Infoziedel Bazar 2016

Fir Iech alleguer :

1)     Niklosmaart

Wéi all Joer hu mir e Stand um Niklosmaart. Mir sin den 2, 3 an den 4 Dezember op der Maartplaz fir flott Arrangementer ze verkafen. Mir freeën eis op äre Besuch!

Opgepasst: um Maart selwer wäerten mer dëst Joer keng Adventskränz verkafen, duerfir  bestellt e Kranz per Telefon beim Claire Zwick (691309108).

2)     Rappel : Cotisatiounen

Et ass nees un der Zäit fir de Joresbäitrag ze bezuelen. Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass äert Kand verséchert a kritt e puer mol am Joer eng Zäitschrëft geschéckt. Iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir dat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. P.S. D’Mataarbechter a Chef brauchen keen Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mécht dat fir si als kleng Unerkennung fir hir Aarbecht.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU67 0019 6803 7218 2000
mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

3)     Umeldungen an Informatiounsversammlung fir de GoUrban

Wéi schonn am leschten Breif ugekënnegt fënnt dëst Joer en groussen internationalen Camp um Kierchbierg an der Stad statt, den GoUrban. All Branche aus eisem Grupp wärt do matmaachen, duerfir geet et lo drëms äert Kand unzemellen. Denkt drun d’Umeldungen an den éischten Acompte si scho bis den 1 Januar ze maachen. Also verpasst den GoUrban net an mellt Iech bei den Branchenresponsablen un!
Fir all Elteren déi nach Froen hunn, organiséieren mer den Samschden 10. Dezember um 16:15h eng Informatiounsversammlung um Prënzebierg.

Fir d’Biber :

Moien dier leif Biberturtles, déi nächst zwou Versammlungen den Samsden 26. November an den 10. Dezember treffen mer eis nees wéi gewinnt um 14h-16h um Prenzebierg fier do wieder ze machen wou mer opgehaalen hun an Welt ze retten! Den 3 Dezember as keng Versammlung well mer do um Nikloosmaart sin. Wann dier deen een oder aaneren Kolleg kennt deen interesseiert as fier mat an Biber ze kommen, dann zeckt net an brengt en roueg mat! J

Fir d’Wëllef :

Dir léif Wellef, den 26. November ass eng klassesch Versammlung vun 14h00 bis 16h00 zu Péiteng um Bierg. Den 03. Dezember ass leider keng Versammlung well do ass Nikloosmaart. Dir sidd awer alleguerten invitéiert do laanscht ze kommen.

Fir d’Avex :

Samschdes, den 26.11, hun mer Versammlung vun 14:00-16:00 um Prenzebierg, mir maan do eis eegen Foularden färdeg. Den 3.12 hunn mer keng Versammlung, well do den Niklosmaart zu Peiteng ass, hoffentlech begéinen mer ierch do. Samschdes, den 10.12, hunn mer dann rem Versammlung vun 14:00-16:00, wou mer wieder machen mat der Expeditioun “Selwer maan”.

Fir d’CaraPio :

De 26 November an den 10. Dezember ass Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir schaffe weider un eisem Theaterstéck an der neier Entreprise “Film”. Dertëschent, de Weekend vum 3. an 4. Dezember, hëllefe mir bei der Pabeiersammlung a beim Niklosmaart, kuckt dofir bei “Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter”.

Fir d’ RaRo :  

Den 26.11. ass keng Versammlung  well do ab 16h d‘Odysee Bilan Night ass. Den Weekend vum 2.-4. Dezember hellefen mier op der Pabeiersammlung an um Niklosmaart. Kuckt och bei “Fier d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter”.

Fir d’Albatrossen:

Den Freiden 25. November treffen mir eis um 19.00 Auer um Bierg fir eis éicht Versammlung. Bréngt vill Ideen a Projeten mat, déi mir am Laf vum Joer evt. realiséieren kéinten. Haalt iech unbedingt den 3. an den 4. Dezember frai well do as den Nikloosbazar, wou mir wéi all Joers mat vun der Parti sinn. Kuckt och bei “Fier d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter”.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Fir äis Adventskränz-Aktioun schaffe mer an der Woch vum 21 November vu Méindes bis Donneschdes all Owend vun 19°° un um Bierg. Um Niklosmaart selwer, den Freiden 2.12 bis den Sonnden 4.12. brauche mir och deng Hëllef fir op-an ofzerichten an fir ze verkafen. Den Freiden 2 Dezember ass duerfir Rdv. um 17h (fir déi di sou frei kënnen, di aner sollen um 18h op Maartplaz kommen) beim Chalet fir opzeriichten. Den Samschden 3. Dezember ass Pabeiersammlung, R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss, dier wësst et gëtt all Hëllef gebraucht.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top