Scoutsziedel bis den 18. Juni 2011

Fir iech alleguer:
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten invitéieren Iech den 11. an 12. Juni op den 4. Internationalen Kelten Festival, de Bealtaine um Neihaischen. Weider Informatiounen fannt dir op: bealtaine.lu Villäicht gesi mir eis jo dann bei de Kelten.

Fir all d’Wëllefcher:
Déi nächst zwee Samschdeger, den 11. an 18. Juni hu mir vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Bierg.
Léif Gréiss, Är Chef

Fir all d’ AvEx:
Ahoi dir Piraten! Den nächsten Samschdeg, den 11.6. hu mir méi laang, vun 14:00 bis 18:00, Versammlung um Bierg fir den Ofschloss vun eiser Piraten Entreprise ze feieren. Mir maachen an der Versammlung Piratekleeder. Bréngt e wäissen T-Shirt an ärer Gréisst mat. Wann en nei ass, wäscht en fir d’éischt. Ditt och Kleeder un op déi kënne Faarf-Flecke kommen.
Den Samschden dono, den 18.6. hu mir nees normal vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
-Arr! Är Käptns.

Fir all CaraPio:
Salut, mir hunn den 11. an den 18. Juni all Kéier vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg. Den 18. Juni ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss. Hoffentlech bass Du derbäi!
Den 25. Juni ass um 18 Auer eng Jamboree-Infoversammlung fir d’Participanten an Elteren fir eis ganz Unitéit zu Diddeleng (rue Jean Friedrich) am Home Belvedere (Gréng Scouten a Guiden Diddeleng).

Fir all RaRo:
Salut, mir hunn den 11. an den 18. Juni all Kéier vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.

Fir all d’Mataarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Den 18. Juni ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer op der Léngerstrooss. Et wier flott wann’s DU eis géings hëllefen. Elo schonns MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top