Hei stinn all d’Artikelen vum Site déi an d’Kategorie Guilde gesat goufen.
- Programm vun der Guilde: Juli – August 2018 28/06/2018
Ce n’est qu’un au revoir …
De 9. Juni huet eise laangjäerege Comitésmember an Trésorier Jean Lippert eis am Alter vu 85 Joer no laanger Krankheet fir ëmmer verlooss. De Jang war en engagéierte Scout a vun der éischter Stonn un Member vun der Guilde. Mir wënsche senger Famill vill Courage an dëser schwéierer Zäit. Mir wäerten de Jang a gudder Erënnerung behalen.
Zesummesetzung vum Comité fir d’nächst Joer:
Éire-President: Norbert BROSIUS
President: Georges SCHERER
Vize-President: Arnold MARTIN
Sekretär: Martine SCHLOTTERT
Sekretär adj,: Carlo PEIFFER
Trésorier: Lex FELTEN
Memberen: Christelle MASUTTI, Robert GUIRSCH, Marco QUINTUS, Fritz LIPPERT
Vertrieder vum Grupp: Claire DORDING
Programm Juli – August 2018
Sam. 30.6.: Virtrag um 16:00h am Chalet.
Den Oli KERSCHEN referéiert iwwert seng Abenteuer „Vu Nord bis Süd, 11 Méint mam Rucksak ënnerwee vun Alaska bis Feierland“. Intressente solle sech beim Claire umellen (621 68 39 99)
Sam. 7.7.: Pabeiersammlung
Rendez-vous um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Son. 29.7.: Grill-Party um Kuelbecher-Haff
Rendez-vous um Haff vun 11:00h un.
Grillen:
– de Grill an dat fir ënnert de Grill (d’Feier) ass op der Plaz;
– dat fir op de Grill an säi Gedrénks muss jidderee selwer matbréngen;
– Zaloten an Taarten sinn net nëmme wëllkomm, mä souguer erwënscht.
Fir am viraus Bescheed ze wëssen wat ongeféier matbruecht gëtt, kontaktéiert w.e.gl. d’Martine ( Tel: 50 32 71 / GSM: 621 414 040 / Mail: jschlott@pt.lu )
„Promenade digestive“ nom Iessen.
Mët. 1.8..: Vakanzaktioun vun de Schoulklassen , Cycle 2.2 aus der ganzer Gemeng. (Org. Gemeng Péiteng) beim Chalet um Bierg.
Mueres gëtt opgeriicht,
d’Spiller si vun 14:00 bis 16:00 Auer.
Hei gi Leit gebraucht fir: 1. opzeriichten, 2. mëttes Posten ze besetzen an 3. duerno ofzeriichten.
Intressenten kënne sech melle beim Martine ( Tel: 50 32 71 / GSM: 621 414 040 / Mail: jschlott@pt.lu )
Sam. 11.8.: Pabeiersammlung
Rendez-vous um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Mon. 13.8.: Comité um 20h00 am Home
Mët. 15.08.: Sortie an d’Géigend vu Verdun
Rendez-vous A: 9:00h um Parking hannert „a Rousen“. Transfert mat Privatautoen ( 75 km).
Rendez-vous B: 10:10h um „Site des Eparges“ beim „Monument du Point X“ (D’Chauffeure kréien um Depart de Wee erklärt).
Trëppeltour entweder vu 5 km duerch de Bësch oder 3 km iwwer Macadam. Déi 2 Weeër si gréisstendeels am Schied.
Duerno kuerz Autosfahrt op Saint-Maurice-sous-les-Côtes, wou mer am Restaurant « Côtes de Meuse » zu mëtteg iessen ( www.hotelcotesdemeuse.com/ )
Nom Mëttegiessen kënnen déi kulturell intresséiert Leit (a ween ass dat net ?) matfueren op SaintRemy-la-Calonne, wou de Schrëftsteller Alain-Fournier (Le Grand Meaulnes (1913)) begruewe läit.
Umeldung : De Restaurateur wéist gäer fréi genug wéivill Persounen hien ze bekäschtegen huet (de 15.08. ass e Feierdag). Dofir froe mir d’Umeldung bis den 15. Juli 2018 beim Carlo Peiffer : Tel. : 50 21 03, Mail: peiffer4@pt.lu
Fir an den Agenda:
Franziskusmass um Bierg: Sam. 06.10.2018
Pabeiersammlungen 2018: 15.9. – 13.10. – 10.11. – 8.12.
