Scoutsziedel bis den 11. Juni 2016

Fir all d’Biber:

Hallo léif Biber, also an den zwou nexten Versammlungen begéinen mer Saachen dei mer soss och emmer begéinen wou et eis awer guer net opfällt datt mer se begéinen .. Alles verstaan ? Loosst iech iwerraschen, mir treffen eis den 4. an den 11 Juni wéi ëmmer um Prënzenbierg vun 14:00-16:00 Auer. Mer fréen eis schon J daat gett een Spaass.

Fir all d’Wëllefcher:

Dir léif Wellefcher, nächsten SONNDEN de 5.Juni gin mir wei versprach op den Howald op den Wellefchersrally, dofir as och desen Samschden 4ten Juni keng Versammlung. Um Rally brauch de Waldho eis Hëllef!!!

Well mir d’läscht Joer sou glorreich gewonnen hun, sin d’Erwaardungen un eis MEGA grouss, awer dir macht daat schons J Waat musst dir Sonndes alles mathuelen?!  -Picknick fir de ganzen Dag – Bidon mat Waasser – Kleeder déi dem Wieder ugepasst sinn (Sonnecreme, Kaap, Reejacket,..)- Gudd Schong fir duerch de Besch ze trëppelen Weini treffen mir eis? Moies treffen mir eis schon um 06h45 op der Gare, an den Zuch fiert um 06h52 dofir mussen mir mat Zeiten sin. Zreck sin mir um 18h15 zu Peiteng op der Gare. Am beschten mellt dir Iech och beim Alex (691177773) fir den Rally un. Den 11ten Juni hun mir erem eng Kéier eng klassesch Versammlung vun 14h00 bis 16h00 um Bierg. WICHTEG!!No der Versammlung wollte mir fir iech an är Elteren eng kleng Infoversammlung haalen, wou mir iwert den Camping vun desem Joer schwetzen an e puer Fotoen vun eisen Aktivitéiten weisen. An der Summervakanz gin mir vum 18ten bis den 22ten Juli op den Summercamping, mir wieren frou wann dir all och do gifft matgoen. Dir kennt Iech och dofir schon unmellen. Mir gin dest Joer op den Kuelbecherhaff. Thema vum Camping gett awer nach net verrooden.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx,

Samschdes, den 04.06 an den 11.06 hu mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 Auer.

Fir all d’CaraPio:

Mir gratuléieren zu ärem Effort um Iron Scout: zesumme sidd der 2565km getrëppelt an hudd esou 1300€ un Sponsoring fir Kiwanis gesammelt. An der Moyenne sidd der 55km getrëppelt!

E Samgden de 4. Juni ass normal Versammlung. Bréngt alleguer e Spill vu 5 Minutte mat. Mer wärten eis haptsächlech mat äre Wënsch fir d‘Aktivitéiten um Camp beschäftegen.
Moies ass do och Pabeiersammlung, wéi ëmmer ziele mer op iech!
E Samgden den 11. Juni ass normal Versammlung um Prënzebierg. Uschléissend hu mir eng Eltereversammlung iwwer de Camp a Schweden vu 16-17 Auer um Prënzebierg: do ziele mer iech an ären Elteren Detailer iwwer eise Camp a Schweden déi net op e Scoutsziedel passen a mir äntweren op är Froen.
!! Bréngt eis fir den 11. Juni schonn eng Kopie vun ärer Carte d’Identité oder Pass mat (je nodem woumat der um Flughafen anchecke wëllt), Sécurité Sociale, Impfkaart, an eng ausgefëllte Fiche Médicale F09A (lgspeiteng.lu/doc) mat!!

Bis den 13. Juni brauche mer en zweeten Acompte fir de Camp a Schweden. Iwwerweist d’Sue w.e.g. op eise Konto:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. 200€ Mentioun “Schweden 2 [Numm vum CaraPio]”

Fir all d’RaRo:

Salut RaRo, den 04. Juni ass rem Pabeiersammlung, wie gewinnt, wou all Hellef gebraucht gett.

Den 11. Juni hun mier normal Versammlung vun 16-18h. Brengt fier all Versammlung een Spill mat (pro Persoun).

Fir all d’Carapio, RaRo, Matabechter, Guildememberen an Chef:

Samschdes de 04.Juni ass Pabeiersammlung r.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en decke Merci fir DENG Hëllef!

 

Neies vun der Guilde:

All Informatiounen fannt dir op: www.lgspeiteng.lu/guilde

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top