Infoziedel Mee 2020

Fir iech alleguer

Opgrond vum CovID-19 huet de Verband vun de LGS leider missen déifgräifend Entscheedungen treffen. Wëll et schwiereg ass déi geltend Sécherheetsmesurë bei eisen Aktivitéiten anzehalen, huet de Verband vun de LGS all Versammlung, WE a Camping bis September ofgesot. Dat nächst Scoutsjoer 2020-2021 wäert dann normalerweis erëm den 19. September ufänken.

D’BAe (bonnes actions) vun de LGS ginn awer wieder gefouert fir de Bierger ze hëllefen. Fir d‘Versammlungen ze ersetzen, gi mir elo och méi digital. Do gëtt di flott Initiativ #homescouting vum Verband fir de Guiden a Scoute vun all Branche kleng scoutesch Aufgabe fir doheem ze gi. Mir verlinken Iech dat op eisem Internetsite (www.lgspeiteng.lu). A Propos eisen Internetsite: Sidd der dës läscht scho mol op dee kucke gaangen? Nee? Dann maach dat emol , wëll wien nach net ugefaangen huet op eisem Site no de verstoppten Ouschtereeër ze siche muss sech begannen. De Concours leeft just nach bis den 3. Mee!

Op villäicht aner kleng Aktivitéiten am Summer 2020 stattfanne kënnen, hänkt ganz vun der Pandemie-Situatioun a Lëtzebuerg of. Mir halen Iech do um Lafende wann sech eppes ännert.

Also léif Kanner, Elteren a Frënn, haalt Iech gesond, respektéiert d’Sécherheetsmesuren a verléiert net de gudde Mutt, da gesi mer eis sécher erëm fir dat neit Scoutsjoer 2020-2021.

Fir d’Biber

Sidd net traureg léif Biber, eise Camping am nächste Joer gëtt duebel esou flott. Fir d’Versammlungen hunn mir eis och eng Iddi afale gelooss. Mir maachen eng Whatsapp-Grupp mat ären Elteren. Do gi mer Iech all Woch eng kleng Aufgab (z.b. ee Molconcours, e Lidd sangen,..) an de Gewënner kritt dann ëmmer eng kleng Iwwerraschung virun d’Hausdier bruecht.

Fir d’Wëllefcher

D’Hoffnung stierft bekanntlech fir d’Läscht, et deet mer leed dat mer eise WE a souguer eise Camping mussen ofsoen. D‘Gesondheet geet nu mol vir. Leider kënne mir och keng Versammlunge méi machen, duerfir gitt op eise frësch gepimpten Internetsite kucken. Do setze mer ëmmer erëm flott Aufgabe fir doheem ze machen.

P.S. Di Aufgaben ziele wéi eng Versammlung, fir déi Kanner déi un Kralle fir hir Patt interesséiert sinn…

Fir d’Avex

Et gëtt leider eng schlecht Noriicht: all eis Versammlungen, eise WE an och eise Summer-Camp musse leider ofgesot ginn. Mir gesinn eis leider réischt am September erëm, wann dat neit Scoutsjoer ufänkt. Fir déi Zäit ze iwwerbrécken, kennt der op lgs.lu/homescouting verschidde Scoutsaktivitéite machen.

Fir d’Carapio

Fir déi, déi Suen un de Grupp iwwerwisen hunn fir de JoCaPi an/oder den Slov’It Camp: schreift dem Gilles eng SMS mat der IBAN Nummer an dem Titulaire vum Konto op deen der wëllt rembourséiert ginn. Fir de Slov’It si mer dovun ofhängeg wéini mer d’Suen, a wéivill, vum Verband zeréck kréien. Wa mer net de ganze Präis vum Verband erëm kréien, kucke mer am Grupp fir dat aus ze gläichen. Är Sue vum Kuchverkaf, hale mer op Reserve fir de Präis vun eisem nächste Camp drécken ze kënnen

Fir d’RaRo an d‘Albatrossen

D’Odysseeë si leider och elo all fir d’Joer 2020 ofgesot. Si ginn op dat nächst Joer verréckelt. Dir kritt vun äre respektive Campcheffen Bescheed gesot wéi dat ofleeft. D’Versammlunge sinn och bis de September ofgesot.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter

Den Samschden 23. Mee misst déi nächst Pabeiersammlung sinn. Ech krut leider nach keng Informatiounen vun der Gemeng op mir déi erëm däerfen iwwerhuelen wann mer eis un streng Sécherheetsmesuren halen. Soubal mir méi wëssen kënnt eng Ajoute fir den Ziedel op den Internetsite.

Fir d’Chef

Den Dënschden 28. Abrëll hale mer eise Grupperot um 20h iwwert Skype. Detailer wéi der kënnt an d‘Konferenz kommen (och ouni Skype Konto) schécken ech Iech per Mail.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top