Infoziedel Enn Januar 2018

Fir Iech alleguer :  2 wichteg Datumer fir op de Kalenner

Buergbrennen:

Eist traditionellt Buergbrenne fënnt de Samschden 17. Februar um Prënzebierg statt. De Fakelzuch geet um 18:30h ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaangen. Detailer kommen am nächste Bréif no.

Theater:

De 2. an de 3. Mäerz spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Riddo ass um 19:30h. Am Ufank spillt all Branche e kuerzt Steck, duerno spille Chef a Mataarbechter e lëschtegen dräi-Akter vum Jennifer Hülser: Mord aus Versinn (lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Roby Zenner). De Preis ass 10 € fir Erwuessener a 5 € fir d’Kanner. Detailer zur Reservatioun kommen am nächsten Bréif no.

Fir d’Biber :

Eis nächst 2 Versammlunge sinn de Samschden 20 Januar an de Samschden 27 Januar allkéiers vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prënzebierg. Kuckt och bei „ Fir Iech alleguer“ an haalt Iech déi 2 Datumer fräi.

Fir d’Wëllef :

Mir hunn dëse Samschden den 20. Januar eng flott Sortie geplangt: mir ginn nämlech an d’ Kockelscheier Schlittschong fueren! Dofir musst dir iech beim Alex (691 177 773) umellen. Mir treffen eis um 14:00 op der Gare zu Péiteng, vun do huele mer den Zuch fir an d’Stad. Opgepasst d’Versammlung dauert méi laang, mir sinn erreicht fir 17:45 Auer erëm zereck op der Gare. Vergiesst net eppes Waarmes unzedoen an huelt och deck Strëmp an Händsche mat. Wann der selwer Schlittschong hutt, kennt der ze och matbréngen. Ausserdeem sollt der 10€ Täschegeld matbréngen.

De Samschden 27. Januar ass erëm wei gewinnt eng klassesch Versammlung vu 14h00 bis 16h00 Auer um Prënzenbierg. Kuckt och bei „ Fir Iech alleguer“ a sot eis w.e.g. an der nächster Versammlung Bescheed op der kennt beim Theater matspillen.

Fir d’Avex :

Salut AvEx, Samschdes den 20.01 an de 27.01 hunn mer normal Versammlung vu 14:00-16:00 Auer um Prënzenbierg. Mir schaffe wéider um Theater, bréngt also puer Iddie mat an denkt drun är Elteren ze froen ob der matspille kennt.

Samschdes de 24.02 maache mir um nationalen AvEx-Nuetsrallye mat. Dier sollt Iech awer elo schonn bis den 19.01 beim Claire Zwick per SMS um 691 309 108 umellen. Weider Infoe kommen no.

Fir d’Carapio :

Den 20. a de 27. Januar hu mer allkéiers eng normal Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg, wou mer eis dann weider kreativ un eisem Theaterstéck ausloossen.

Denkt och drun Iech fir de nationalen JoCaPi Rally zu Niederanven (Sonndes de 25. Mäerz 2018) bis den 22. Januar unzemellen. Macht dat mat engem Virement, wieder Detailer kommen no.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

15€, Vermierk: JoCaPi + Numm vum CaraPio

Fir d’RaRo : 

De Samschden 20. Januar organiséiere mir fir di zweete Kéier eist RaRo-Wantergrillen. Direkt no de Versammlunge vun den anere Branchen um 16:00 Auer preparéiere mer d‘ „Location“. De Samschden drop den 27 Januar hu mer erëm normal Versammlung vu 16:15-18:15 Auer um Prënzebierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top