Infoziedel fir d'Rentrée

Salut alleguer,

Ech hoffen dir haat eng schéin Vakanz an sidd fit an ausgerout fier déi éischt Aktivitéiten vum Scoutsjoer 2016/2017.

Fir de ganze Grupp:

Dest Joer ass erem de Festival de l’amitié Americo-Luxembourgeoise (firdrun bekannt als Anniversaire vun der Libératioun). D’Gemeng an de Syndicat d‘Initiative organiséiren fill Aktivitéiten fir dest ze feiren. Hei just déi, wou mir als Grupp matmachen.

Freides den 9. September: Offiziell Gedenkfeier

R.d.v um 18:00 Auer an Uniform beim Denkmal vum Zaldot um Square Hyman Josefson an duerno as och eng Zeremonie bei der Borne des Passeurs. Géint 20°° ass e Concert op der Maartplatz. Déi offiziell Participatioun vun de Scouten ass virum Concert eriwwer.

Samschdes den 17. September: Éischt Versammlung fir daat neit Scoutsjoer

D’Biber, d’Wëllef, d’Avex an d’CaraPio hu vu 14°° bis 16°° Versammlung um Prënzebierg. Maacht Reklamm fir d’Scouten an äre Schoulklassen an bréngt roueg all är Frënn mat an d‘Versammlung.
D‘RaRo hu vu 16.15 Auer bis 18.30 Auer Versammlung um Prënzebierg.

Samschdes den 24. September: Installatioun vun der neier Equipe Pastorale:

R.d.v an Uniform um 18:00 Auer virun der Péitenger Kirch. Do wärt eng feierlech Mass sin, mat duerno engem Patt an der Sportshaal Bim Diederich zu Péiteng.

Samschdes den 1. Oktober: Mass fier die lieweg an verstuerwen Memberen vun der Guilde an dem Grupp Hl. Franz vun Assisi

Fir op den Kalenner: d’Guilde organiséiert des Mass fier den ganzen Grupp um Prenzebierg bei der Kapell. Um 15:00 gin Lidder geprouft an um 15:30 Auer fänkt Mass un. Weider Détailer kommen nach no.

Fir d‘CaraPio, d‘RaRo,d‘Matarbechter, d‘Guilde a d’Chef:

Samschdes den 3. September: Pabeiersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Wëll vlaicht nach vil Lait an der Vakanz sin, mee d’Aarbecht awer net manner gett, ass et wichteg dass jidfereen deen irgendwéi kann hellefen, derbei ass. Elo schons en decke Merci.

Samschdes den 24. September: Kleedersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Hai gellt daat nemlecht wie firdrun, all Hellef gett gebraucht. Elo schons en decke Merci.

Fir d’Chef:

Mettwochs den 21.September: Kongress zu Diddeleng

Détailer fannt dir am Contact. Sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed wann dir mat gidd.

Sonndes den 25.September: Chefdaag zu Diddeleng

Détailer fannt dir am Contact. Sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed wann dir mat gidd an fier d’Iessen ze bestellen.

Meindes den 26.September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° beim Guy doheem.

Guilde

Bei der Rubrique „Guilde“ fannt dir d’Aktivitéiten vun eiser eelster Branche, des därfte fir un allem är Elteren intresséiren, bei den Treppeltier kënnt dir och gär als Famill matgoen.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top