Infoziedel bis den 15 Oktober 2016

Fir iech alleguer:

Samschdes den 1. Oktober: Scouts-Mass um Prenzebierg fier d’Fest vum Hl. Franz vun Assisi

Dier alleguerten, äer Elteren, Geschwester, Bomien,… sidd härzlech invitéiert op den Prenzebierg bei d’Kapell ze kommen an mat eis des Scouts-Mass ze feieren.

Um 15:00 Auer gin d’Lidder zesummen ageprouft. D‘Mass fänkt dann um 15:30 Auer un. Duerno gett et nach eppes Klenges z’iessen an ze drenken

Sonndes den 9. Oktober: Journée de la commémoration nationale

Mier gesin eis an Uniform um 9:45 Auer op der Gemengeplaaz (place J.F.Kennedy) fier eis am Cortège opzestellen. No der Zérémonie am Park bei dem Monument aux morts ass dann eng feierlech Mass. Daat Ganzt as géint 11:30 Auer eriwer.

Samschdes an Sonndes den 29 an 30 Oktober : Gruppe-Montéésweekend um Naihaischen

Bei der Montée wiesselen die eelsten Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche driwer. Dëst as eng wichteg Etapp am Lierwen vun all Scout/Guide an duerfir mecht den ganzen Grupp en Weekend fier daat ze feieren.

Wichteg: Wëll et net mei laang bis dohinner as, an mier fier d’Organisatioun wessen mussen wéivil Lait matgin, brauchen mer d‘Umeldungen sou schnell wie méiglech! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) no 18:00 Auer un (och Chef an RaRo). Den Weekend kascht 20€ fier daat 1. Kand aus der Famill daat an den Scouten as, an 15 € fier all weider Geschwester. Ӓrt Kand as nemmen definitiv ugemellt wann déi Suen iwerwisen sin! D’Iwerweisungen kennt der bis den 10 Oktober op eisen Kont man:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

20 oder 15€

Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou Kand grad dran as]”

Mier bieden ierch fier all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwerweisen wëll soss gett et en groussen Chaos. Wéider Détailer kommen och nach am nexten Infobreif.

Fir all d’Biber:

Salut dir léif Biber, wéi der wësst huet den Planton eis d’Waaser net mei zereck ginn, an dofir mussen mir Bikini Bottom verloosen . Mee fier dei nächst drei Versammlungen den 1., 8. an den 15. Oktober, déi wie gewinnt um Prënzebierg stattfannen, gett aer Hëllef gebraucht fir een aneren Problem ze léisen! Denkt drun daat déi Versammlung vum 1. Oktober e bëssen mei laang dauert, wëll do eis Scouts-Mass as. Déi Versammlungen vum 8. an 15. Oktober sin ërem wéi gewinnt vun 14:00 bis 16:00 Auer. Kukt och bei „ Fier iech alleguer“.

Fir all d’Wëllefcher:

Endlech geet et erem lass mat den Versammlungen an et gett elo och schon rem vill ze din. Während der Summervakanz ass vill geschitt, an elo waarden d’Hexe Lili an d’Pipi Langstrumpf schon sehnlechst op eis Hellef. Déi Versammlung vum 1. Oktober fänkt wéi gewinnt um 14:00 Auer un, mee wärt e bëssen mei laang daueren, wëll do eis Scouts-Mass as, déi aaner 2 Versammlungen vum 8. an 15. Oktober sin dann ërem vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prenzebierg. Brengt allkeiers eppes ze drenken mat, wëll et wärt warm an aktiv gin.

Kukt och bei „ Fier iech alleguer“. Fotoen vun eisen Versammlungen fannt dir op https://www.icloud.com/sharedalbum/#B0VG4TcsmcEWu9

Fir all d’ AvEx:

Den 1.10 hunn mer Versammlung vun 14:00-15:00h an duerno Mass. Mir wärten do zesummen kucken waat mer bis d’Montée nach vun Aktivitéiten machen kennen. Den 8.10 an den 15.10 hunn mer dann allkeiers Versammlung vun 14:00-16:00h. Kukt och bei „ Fier iech alleguer“ do sin e puer wichteg Informatiounen.

Fir all d’CaraPio:

D‘Renée huet eis Leemkreatioune matgeholl a mir kréien se zereck wa se fäerdeg am Uewe gebrannt gi sinn. E Samgden den 1. Oktober treffe mer eis um 14:00h um Prënzebierg fir d‘Franz vun Assisi Fest mat vir ze bereeden. E Samgden den 8. Oktober hëllefe mir moies bei der Pabeiersammlung. Nomëttes ass normal Versammlung vu 14:00-16:00. Daat nëmlecht gëllt fier den Samdgen 15 Oktober, do as och normal Versammlung. Mir bleiwe weider beim Thema Mëttelalter a versichen eis um Schnëtzen.

Kuckt och bei „ Fier iech alleguer“.

Fir all d’RaRo: 

Denkt drun den 1.Oktober ass Deadline fier sech fier d’Raro-an Albatrossen Montée an den Mamerleen unzemellen! Wëll Mëttes déi Mass vun Hl. Franz vun Assisi as, hun mer keng Versammlung duerno.

Den 8.Oktober ass Papeiersammlung; Rdv. wéi gewinnt um 8:30 op der Lengerstross.

Den 15 an den 16 Oktober as dann eise Montées-Weekend. Rdv as um 16:30 Auer um Bierg. Mellt iech w.e.g. um 621197160 un! Dier sollt alles matbrengen waat een fier en Weekend brauch (also fier dobaussen ze trepplen, ze schloofen an z’iessen).  JO! Jiddereen ass Selbstversorger! Kukt och bei „Fier iech alleguer“ an mellt iech fier den Montéesweekend un well do gin emmer Lait gebraucht fier matzehëllefen.

Fier all déi RaRo déi dëst Joer mat op eng Odyssée waren: de Grupp leet eng kleng finanziel Hëllëf bai. Mellt iech beim Guy (691 435 358) mat ärem Numm an dem Prais, deen der hutt missen bezuelen.

Fir all d’Carapio,Matarbechter, RaRo, Chef a Guildememberen

Den 8. Oktober as Pabeiersammlung. Um 8h30 as Rdv op der Lengerstross. Geff dengem Härz e Stouss a paack eng oder zwou Hänn mat un MERCI

Fir all d’Chef: 

Den nächsten Grupperot as Méindes den 17 Oktober um 20°° am Chalet.

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top