Programm vun der Guilde: Januar 2019

Sam. 12.01.: Pabeiersammlung
Rendez-vous um 8:30h um fréiere Site Eucosider.
Wat méi Mataarbechter, wat mer éischter fäerdeg sinn.

Méin. 21.01.: Comité am Home
Ufank: 20:00h

Mët. 23.01.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller
Uspill um 20:00h

Son. 27.01.: Sortie an d’Stad.
Rendez-vous A: Péiteng/Gare, Zuch an d’Stad um 8:45h
Rendez-vous B: Lëtzebuerg/Gare, Zuch an de Pafendall um 9:55h
Rendez-vous C: Pafendall/Funiculaire, Seelbunn op de Kierchbierg um 10:00h
Mam Tram bis d’Statioun Auchan.
Spazéiergang iwwer de Kiem an de Kirchbiergplateau vun 5 km bis an de Pafendall.
Mëttegiessen an der “Madeira Stuff”, 4, rue du Pont, Pafendall www.madeirastuff.lu

Nomëttes: Alternativ 1: mam Zuch op Péiteng.
Alternativ 2: Spazéiergang: mam Lift bei de Pescatore an duerch de Parc op d’Gare (ca 3 km)

Umeldung bis Donneschdes 24.01. owes beim Georges um Tel.: 43 46 49 oder Mail: schererg@pt.lu

Fir an den Agenda
Keelenowenter 2019: 19/02.; 16/04.; 8/05.; 12/06.; 8/10.; 19/11.; 4/12
Pabeiersammlungen 2019: 9/02.; 16/03.; 13/04.; 11/05.; 8/06.; 6/07.; 3/08.; etc.
Theater: 2. & 3./03/2019
Buergbrennen: 9/03/2019
Generalversammlung: 27/04/2019
Ausfluch op Kandersteg: 7. – 10/06/2019
Mass fir all liewend a verstuerwe Member: 5/10/2019


Ce n’est qu’un au revoir …
Den 1. Dezember 2018 huet de
Florent Feller
eis am Alter vu 63 Joer, no laanger Krankheet,
verlooss. De Florent war Scout duerch an duerch an
huet als Explorerchef laang op lokalem a nationalem
Plang gewierkt.
Senger Famill eist häerzlechst Bäileed!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top