Infoziedel September 2019

Fir Informatiounen doriwwer wéi der ärt Kand kënnt umellen, kuckt lgspeiteng.lu/umellen. Eis éischt Versammlunge sinn den 21. an 28. September.

Pour des renseignements pour inscrive votre enfant, lisez lgspeiteng.lu/fr_FR/umellen. Nos premières réunions auront lieu le 21 et 28 septembre.

Fir de ganze Grupp: (also fir Biber, Wëllefcher, Avex, CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef a Guilde)

Dëst Joer feiere mer den 75ten Anniversaire vun der Liberatioun vun Péiteng. Fir esou eng grouss Geleeënheet sinn vum 6 bis den 14 September vill Festivitéiten geplangt . Den genauen Programm kennt der um Site vun der Gemeng fannen: www.petange.lu an der Rubrik „Agenda“. [Direktlink op de Programm | PDF] Hei elo just di Evenementer wou mir als Scouten deelhuelen.

Méindes den 9. September: Offiziell Gedenkfeier

R.d.v um 18:15 Auer an Uniform bei der Péitenger Gemeng fir de Grand Duc Henri ze begréissen. Duerno geet e Cortège bis bei de Square Hyman Josefson. D’Zeremonie beim Monument vum gefaalenen Zaldot dauert bis 20:45h an duerno ass déi offiziell Participatioun vun de Scouten eriwwer.

no images were found

Freides , den 13 September : Dag vun der Jugend an den Génératiounen

Dëst riicht sech un d’Avex, Carapio, Rover an d’Chef . De Comité du Souvenir vu Péiteng huet en ganzen Dagesprogramm zesummegestallt fir de Jugendlechen an hire Begleeder d’Monumenter vu Péiteng an de Militärkierfecht vun Hamm ze weisen an ze erklären. R.d.v. ass an Uniform um 9:45 beim Centre Wax zu Péiteng , vun do aus gëtt en Bus-Tour duerch Péiteng gemaach, da gëtt et en Mëttegiessen am Café beim Home an duerno geet et mam Bus op Hamm. Géint 17h komme mer erëm zréck bei de Centre Wax. Wëll en Iessen ageplangt ass, musst dier Iech umellen. Macht dat w.e.g. bis den 1 September beim Claire (621 68 39 99) a sot och op der eng vegetaresch oder eng Fleesch-Lasagne wëllt.

Samschdes , den 14 September : Mass an Gedenkfeier bei der Borne des Passeurs

R.d.v. an Uniform um 9:15 virun der Kierch zu Péiteng . No der Mass ass dann nach eng Feier bei der Borne des Passeurs bis 10:30.

Samschdes den 21. September an Samschdes den 28 September: Éischt Versammlunge fir dat neit Scoutsjoer:

D’Biber, d’Wëllef, d’Avex an d’CaraPio hu vu 14:00 bis 16:00 Versammlung um Prënzebierg. Macht Reklamm fir d’Scouten an äre Schoulklassen a bréngt roueg all är Frënn mat an d‘Versammlung. D‘RaRo hu vu 16.15 bis 18.30 Versammlung um Prënzebierg.

no images were found

Fir d‘CaraPio, d‘RaRo,d‘Albatrossen, d’Matarbechter, d‘Guilde a d’Chef:

Samschdes den 7. September: Pabeiersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng um ale Site vun der Ecosider. Dir kennt de Prinzip: wat méi Leit mathëllefe wat et méi schnell fäerdeg ass (a wat mer éischter op de Rockabilly Deluxe kenne goen 🙂 )  Elo schonns en decke Merci.

 Samschdes den 21. September: Kleedersammlung vum Kolpingswierk

R.d.v wéi gewinnt um 9:00 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau. Hai gëllt dat nämmlecht wie virdrun, all Hëllef gëtt gebraucht. Elo schonns en decke Merci.

Fir d’Chef:

Dënschdes den 17. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° am Avexsall.

Samschdes den 21.September an Sonndes den 22. September: Mosaik-Festival am Mariendall

Dëst Joer probéiert de Verband en neit Konzept aus, andeems den Kanu-daach an de Chefdaach op engem Weekend sinn. Detailer fannt dir um Site: https://news.lgs.lu/2019/07/23/mosaik-festival/

Iwwerleet Iech op dir nach e puer Paddele vum Kanu braucht, wann „Jo“ da mellt Iech perséinlech un, wann „Nee“ dann hëlleft bei der Kleedersammlung 🙂 . Umeldunge fir de Chefdaach mëscht d’Kim (621197160), sot him nach virum 5 September Bescheed op der matgitt, an ob der do schlofe wëllt.

Kuckt iech roueg reegelméisseg eise Site www.lgspeiteng.lu un. Do fannt der Fotoen, en Agenda, News vum Grupp a villes méi. 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top