Infoziedel Buergbrennen 2019

Fir Iech alleguer :

Invitatioun fir d’Buergbrennen:

Mir invitéieren Iech alleguer mat äre Famillen, Frënn, Noperen, Bomie …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.

Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 9 Mäerz. De Fakelzuch geet um 18:30 Auer ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaangen. Jidderee wou beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

Fir d’Biber :

De Samschden 9 Mäerz hunn mer Buergbrennen (kuckt bei „Fir Iech alleguer“), mir si vun 15°° un um Bierg, a bleiwen do bis d’Buerg brennt. De Samschde 16ten Mäerz hunn mir normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg.

Fir d’Wëllef :

Merci fir ären Asaz beim Theater, ouni Iech wär et nëmmen hallef esou flott gewiescht J  De Samschden 9 Mäerz hunn mer Buergbrennen; mir si vun 15°° un um Bierg, a bleiwen do bis d’Buerg brennt.  De Samschden drop de 16ten Mäerz hunn mer erëm normal Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg.

Fir d’Avex :

Den 9 Mäerz ass Buergbrennen, do gesi mer eis um 15°°  um Bierg, a mir bleiwen do bis d’Buerg brennt. Samschdes de 16. Mäerz hu mer normal Versammlung vun 14:00-16:00.

Fir op de Kalenner: Mir hunn e Weekend vum 26.04-28.04. Eise Camp ass dëst Joer vum 20.-30. Juli.  

Fir d’Carapio :

De Samschden den 9 Mäerz ass Buergbrennen. Kuckt do bei Fir d’CaraPio, RaRo,…“ a kommt hëllefen eis Buerg opzeriichten. Di Woch drop , den 16ten Mäerz ass moies Pabeiersammlung a mëttes hunn mer normal Versammlung vu 14-16h, bréngt do w.e.g. Pläng mat fir eist Hochbeet ze baue fir dat mer ufänke kennen.  

Fir d’RaRo : 

De Samschden den 9 Mäerz ass Buergbrennen. Kuckt do bei Fir d’CaraPio, RaRo,…“ a kommt hëllefen eis Buerg opzeriichten. Di Woch drop , den 16ten Mäerz ass moies Pabeiersammlung an nomëttes riichte mer alles fir d’RaRo-Wantergrillen op.

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Mëttwoch 6 Mäerz richten mer d’Bühn of. Rdv um 18h am Home St Hubert. Mir brauchen do wierklech nach e puer Hänn! 

De Samschdes den 9 Mäerz riichten mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet. Matbrengen: Schaffhändschen an gutt Laun J

De Samschden 16 Mäerz ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um aalen Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top