp* Spullduch* Foulard an Uniform* ausgefëllte Fiche Médical => hei cliquen =>F09A* NET mathuelen: Handy, Ipod, Wertsaachen, etc.(WICHTEG: paakt ären Rucksak esou, dass dir en selwer droen kënnt 8-9 kg MAX!) Den Weekend kascht 25 €.

Fir all d’CaraPio:

Salut dir Acteuren,
Dir hudd alles ginn am Theater a mir si stolz op är Leeschtung! Duerch de Kuchverkaf gëtt et elo och en déckt Ierwen… eh… e Koup Sue dee mer huele fir eis Reess a Schweden méi gënschteg ze halen.

Hei de Programm fir déi nächst Wochen – iwwerleet iech schonn wat eis nächst Entreprise soll sinn:
12.3. Moies Pabeiersammlung an Nomëttes Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg.
19.3. Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg.
26.3. Keng Versammlung, mir wënschen iech eng schéin Ouschtervakanz!

Visite vu Struthof 1.4.-3.4.
Duerch de Subside dee mer kréie vun der ASBL des Anciens Survivants Natzweiler konnte mer de Präis vum WE drécken op 80€. Et bleiwen also nach 40€ pro Persoun ze bezuele. Maacht de Virement fir den 14.3. mat der Mentioun “Struthof Reschtbetrag [Numm vum CaraPio]”. Eise Konto: LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000.
Mir treffen eis Freides den 1. Abrëll um 19:00 zu Diddeleng um Parking vum Match (75 Rue du Commerce, 3450 Dudelange). Départ vum Bus ass um 19:30. Mir iwwernuechten an engem Chalet zu Stroossbuerg. Mir besiche Samgdes d’Konzentratiounslager vu Struthof. Sonndes maache mer e Rally duerch Stroossbuerg. Mathuelen: Kleeder (dir kritt äre CaraPio Süden T-shirt um WE), Wäschsaachen, perséinlech Medikamenter, Fiche Médicale F09A (lgspeiteng.com/doc), Uniform, Foulard, Schlofsak, Bic a Bloc. Dir kritt fir Sonndes vun eis 5€ fir eppes iessen ze goen. Déi meescht Geschäfter wäerten zou sinn awer dir dierft nach e puer Euro méi mat huele wann der eppes méi deieres wëllt iesse goen…
Eise Retour ass vir gesinn fir Sonndes den 3. Abrëll Owes géint 18:00 zu Diddeléng.

Eis nächst National Aktivitéit no der Vakanz ass d’JoCaPi de 24. Abrëll. Weider Detailer um nächsten Ziedel.

Déi vun iech déi mat op den Iron Scout ginn kënne schonn no Sponsore sichen. Dir kënnt de Fichier hei erof lueden: http://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/IS2016-Sponsors.pdf Den Erléis vum Iron Scout dëst Joer geet u Kiwanis. (www.kiwanis.lu)

français

Salut les actuers,
Nous sommes fiers du talent que vous avez montré lors des séances au théâtre! En vendant les patisseries, nous avons gagné de l’argent que nous pourrons utiliser pour financer notre camp en Suède.

Voici ce qui se passera les prochaines semaines – réfléchissez déjà au sujet de notre prochaine entreprise… quoi faire?
12.3. Collecte de vieux papier le matin et réunion l’après-midi de 14-16h au Prënzebierg.
19.3. Réunion de 14-16h au Prënzebierg.
26.3. Pas de réunion. Joyeuses pâques!

Visite de Struthof 1.4.-3.4.
Le susbide de l’ASBL des Anciens Survivants Natzweiler a réduit le prix du WE à 80€. Il restent donc 40€ par personne à payer pour le 14.3. avec la mention “Struthof Reschtbetrag [Nom du CaraPio]”. Notre compte: LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000.
RDV le vendredi 1 avril à 19:00 à Dudelange, parking du Match  (75 Rue du Commerce, 3450 Dudelange). Départ du bus à 19:30. Bous dormirons dans un chalet à Strasbourg. Le samedi nous visiterons le camp de concentration de Struthof. Le dimanche nous participerons à un rally dans Strasbourg. A emporter:  vêtements (vous allez recevoir vôtre t-shirt CaraPio Süden lors du WE), savon etc, médicaments, fiche médicale F09A (lgspeiteng.com/doc), uniforme, foulard, sac à dormir, stylo et papier. Le dimanche nous vous donnerons 5€ par personne pour le déjeuner. La plupart des magasins seront fermés mais vous pouvez emmener quelques euros en plus si voulez manger quelquechose de plus cher…
Notre retour est prévu pour le dimanche 3 avril à 18h à Dudelange.

Notre prochaine activité nationale sera la JoCaPi (Journée CaraPio) le 24 avril. Plus d’informations sur la lettre d’infos suivante.

Pour ceux qui participent au Iron Scout: commencez à chercher des sponsors. Voici la fiche que vous devez imprimer: http://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/IS2016-Sponsors.pdf Les dons seront donnés à “Kiwanis”.

Fir all d’RaRo:  

Den 12.03 hëllefe mir bei der Pabeiersammlung, den 19.03 hun mir vu 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg.

Neies vu der Guilde: 

Sa. 12.März: Pabeiersammlung, r.d.v ass um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos

Son. 13. März: Scoutresistenzdag zu Esch/Uelzecht [Org. LS an der Resistent asbl]10:15h: Gedenkmass an der Grenzer Kierch fir all Affer vum Krich.Duerno: Assemblée générale vun der „A.s.b.l. Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz“ am grousse Wëllefcherssall ënnert der Kierch. Et gëtt och e Patt servéiert.13:00h: Mëttegiessen am Restaurant „Résidence Laval“ (Fréiere Rondpoint bei der Schwemm). Menu à 24.00 €Umellen beim Théo Jacoby , Tel. 55 61 95

Mët. 16. März: Keelenowend Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech

Son. 20. März: Sortie mam Zuch, Départ Péiteng 14:17h, op Schuller, an zu Fouss zeréck op Péiteng.

Fir all d’Chef:

Den 22.03 ass Grupperot um 20°° beim Guy

Fir all CaraPio,RaRo,Chef,Guildememberen a Matarbechter:

Den 12.03 ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Elo schons en decke Merci fir DENG Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top