CaraPio

Eis Method

D’CaraPio si fir déi Jonk vu 14 bis 17 Joer.

D’Caravellen a Pionéier treffe sech all Samschde vun 14:00-16:00 an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten ze organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gëtt geluecht op d’Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an d’Engagement grouss geschriwwe ginn.

De Startschoss fir e neit Joer as ëmmer d’Montée, wou déi nei CaraPio an d’Trupp opgeholl gin. Am Laf vum Joer ginn dann Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoer ass awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as.

  • Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
  • Knëppe vun internationale Frëndschaften
  • Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
  • Am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
  • D’Natur a senge Verschiddenheeten erliewen
  • Grenzen iwwerwannen

“Fuer duer” ass de Sproch vun de CaraPio: organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.

D’Chefekipp vun de CaraPio

Gilles Glod

Responsabele Chef fir d’CaraPio, Administrator fir lgspeiteng.lu

Interessen: Fotografie, Geocaching, 3D Printen, Origami

Christophe Bintener

CaraPio Chef

Interessen: Wëssenschaft, Technik, Sproochen an Oldtimer

Verspriechen

Kim Staudt

CaraPio Chef

Rezent Campen

Januar 1, 2019

Schweden

Wandercamp

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Kierchbierg

Nationalen Camp “Go Urban”

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Estland

Wandercamp

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Slovenien

Nationale CaraPio Camp “Slov’It”

Januar 1, 2019
Januar 1, 2019

Osteuropa

Regionalekipp CaraPio Süden Camp

Januar 1, 2019

Scroll to Top