Lëtzebuerger Fändel

Infoziedel Nationalfeierdag 2018

Fir Iech alleguer :

1)Nationalfeierdag:

E Samschden den 23. Juni ass Nationalfeierdag. D’Gemeng vu Péiteng huet e grousse Programm fir dëst ze feieren. Wéi all Joer huelen mir och un de Feierlechkeeten deel.

Mir treffen eis Samschdes den 23. Juni an Uniform (wien eng huet) um 10:00 Auer zu Péiteng bei der Gemeng (Place J.F.Kennedy), vun do gi mir mam Cortège an den Te Deum ginn. Den offiziellen Deel ass géint 11:15 Auer eriwwer. Nomëttes organiséiere mir da vu 14°°-18°° Spiller am Péitenger Park. All eis Memberen sinn natierlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen a matzespillen. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu

Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Matarbechter, a Chef:  

Déi Leit déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis den 23  Juni um 10°° bei der Parkschoul. P.S Mir brauchen nach fill Leit…..

2)Ӓr Meenung ass gefrot:

Denkt drun: eis kleng Ëmfro mat Gewënnchance fir en Bong vu 50€ aus dem Decathlon ass nëmmen nach op bis de 15 Juni 23:59h. Also maacht Iech bäi!

3)Virtrag :

Vun Nord bis Süd – E Fotovirtrag vum Olivier Kerschen

Mir invitéieren eis Memberen op de Virtrag “Vun Nord bis Süd”, de Samschden 30. Juni um 16 Auer zu Péiteng: Den Oli Kerschen gouf fir e Joer zum Weltebummler. Mat just sengem Wanderruksak a Fotoapparat huet hien d’Welt op eege Fauscht duerchreest. Wéi campéiert ee wa Grizzlybieren am Bësch liewen? Wat mécht een op engem Vulkan wann ee keen Drénkwaasser méi huet? Mat fantastesche Geschichten an eenzegaartege Biller ass den Abenteurer nees zu Lëtzebuerg a steet eis Ried an Äntwert.

Et ass am Beschten dir mellt Iech elo scho beim Claire (621 68 39 99) un fir eis d’Organisatioun ze erliichteren. Kuckt och de Flyer am Unhang.

Fir d’Biber :

Léif Biber no eiser grousser Weltrees maache mir eng Rees an eng aner Welt… „ Et war ee mol…“ wann dir méi wëllt wëssen, da kommt de 16 Juni vu 14h bis 16h op de Prënzebierg. De Samschden 23 Juni ass keng Versammlung wéinst dem Nationalfeierdag, kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“. Eise Camp ass vum 20.07 bis den 23.07 zu Roeser. Méi Infoe kommen no.

Fir d’Wëllef :

Dëst Scoutsjoer as schon baal eriwer an et geet gläich op den Summercamping. #India.

De Camping as dëst Joer zu Iechternach vum 23.07 bis den 28.07. Dir kennt Iech elo schon beim Alex  (691 177 773) unmellen.

Fir dass iech den baal-Schluss net all ze schwéier fällt, hunn mir fir dësen Samschden , den 16. Juni na engkeier eppes méi Extraes geplangt. Mir treffen eis dofir schon um 13h00 zu Péiteng op der Gare. An sinn fir 18h00 erëm zréck. Dir braucht 15€ Entreesgeld an 10€ Täschegeld. Ditt iech dem Wierder entspriechend un. Ausserdem musst iech weinst dem Transport beim Alex  (691 177 773) unmellen.  Aaaah jooo… an wou geet et hin? Mir fueren an den Walygator! J Wëll mir iwert d’Grenz fueren braucht dir eng autorisation parentale vun der Gemeng (Datum: 16. Juni Address: Walygator Parc,Voie Romaine, 57280, Maizières-Lès-Metz, France, Responsabelen: Alex Lutgen) an musst äer carte d’identité mathuelen.

Den Samschden 23 Juni as keng Versammlung weinst dem Nationalfeierdaach, kukt dofir bei „Fier Iech alleguer“.

