Infoziedel Friddensliicht 2016

Fir Iech alleguer :

1)      Friddensliicht

Samschdes den 17. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekress oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen. No der Mass, déi um 17.30 Auer ugeet, verdeelen mir d’Friddensliicht. Fir all eis Memberen: R.d.v um 17.30 Auer an Uniform firun der Kiirch. D’Elteren, Bridder a Schwësteren, Frënn a Bekannten … sin häerzlech wëllkomm!

Dëst ass den leschten Ziedel fir dëst Joer, duerfir profitéieren ech vun der Geleeënheet, fir jidderengem fir seng Mathëllef a säin Engagement uechtert d’Joer en groussen MERCI ze soen.

D’Cheféquipe wënscht Iech an Ärer Famill schéin Krëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2017.

2)     Rappel Cotisatiounen an Umeldung GoUrban

E puer Leit hunn d’Cotisatioun nach net bezuelt. Macht dat w.e.g elo, well et muss een d’Cotisatioun bezuele fir kenne Member bei eis ze sinn! Iweerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir daat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto:

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi,
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

Och fier den GoUrban sinn d’Umeldungen an den 1. Accompte bis den 1. Januar scho fälleg. Also mellt iech beim Branchenresponsablen un an kommt op eis Informatiounsversammlung den Samschden 10. Dezember um 16:30h um Prënzebierg fir méi gewuer ze ginn.

Fir d’Biber :

Den Samschden 10. Dezember hu mir wie gewinnt Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Duerno ass eng Eltereversammlung fir de GoUrban vir ze stellen, kuckt bei „ Fier Iech alleguer“. Den Samschden 17. Dezember hu mer eis Chrëschtfeier wou mer di läscht Versammlung vum Joer feieren wäerten. Bréngt w.e.g. eng Klengegkeet mat, well mer wäerten wichtelen. De Kaddo kann selwer gemaach sinn oder awer och kaf sinn, mee däerf net méi wéi 5 Euro kaschten. Dës Versammlung dauert méi laang, nämlech vun 14h bis 17h! Duerno si keng Versammlungen méi bis no der Chrëschtvakanz.

Fir d’Wëllef :

Den 10. Dezember geet et bei eis em den Kleeschen, hien huet eis een Bréif geschriwwen an et gesäit esou aus wei wann hien an Schwieregkeeten stécht. An bei esou enger delikater Affaire wëllen mir näischt  riskéieren. Mir brauchen déi beschten Wëllef fir eis weider ze hëllefen. Bréngt fir des Versammlung  ausserdeem een Kaddo, (deen net méi wei 5€  kaschten soll, an am beschten selwer gemaach ass) an eng Chrëschtbull fir op den Beemchen mat. D‘Versammlung ass wei gewinnt vun 14h00 bis 16h00 um Prënzebierg. Duerno ass dann eng Eltereversammlung, kuckt bei „Fir Iech alleguer“. Den 17. Dezember ass eis lescht Versammlung fir dëst Joer, dofir ginn mir zesummen op d’ Äispist  an d‘Kockelscheier. Bréngt dofir 5€ mat. Mir treffen eis um 14h00 ënnen um “Parking” bei der Ecosider beim Prënzebierg an fueren vun do aus zesummen fort. Mir wäerten fir  17h00 erëm  zréck sinn. Fir des Aktivitéit muss dir iech awer beim Alex (691 177 773) umellen.

Fir d’Avex :

Den Samschden, den 10. Dezember hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00 Auer. Dono ass um 16:15h eng Eltereversammlung fir de Camp, et wier flott wann all d’Elteren kennen kommen. Den Samschden, de 17. Dezember hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 Auer. Freides, den 23. Dezember hunn mer déi traditionell Krëschtdags-Versammlung vun den AvEx. Well mer eis selwer e Menü kachen, ass déi Versammlung vun 17:00-20:00. Fir dass d’Chef wëssen, wéi vill Iessen se kafe mussen, wier et flott, wann jiddereen sech bis den 17.12 beim Fredi, um 621 472 510 per SMS umellt.

Fir d’Carapio :

Den Samschden 10. Dezember ass RDV um 9:00 an der Kierch fir d’Krëppchen op ze riichten. Nomëttes (14:00-16:00) filme mer weider um Prënzebierg. Duerno ass eng Eltereversammlung, kuckt bei „ Fir Iech alleguer“. Den 17. Dezember ass eis lescht Versammlung fir dëst Joer, och erëm vu 14:00-16:00h um Prënzebierg.

Fir d’RaRo :

Leif RaRo, den 10. Dezember hu mir keng Versammlung wéinst der GoUrban-Eltereversammlung. Mee den 17. Dezember ass vun 16:15-18:15h  eis läscht Versammlung fir 2016. Bréngt är Kreativitéit, wat Spiller an Ideeë betrefft, mat, well mir kucken dann e bëssi an Zukunft. Kuckt och bei „ Fir Iech alleguer“.

Fir d’Albatrossen:

Leif Albatrossen, den Freiden 9. Dezember hu mer eng Versammlung vun 19h un um Prënzebierg. Kuvkt och bei „ Fir iech alleguer“ an hëlleft mat beim Friddensliicht-verdeelen.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter

Déi éischt Papeiersammlung am neie Joer ass de 7. Januar. R.d.v um 8:30h zu Péiteng op der Léngerstrooss, elo schonns en décke Merci fir är Hëllef. Kuckt och bei „ Fir Iech alleguer“.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top