Programm September - Oktober 2016

Sam. 3.09.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Frei. 9.09.: Gedenkzeremonie [Org. SIP & Gemeng]

beim Amerikaner-Monument op der Millen a bei der Borne du Passeur. Ufank: 18:00h.

Sam. 10.09.: Sortie iwwer de Giele Botter an den Tëtelbierg.

Rendez-vous, variante Sport : zu Rolleng (Lamadelaine) bei der Grond-Millen (rue du Vieux Moulin) um 14:00h.

Klenge Foussmarsch vun 2,5 km bis op den Départ vun der Féierung.

Rendez-vous, variante Confort : um Parking uewen op der Kopp éier et an de Fond-de-Gras erofgeet um 15:00h.

Visite guidée „Geologie vum Minett“ mam H. Charles Storoni.

Dauer: bis 17:30h.

Als Ofschloss Agape am Café „Come back“ vis-à-vis vun der Rodanger Kierch um 19:00h.

Menü: Ham, Fritten an Zalot.

Umeldung bis Mëttwochs 7. September 2016 beim Georges Scherer, Tel: 434649, GSM: 691 434649, Mail: schererg@pt.lu

Sam. 1.10.: Mass um Prënzebierg fir all liewend a verstuerwe Membre vun der Guilde a vum Grupp hl. Franz vun Assisi.

Ufank: 15:30h.

Zelebrant: Abbé Romain Richer

Sam. 8.10.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Méin. 10.10.: Comitéssitzung am Home um 20:00h

Dën. 11.10.: Guildendag [Org. FLGS] zu Hollerech mat Visite vum „Centre de documentation et de recherche sur l’enrôlement forcé“ . Rendez-vous bei der Hollerecher Gare um 10:15h. Duerno gëtt e Mëttegiessen servéiert, wou de Moment d‘Detailer awer nach feelen. Interessente kënne sech elo schonn umelden beim Martine (Tel: 503271; GSM: 621 414 040; Mail: jschlott@pt.lu), se ginn dann informéiert wa mer méi wëssen.

Don.: 20.10.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller. Uspill um 20:00h

Sam. 29.10.: Sortie op Bënzelt (Binsfeld) mat Visite guidée vum „Musée rural“

Rendez-vous: Gare Péiteng, mam Zuch um 9:47h

Gare Lëtzebuerg, mam Zuch um 10:18h

Gare Ëlwen (Troisvierges), mam Bus 685 op Bënzelt, départ 11:31h

Mëttegiessen am Musée rural:

Entrée: Jambon cru avec melon à 6,00 EUR

Plat: La noix de jambon en croûte de pain à 12,00 EUR

durno Visite guidée vum Musée (Dauer ± 1½ Stonn)

Retour: Entweder zu Fouss op Ëlwen oder

Départ Bënzelt, Bus 685, um h:23h all Stonn

Départ Troisvierges, Zuch, um h:36h all Stonn

Départ Lëtzebuerg, Zuch, um h:42h all Stonn

Arrivée Péiteng um h:13h all Stonn

Umeldung bis spéidestens Dënschdes, 18.10.2016 beim Georges Tel: 43 46 49; Handy 691 434 649; Mail schererg@pt.lu

Fir an den Agenda

Pabeiersammlungen: 5.11.; 3.12.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top