Fir d’Avex :

Samschdes de 16.06 maache mer e klengen Treppeltuer vu Péiteng op Rodange fir Kaart a Kompass ze üben. Rdv ass um 13:00 bei eisem Chalet um Prënzebierg. Schluss ass um 16:30 zu Rodange beim Scoutschalet (60, rue de la Minière / L-4839 Rodange). Matzehuelen ass: e Bidon Waasser, Reejacket (falls et reent) a 5€ Täschegeld, well d’Rodanger Guiden a Scouten hunn Chalets-Fest. Den 23.06 ass keng Versammlung, liest do bei „fir iech alleguer“. Zum Camp: et hunn sech nach net vill Avex bis lo ugemellt, maacht dat w.e.g bis den 19.06 beim Fredi per SMS um 621 472 510.

Fir d’Carapio :

 Et ass nach e gudde Mount bis eise Camp, dofir hei e puer Tips, a Saachen déi mer an der nächster Versammlung vun iech brauchen. Material: Wann der nach keng fest Wanderschung hudd, oder ganz neier, gëtt et Zäit déi an ze trëppelen. Mir schlofen a klengen Zelter zu 2-3 Leit. Wann der esou en Zelt hudd bréngt et mat an di nächst Versammlung fir dass mer et kontrolléiere kënnen. Dir musst keen Zelt

kafen, mä wann der wëllt eent kafe fir och no dem Camp ze hunn kënnt der är Chef em Rot froen.

Administratives: Frot eng Autorisation Parentale u fir dass der mat eis an d’Ausland reese kënnt. Zu Péiteng kritt der déi beim Biergeramt. (Infos:http://www.petange.lu/fr/Pages/Autorisation%20parentale.aspx) Dir musst dës Donnéen uginn: Datum: 17.-26. Juli. Address: Old Town Hostel Alur, Lai 20, Kesklinn, Tallinn, 10113, Estonia. Responsabelen: Gilles Glod. Frot ären Dokter ob all är Impfungen aktuell sinn an huelt dat wann néideg no. Fëllt d’Fiche Médicale aus (lgspeiteng.lu/doc). Druckt se w.e.g. recto-verso aus, well är Chef mussen déi Dokumenter de ganze Camp bei sech droen. Maacht och och eng recto-verso Kopie vun ärer Impfkaart an Carte d’identité oder Pass, je nodeem woumat der reesst. Wat der manner Pabeier dofir braucht, wat besser. Kreatives: fir eist Campbuch an eise Programm bréngt dat hei an déi nächst Versammlung mat: Lidder denen hir Texter sollen an d’Campbuch fir beim Wanderen ze sangen, Spiller déi mer während dem Camp ouni Material kënne spillen, Rätsel fir äre Kollegen eng Erausfuerderung ze bidden.

De 16. Juni ass normal Versammlung. Kuckt hei driwwer fir ze gesi wat der sollt mat bréngen. Mir wëllen och eist Material agravéieren fir et ze personaliséieren, z.B. Metalle Gamelle, Besteck,… also bréngt och dat mat. Donieft wëlle mer en egene Foulardsrank maachen. Direkt am Uschloss vu 16:00 bis 17:00 invitéiere mer är Elteren op de Prënzebierg fir eng Informatiounsversammlung iwwer de Camp an Estland.

 Den 23. Juni hëllefe mer bei de Scoutsaktivitéite vum Nationalfeierdag: kuckt bei “fir Iech alleguer ”.

Den 29. Juni ass et Zäit fir de leschte Virement: 100€, Mentioun “Estland 4 [Numm vum CaraPio]” Eise Konto ass: LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Fir d’RaRo : 

All RaRo an Albatrossen déi um Camping an Italien deelhuelen, treffen sech de 16. Juni um 16:30h um Bierg fir di lescht Details ze klären. De Samschden drop, den 23 Juni hëllefe mer d’Spiller am Park opriichten an animéieren, kuckt dofir bei „ Fir Iech alleguer“.

 Fir d’Chef: Dënschdes, den 12 Juni ass Grupperot um 20 Auer am Avexsall.  

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top