Ajoute Infoziedel Abrëll 2020

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter

De Gemengerot huet decidéiert dat, esou laang wéi de „état de crise“ undauert, keng Pabeiersammlung vun eis soll gemaach gi, fir dat esou wéineg wéi méiglech Persounen dobaussen ënnerwee sinn.

#bleiftdoheem

Déi Pabeiersammlung vum 18 Abrëll wäert also stattfannen, mee si gëtt vu Gemengenaarbechter an net vun de Scoute gemaach. Di Pabeiersammlung vu Rodange/Lamadelaine vum 4. Abrëll gëtt op den 25. Abrëll verluet.

An deem Sënn muss leider eise Chef-Schaff-WE vum 18.-19. Abrëll och ausfalen. Wann dir awer Saache wësst, déi misste geraumt, gefleckt oder gebotzt gi, da loosst Iech net dovunner ofhalen emol esou eng Stënnchen eleng an de Chalet oder d’Garage ze goe fir dat ze maachen. Mir fanne bestëmmt och nach en spéideren Datum fir de WE nozehuelen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top