Keelenowenter: 18.9. – 18.10. – 13.11. – 11.12
Continue reading →An zu gudder Läscht:
Le monde ne sera pas détruit par ceux qui font le mal, mais par ceux qui les regardent sans rien faire.
Albert Einstein - Programme vun der Guilde: Mai - Juni 2018 25/04/2018
Don. 1.5.: Gedenkzeremonie um Neiheisgen. (Org. Comité Neihaischen)
14:30h: Rendez-vous virun der Kapell.
15:00h: Guide- Scoutsmass.
15:30h: Nidderleeë vun enger Gerbe.
16:00h: Verschidden Usproochen.
16:30h: Aweiung a Visite vum neien Ubau vum Chalet.
17:00h: Éierewäin mat Iessen a Gedrénks
UMELDUNG: (wichteg) um Tel. 51 37 86, GSM 621 31 78 61, Mail sgodart@pt.lu
Sam. 5.5.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Don. 10.5.: Traditionell Sortie op Bilschdrëf op d’Guiden / Scoutekirmes.
Rendezvous A: um 10:00h zu Péiteng um Parking hannert „Rousen“, Accès an der rue de la Liberté
Rendezvous B: um 10:55h zu L-8811 Bilsdorf um Scoutsterrain, 10, rue Abbé Neuens.
Intressenten, déi keng Méiglechkeet hu fir op Bilschdrëf ze kommen, kënnen dat bei der Umeldung mat uginn. De Comité organiséiert den Transport.
A. 11:00h: Scoutsmass um Terrain, duerno Apéritif.
B. Mëttegiessen um 12:00h à 23,00 EUR
Menü: Kiermeszopp, Zigeinerragout, Gromperegratin, Brockelcher, Zalot, Dessert.
Umeldung beim Martine Schlottert bis Donn. 03.05.
Tel. 50 32 71, GSM 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu
C. “Promenade digestive” vun ± 2 Stonnen, Guide Georges Scherer.
(Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen. Bei der Umeldung mat uginn, w.e.gl.)
Sam./Son. 19.-20.05. Bealtaine um Neiheisgen (Org. LGS)
Am Virverkaf kascht den Entréesbillet fir déi 2 Deeg nëmmen 7 € amplaz 12 €. Intressenten kënne sech beim Martine Schlottert mellen, hat besuergt dann d‘Ticketen,
Sam. 2.06.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Mon. 11.06.: Comité um 20h00 am Home13.06.: Keelenowend mat Agape um 19:00h zu Lampech am Café Müller.
Continue reading →
Menü: Kallefsbrëschtchen, Purée, Geméis an Dessert. Präis: 18,00 EUR
Umeldung bis spéidstens Son..10.06. Beim Martine Schlottert:
Tel. 50 32 71, GSM 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu
23.06..: Nationalfeierdag mat Te Deum a Spiller vir Kanner am Park zu Péiteng.
Leider läit de Programm vun der Gemeng eis nach net vir.
Intressente kënne beim Martine Schlottert ufank Juni nofroen.
Fir an den Agenda:
Pabeiersammlungen 2018: 7.7. – 11.8. – 15.9. – 13.10. – 10.11. – 8.12.
Grill-Party um Kuelbecher-Haff: 29.07.2018 - Programm vun der Guilde: Mäerz - Abrël 2018 24/02/2018
Fr./Sam. 2./3.3.: Scoutstheater am Home. [Org. Grupp]
Rido: 19:30h.
Et gëtt gespillt:
– Biber: Mario & Peter, e ganz neit Abenteuer
– Wëllefcher: Grouss Klassiker
– AvEx: Am Restaurant
– CaraPio: Scouten a fräier Wildnis
– Chefequipe Mord aus Versinn ,
Reservatioun: um 621 814 883 (no 18:00h)
Wann Dir eis wëlt ënnerstëtzen da kommt kucken an/oder stëft eppes fir an d’Tombola, déi vun der Guilde organiséiert gëtt.Merci am viraus.
Sam. 10.3.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.Sonn. 11.3.: Soutresistenzdag (Org. LS an der Resistenz)
10:15h: Mass an der Grenzer Kierch,
11:15h: Generalversammlung mat engem Patt,
13:00h: Mëttegiessen am Restaurant „Résidence LAVAL“, place de la Jeunesse sacrifiée.
