Infoziedel Montée 2016

Fir all Biberen, Wellefcher, Avex, CaraPio, RaRo an Chef :

Montées W.E um Neihaischen den 29-30 Oktober

D’Montée an den Scouten as fir all Scout eng grouss Sach, well do wiesselen déi mi aal Kanner aus all Branche an di Branche driwer. Fier eisen eeleren Mat-Scouten Ӓddi ze soen, an di nai Frënn würdeg wellkomm ze heeschen machen mer zesummen am Grupp en Weekend um Neihaischen.

Ufank vum W.E: Opgepasst et gin zwou verschidden Auerzeiten!:

1)     Fir d‘AvEx déi d‘Montée am d’CaraPio machen a fir d’CaraPio:

Samgdes, de 29. Oktober um 9:00 um Prenzebierg. Ditt är Uniform an äre Foulard un. Dir braucht näischt fir d‘Mettegiesse mat ze brengen, mee pakt är Gamelle an. Denkt och drun en Zuchticket/Jumboskaart matzehuelen.

2)     Fier alleguer déi aaner Branchen (Biber, Wellef, Avex):

Samgdes, den 29. Oktober um 15:00 um Neihaischen (1,rue Principale, L-5290, Chalet Nicolas Rollinger). Mier bieden d’Elteren fier Iech dohin ze féieren; dëst geet am beschten an Fahrgemeinschaften, well d’Parkplatzen um Neihaischen sin begrenzt. Didd all är Uniform+Foulard un.

Mathuelen: Täscheluucht, Täschemesser, Wäschsaachen, Pyjama, frësch Ennerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sin an eppes géint de Reen daachen), Schlofsack, déck Schung, Schlappen, déi ausgefëllten Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale op: www.lgspeiteng.lu/doc ) a perséinlech Médikamenter. Verpackt alles an engem Rucksack. Dir braucht neischt fir z’iesse matzebrengen.

Schluss: D’Elteren kennen hier Kanner (och d’CaraPio!) nees Sonndes um 16:00 Auer op Neihaischen sichen kommen.

Ukennegung: d‘Albatrossen gin op gemaach!

Mir machen eng nai Branche op. D’Albatrossen sin fier Jonker vun 23 Joer un. Interesséierter kennen sech beim Responsablen, dem Gilles Michels (621 688 422) mellen. Hieren Programm wärt demnächst dann och op den Infoziedel stoen kommen.

Fir all d’Biber:

Desen Samsden den 22. Oktober as fir déi „ ausgewuessen“ Biber die lescht Versammlung. Mier treffen eis wei gewinnt vun 14:00 bis 16:00h um Prenzebierg. Liest onbedingt och den Ufank vum Ziedel fier den Montées-W.E. Den 5. November ass keng Versammlung well do as Vakanz.

Fir all d’Wëllefcher:

Desen Samschden den 22. Oktober as den Oofschluss vun eisem Märchenkomet, en plus ass et die lescht Versammlung virun der Montée mat eisen aalen Wellefcher, dofir organiséiren mir een grousst Iessen. Mir hun Versammlung vun 11h00 bis 14h00  um Prenzebierg. Dir sollt iech dofir och verkleeden, ärer Kreativiteit sin dobei keng Grenzen gesetzt soulaang et eppes mat Märecher ze din huet.

Wann dir d’Montée mat, wär et och gutt ärt Pistenbichelchen matzebrengen, falls dir nach op den leschten Drecker e puer Aufgaben doraus wellt leisen. Dir musst iech fir des Versammlung awer am viraus beim Alex (691 177 773) unmellen.

Den 29. an 30. Oktober as dann Monteesweekend.

Den 5. November ass keng Versammlung well do as Vakanz.

Fir all d’ AvEx:

Den 22. Oktober ass normal Versammlung vun 14-16h um Prenzebierg. Lies och den Ufank vum Ziedel do steet alles iwert den W.E.

Opgepasst : dei Avex die d’Montée an Carapio man, hun eng aaner Zait fier den Départ! Den 5. November ass keng Versammlung.

Fir all d’CaraPio:

De Samgden 22. Oktober ass normal vun 14-16 Auer Versammlung um Prenzebierg. Denkt drunn iech en NEIT Spill ze iwwerleen wat mer teste kennen, an ditt iech u fir dobaussen ze sinn.

Den 29-30 Oktober as Montees-weekend, kukt do uewen um Ziedel.

De Samgden 5. November ass moies Pabeiersammlung. Mettes ass keng Versammlung.

Fir all d’RaRo: 

Den 22. Oktober ass normal Versammlung um Prenzebierg. Gitt och mat op de Montées W.E. do packen mir eng Hand mat un.

Den 5. November ass keng Versammlung mee Papeiersammlung; Rdv. um 8:30h op der Lengerstroos.

Fir all d’Carapio, d’Chef, d’Matarbecher an d‘Guildememberen:  

De 5.11. ass Pabeiersammlung r.d.v wéi emmer um 8.30 h op der Lengerstrooss. Elo schons een decke MERCI fir all Hëllef!!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top