Infoziedel fier den Juli 2017

Fir Iech alleguer :

Glaich as et esou wait, no 5 Joer Planung vum Verband fennt den groussen internationalen Camping GoUrban um Kierchbierg statt! Wëll desen Camping mei grouss as ewéi mer daat soss gewinnt sin, kommen do nach vil Informatiounen fier Iech no. Dess Détailer vum Camping wäerten also am nächsten Infobreif kommen, deen dann exklusif dem GoUrban gewidmet gëtt.

Fir d’Biber :

Léiw Biber, glaich as et esou wait den GoUrban steet schon virun der Dier. Mee virdrun hun mer nach den 1. Juli an den 8. Juli allkéiers Versammlung vun 1400 bis 1600 Auer um Prënzebierg.

Fier d’Wellef :

Léiw Wellefcher, mir hun nach e puer Versammlungen virun der grousser Vakanz an dem Camping! J Kommt also den 1. Juli an den 8. Juli allkéiers vun 1400 bis 1600 Auer op den Prënzebierg. 

Fier d’Avex :

Léiw Avex mir hun den 1. Juli an och den 8. Juli Versammlung vun 1400 bis 1600 um Prënzebierg. Do wärten mer eis nach weider op den groussen GoUrban Camp virbereeden, wéi zum Beispiel eis cool Pizza-Breifboîte färdeg man.

Fier d’Carapio :

Mir hun den 1. Juli an den 8. Juli normal Versammlung vun 1400 bis 1600 um Prënzebierg. Den 8. Juli as Pabeiersammlung kukt do w.e.g. bei „ Fir Carapio, RaRo,…“

Fier d’RaRo : 

Saluti, RaRo mir hun nach eng lescht Versammlung virun der Summervakanz, si as den 1. Juli wéi gewinnt vun 1600 bis 1800 um Prënzebierg. Den 8. Juli as Pabeiersammlung kukt do w.e.g. bei „Fir Carapio, RaRo,…“

Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Matarbechter, a Chef:

Samschdes de 8. Juli: Pabeiersammlung. R.d.v. wéi gewint um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Wëll do vil Leit schon bei de Préparatiounen vum GoUrban hellefen , ass et extra wichteg dass jidferee wou kann, och do ass. MERCI!

Samschdes de 05 August: Pabeiersammlung. R.d.v. wéi gewint um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sin ass et extra wichteg dass jidferee wou kann och do ass. MERCI!

Samschdes de 09 September: Pabeiersammlung. R.d.v. wéi gewint um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sin ass et extra wichteg dass jidferee wou kann och do ass. MERCI!

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top