Menü fir 24,75 € (ouni Gedrénks)
Umeldung um Tel. 59 35 67 oder 691 510 549 (Duhr E.)Dën. 20.3.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.
Uspill um 20:00h.Sam. 24.3.: Sortie op Atert – Kolpech
Rendez-vous 1: Péiteng, hannert „Rousen“ um 9:15h
Rendez-vous 2: Attert, Gemeng um 10:00h
Zu Fouss iwwer Grendel op Uewerkolpech (± 6 km)
Mëttegiessen am „Café du Château“ (fréier „Ensch“) zu Uewerkolpech.Et gëtt normale Lëtzebuerger Kascht. Präis tëscht 15.- an 20.- €
Nom Iessen ass eng „Promenade digestive“ duerch de Kolpecher Park
Retour op Atert mat Autoen.Sam. 7.4.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.Mon. 9.4.: Comité, um 20h00 am Home
Sam. 14.4.: Sortie op Klengbetten – Mamer
Rendez-vous 1: Péiteng/Gare. Mam Bus 334 op Klengbetten, dep. 8:45h,
Rendez-vous 2: Klengbetten/Gare um 9:10h.
Zu Fouss iwwer Garnech, Holzem op Mamer = 10,2 km. Gréisstendeels iwwer Velospiste.
Rendez-vous 3: um 12:00h zu Mamer am Restaurant „La Croccante“, 2, rue de Dippach fir d’Mëttegiessen. Parking vis-à-vis.Menü „à la carte“
Duerno mat enger Navette op Stengefort/Quai a Klengbetten/Gare. Mam Bus 334 zeréck op Péiteng
Umeldung bis den 11.04. um 12:00h beim Roby Guirsch,
Tel. an SMS 691 300 295 oder Mail guirschrob@gmail.comDon. 19.4.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.
Uspill um 20:00h.De Comité vun der Guilde vun de fréiere Guiden a Scoute vu Péiteng huet d’Éier Iech op hir statutaresch Generalversammlung z’invitéieren, e
Samschdeg, 21. Abrël 2018 um 19:00 Auer
am Chalet um PrënzebiergOrdre du jour:
1. Usprooch vum President
2. Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin
3. Keessrapport vum Trésorier
4. Rapport vun de Keess-Kontroller
5. Zoustëmmung vun de Rapporten an Décharge vum Comité
6. Wale fir de Comité a Confirmatioun vun de Keesskontroller
Austriedend an erëmwielbar sinn: Scherer Georges, Schlottert
Martine
Well nach Plazen am Comité vakant sinn, gi Kandidature vum
President entgéintgeholl.
7. Festleeë vun der Cotisatioun 2019
8. Aktivéitsrapport vun der Gruppecheftaine
9. Aktivitéite vun der FLGS (Fréier Lëtzebuerger Guiden a Scouten)
10. Zoukënfteg Aktivitéiten
11. Divers
12. Agape (Pastasciutta entweder mat Fleeschzooss oder Zooss ouni
Fleesch)
Präis. 6.-€, ouni Gedrénks
Umeldung bis Méindes, 16.04. um 12:00h
beim Martine Schlottert, Tel. 50 32 71 oder Mail jschlott@pt.lu
Persounen, déi Problemer hu fir op de Prënzebierg ze kommen, sollen dat bei der Umeldung uginn. Hinne ka gehollef ginn.Fir an den Agenda:
Keelenowent 2018: 13.6.
Pabeiersammlungen 2018: 5.5. – 2.6. – 7.7. – 11.8. – 15.9. – 13.10. – 10.11. – 8.12.
Grill-Party um Kuelbecher-Haff: 29.07.2018Objet trouvé: Am Baueremusée zu Peppeng gouf den 14.01. en Objektiv vun engem Canon-Fotoapparat fonnt.. De Propriétaire soll sech mellen um Tel. 51 69 99 oder beim Georges Scherer.
Continue reading → - Programm Januar – Februar 2018 30/12/2017
Sam. 06.1.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Son. 14.1.: Sortie op Peppeng mat Visite vun 3 Muséen.
Rendez-vous A: 10:15h um Parking hannert „Rousen“ (Acces duerch d‘rue de la Liberté).
Rendez-vous B: 10:50h um 38, rue de Crauthem zu Peppeng.
