Infoziedel Enn Januar 2019

Fir Iech alleguer :  2 wichteg Datumer fir op de Kalenner

Theater:

De 1. an de 2. Mäerz spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Riddo ass um 19:30h. Am Ufank spillt all Branche e kuerzt Stéck, duerno spille Chef a Mataarbechter e lëschtegt Stéck vum Josy Christen: Mam Buergermeeschter on Tour. De Preis ass 10 € fir Erwuessener a 5 € fir d’Kanner. Detailer zur Reservatioun kommen am nächsten Infoziedel no.

Buergbrennen:

Eist traditionellt Buergbrennen fënnt de Samschden 9. Mäerz um Prënzebierg statt. De Fakelzuch geet um 18:30h ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaangen. Detailer kommen no.

Fir d’Biber :

Wéi schonn erwähnt spille mir gläich Theater. Dofir mellt Iech w.e.g.beim Anna (621 754 360) un oder of fir dat mir wësse wien matspille kann. Den Samschde 26.01 ass Versammlung vun 14-16 Auer um Prënzebierg fir all d’Kanner. Opgepasst: Déi Kanner, déi beim Theater matspillen, bleiwen deen Samschden eng Stonn méi laang dh. vun 16h bis 17h fir schonn kennen ze üben.

Den Samschden drop den 2. 02 ass dann erëm eng Versammlung wie gewinnt vun 14-16h um Prënzebierg. Et ass wierklech wichteg dat dir bei sou vill wéi méiglech Prouwe present sidd!  

Eis Prouwe sinn ëmmer Méindes an Mëttwochs vun 18:15-19:15 zu Péiteng am Home St. Hubert. Datumer vun de Prouwen: 4.02., 6.02, 11.02, 13.02, 25.02 an den 27.02. An der Vakanz si keng Prouwen.

Fir d’Wëllef :

Léif Wëllef mir hunn déi zwee nächst Samschdeger den 26. Januar an den 2.Februar allkéiers Versammlung vun 14h-16h um Prënzebierg. Mir fänke schonn un fir den Theater ze bastelen. Frot nach eng Kéier no bei ären Elteren op der kënnt beim Theater matspillen.

Eis Prouwe sinn Dënschdes vun 17:30-19:00 h an Donneschdes vun 18:15-19:15h zu Péiteng am Home St. Hubert. Déi genau Datumer sinn: 29.01, 31.01, 5.02, 7.02, 14.02, 26.02 an den 28.02. An der Vakanz si keng Prouwen. Kommt w.e.g. op esou vill wéi méiglech Prouwen.  

Fir d’Avex :

Salut AvEx, déi nächst Samschdeger, den 26.01 an den 02.02 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Fir all Kanner, déi beim Theater matspillen: et ass immens wichteg dat dier an dës Versammlungen kommt wëll mir schonn ufänken ze prouwen.

Eis aner Prouwe sinn ëmmer Mëttwochs an Donneschdes : 6.02, 7.02 , 13.02, 14.02, 27.02 an 28.02 allkéiers vun 17-18h zu Péiteng am Home St. Hubert.

Fir d’Carapio :

Den 26 Januar an den 02 Februar hu mer normal Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg.

Fir d’RaRo : 

Den 26 Januar an den 02 Februar hu mer  normal Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg.

Fir d’Albatrossen

Denkt drun dat mir de Freide 25 Januar um 20h op d’Sich no Werwëllef ginn J.

Fir d‘Chef

Den nächste Grupperot ass den Dënschden 5. Februar um 20h am Avexsall.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top