Infoziedel Januar 2019

Fir Iech alleguer :  

Theater:

De 1. an de 2. Mäerz spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Haalt Iech dës Datumer scho mol fräi. Wieder Infoe kommen no.

Fir d’Biber :

Eis nächst 2 Versammlunge sinn de Samschden 12 Januar an de Samschden 19 Januar allkéiers vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prënzebierg.

Fir d’Wëllef :

Dir léif Wëllefcher dëse Samschden den 12. Januar ass endlech erëm eng Versammlung vu 14h00 bis 16h00 um Prënzenbierg. Falls Schnéi leit kennt dir ee Schlitt matbréngen.

Den 19. Januar gi mir zesummen op d‘Kockelscheier op d‘Eispist. Mir treffen eis dofir um 14h00 zu Péiteng op der Gare. Mir sinn da géint 18h00 erëm zeréck op der Gare. Dofir musst dir iech beim Alex (691 177 773) umellen. Ausserdeem kennt dir 10€ Täschegeld mathuelen. Vergiesst net iech waarm unzedoen an am beschten och deck Strëmp an Händsche matzehuelen. Falls dir Schlittschong hutt, kennt dir déi och mat huelen. Kuckt och bei „ Fir Iech alleguer“ a sot eis w.e.g. an der nächster Versammlung Bescheed op der kennt beim Theater matspillen.

Fir d’Avex :

Salut AvEx, Samschdes den 12.01 an de 19.01 hunn mer normal Versammlung vu 14:00-16:00 Auer um Prënzenbierg. Mir fänken un eist Theaterstéck ze plangen , bréngt also puer Iddie mat an denkt drun är Elteren ze froen ob der matspille kennt.

Fir d’Carapio :

Den 12. a de 19. Januar hu mer allkéiers eng normal Versammlung vu 14-16 Auer um Prënzebierg. Wann der net kënnt kommen, mellt iech w.e.g. virdrun beim Christophe (GSM 691 71 25 91) of. Denkt och un d’Pabeiersammlung den 12. Januar , kuckt dofir bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter“.

Fir d’RaRo : 

De Samschden den 12. Januar an den 19 Januar hu mer normal Versammlung um Prënzebierg.

Fir d’Albatrossen

Mir hunn de Freide 25.Januar um 20h Versammlung um Prënzebierg. Bereet Iech fir: mir ginn op d’Sich no Werwëllef!

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Dëse Samschden den 12 Januar ass déi eicht Pabeiersammlung fir d’Joer 2019. Och dëst Joer ass DENG Hëllef natierlech wëllkomm. Rdv um 8:30 Auer um aale Site vun der Ecosider.

Fir op de Kalenner:

Hei d’Pabeiersammlunge fir dat ganzt Joer 2019:

9 Februar,16 Mäerz,13 Abrëll,11 Mee,8 Juni, 6 Juli,3 August,7 September, 5 Oktober,2 November, 7 Dezember

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top