Scoutsziedel bis den 9. Oktober 2010

Fir all d’Wëllefcher:
Salut, déi zwee nächst Samschdeger den 2. an den 9. Oktober hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg.
Fir all d’ AvEx:
Salut, déi zwee nächst Samschdeger den 2. an den 9. Oktober hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Fir all déi Leit wou mat den CaraPio op de Jamboree ginn: Et ass un der Zäit, fir den zweeten a leschten Acompte ze bezuelen. Iwwerweist w.e.g. 450€ op der Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten BCEE IBAN LU67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: Jamboree 2011 Cara Pio a mat dem Numm vum Kand. De Grupp leet jo 250€ pro Persoun bäi, domadder ass dann alles bezuelt.Jamboree 2011
Fir all CaraPio:
Salut, déi zwee nächst Samschdeger den 2. an den 9. Oktober hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Den 9. Oktober ass Pabeiersammlung. R.d.v. ass wéi gewinnt um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Du weess jo, mir brauchen Deng Hëllef! Fir all déi Leit wou mat den CaraPio op de Jamboree ginn: Et ass un der Zäit, fir den zweeten a leschten Acompte ze bezuelen. Iwwerweist w.e.g. 450€ op der Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten BCEE IBAN LU67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: Jamboree 2011 Cara Pio a mat dem Numm vum Kand. De Grupp leet jo 250€ pro Persoun bäi, domadder ass dann alles bezuelt.
Fir all RaRo:
Salut, déi zwee nächst Samschdeger den 2. an den 9. Oktober hu mir vun 16:00-18:00 Auer Versammlung um Prënzebierg. Den 9. Oktober ass Pabeiersammlung R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Du weess jo, mir brauchen Deng Hëllef!
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
D’Chef hun e Mëttwoch den 29. September um 20:00 Grupperot um Bierg. Den 9. Oktober ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Elo schons een decke Merci fir Deng Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top