Ouschter Challenge

Hudd der déi haartgekachten a Schokelaseeër déi der gesicht hudd all fonnt? Hurrah! An op eisem Site geet d’Sich elo digital weider, mat flotte Präisser!

Wéi geet et?

Déi nächst 14 Deeg gëtt all Dag iergendwou op eisem Site, z.B. an engem Artikel oder op enger Säit oder enger Galerie, en neit Ouschteree verstoppt, mat engem Codewuert dat dobäi steet. Schreift iech d’Codewuert op! Um Schluss vum Challenge kënnt der déi Codewieder déi der fonnt hudd op lgspeiteng.lu/ouschter-challenge androën, a mat ären Donnéën era schécken. Déi Leit mat de meeschte Codewieder hunn déi gréisste Chance e Präis ze gewannen.

Wat sinn d’Präisser?

Et gëtt pro Gewënner een 3D-gedréckte Guide/Scoutsgadget. Et gi maximal 33 Gewënner.

Au choix:

  • En Indoor Boomerang. Flitt e Krees vun +/- 1m Radius. Mécht mega Spaass!
  • En Handy / Tablett Stänner am Kreditkaarteformat. Méi einfach wéi den Handy ëmmer an de Biergschung ze stiechen.
  • Eng Nout-Päif mat Lach fir se un e Schlësselbond oder Foulard ze hänken. Iwwer 119dB… ech hu se an der Stuff getest. Schlecht Iddi.

D’Faarwe kënnen nach änneren. Den Hues an d’Ee si keng Präisser, just Deko. … Hei tiens, en Ee 😉

D’Präisser fir den 2020 Ouschteeër Sich Challenge

Ween dierf matmaachen?

Jiddereen dee fir de Grupp LGS Péiteng kotiséiert huet, oder fir dee vum Grupp kotiséiert gouf, oder Member vun der Guilde vun de Péitenger Guiden a Scouten ass. Ausgeschloss vum Gewënn sinn déi Leit déi zur Zäit vum Challenge e Chef-Login op eisem Site hunn.

Wéini geet et lass?

Den 13. Abrëll 2020. Et gëtt all Dag en neit Ee verstoppt, an et verschwënnt nees no e puer Deeg.

Wéini ass Schluss?

Dat lescht Ee gëtt de 26. Abrëll verstoppt. Vum 26. Abrëll bis den 3. Mee 2020 kënnt der är Codewieder era schécken. (Denkt drunn, wee méi Codewieder huet, huet méi eng grouss Chance ze gewannen.) D’Gewënner ginn den 10. Mee annoncéiert.

Fäerdeg!

De Concours ass ofgeschloss. D’Gewënner ginn den 10 Mee annoncéiert.

Klengedrécktes

  • D’Präisser hu kee finanzielle Wäert deen amplaz vum Präis kéint ugefuerdert ginn.
  • Wann méi Leit, doduerch dass se d’selwecht vill Coden hunn, fir e Präis a Fro kommen, ginn d’Gewënner vu mengem Meedche Lizzy geloust.
  • D’Präisser gi fréistens iwwerreescht, wann déi nächst Versammlung um Prënzebierg ass. Et ass méiglech dass mer d’Gewënner déi mer net an enger Versammlung begéine kontaktéieren fir hinnen hire Gewënn anescht zoukommen ze loossen.
  • Matmaachen dierf jiddereen héchstens ee mol. Mol mol een Ee wann dat der net duer geet!
  • D’Virnimm vun de Gewënner an d’Branche wou se dra si kënne verëffentlecht ginn.
Scroll to Top