11:00h: Visite guidée vum Kutschemusée, a vun der Expo vun der „Métallurgie ancienne“.
12:30h: Mëttegiessen am Café vum Musée.
14:00h: Visite guidée vum „Musée rural et artisanal“.
Entréespräis (ouni d‘Iessen): 10,00 EUR / Kapp
UMELDUNG fir d‘Mëttegiessen bis den 8.01.2018
um Tel. 43 46 49 (Scherer) oder Mail schererg@pt.lu
Dën. 16.1.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.
Uspill um 20:00h.
Sam. 03.2.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Mon. 05.2.: Comité um 20:00h am Home
Sam. 17.2.: (an net den 18.02.) Buergbrennen . [Org. Grupp]
De Fakelzuch geet um 18.30h ënne beim Wee fort an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaang. Jiddereen dee beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.
Dën. 20.2.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.
Uspill um 20:00h.
Fir an den Agenda:
Scoutstheater: 2. & 3.03.2018 (an net den 16. & 17.) D‘Guilde bekëmmert sech ëm d‘Tombola a wier frou Gewënner gestëft ze kréien, déi d‘Martine Schlottert-Didier gären an der Parkstrooss, 12, entgéint hëlt.
Keelenowenter 2018: 16.1. – 20.2. – 20.3. – 19.4. – 13.6.
Pabeiersammlungen 2018: 10.3. – 7.4. – 5.5. – 2.6. – 7.7. – 11.8. – 15.9. – 13.10. – 10.11. – 8.12.
Grill-Party um Kuelbecher-Haff: 29.07.2018
Continue reading → - Programme vun der Guilde: November-Dezember 2017 27/10/2017
Ce n’est qu’un au revoir …
De 14. Oktober huet eise Comitésmember an Trésorier Jang Schlottert eis am Alter vun 58 Joer no kuerzer Krankheet fir ëmmer verlooss.
Mir wënschen dem Martine a senge Kanner vill Courage an dëser schwéierer Zäit.
Mir wäerten de Jang a gudder Erënnerung behalen.
Sam. 04.11.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Mët. 15.11.: D‘Guilde um Dill:
Keelenowend um 20:00h zu Lampech am Café Müller
Sam. 25.11.: Eng Visite duerch d‘Zäit, queesch duerch d‘Stad.
Rendezvous A: Parking hannert „Rousen“ um 9:15h; Transfert mat Privatautoen.
Rendezvous B: um 10:00h bei der Jugendherberg am Pafendall (2, rue du Fort Olizy)
Zu Fouss duerch d‘Ënnerstad an d‘Ënnerwelt vun der Stad Lëtzebuerg = ongeféier 4,5 km (ouni Bulli)
Guide: Georges Brosius
Mëttegiessen an der Jugendherberg.
Nomëttes: Visite vun enger Maquette zu Bouneweg.
Umellen an Info: bis spéidstens den 11.11. beim Georges Brosius, GSM 621 181 297
27.11. – 01.12. Schaffen um Bierg.
Mir wickelen Adventskränz a bastelen aner Adventsdekoratiounen. (D‘Kränz mussen am viraus bestallt ginn an gi vir den 1. Advent heem geliwwert)
01. – 03.12.: Niklosmaart virum Stadhaus [Org. SIP & Grupp],
wou mir eis Adventsdekoratiounen verkafen.
Dën. 05.12.: D‘Guilde um Dësch an um Dill:
Keelenowend mat Agape um 19:00h zu Lampech am Café Müller.
Menü: Rôti de veau Prince Orloff + Taart + Kaffi = 22,00 €
Umeldung bis 1.12. (12:00h) bei Peiffesch, Tel: 50 21 03; Mail: peiffer4@pt.lu; SMS: 661 502 103
Sam. 09.12.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Méin. 11.12.: Comitéssitzung um 20:00h am Home
Sam. 16.12.: Chrëschtveillée mat Träipeniessen
15:00h: Trëppeltour iwwer de Prënzebierg. Bei schlechtem Wieder: Gesellschaftsspiller am Chalet.
19:15h: Chrëschveillée
20:00h: Traditionellt Träipeniessen ( fir Vegetarier ass eng Alternative virgesinn, bei der Umeldung uginn wegl.)
Umeldung: (op Wonsch vum Metzler) bis den 9.12. bei Peiffesch, Tel: 50 21 03; Mail: peiffer4@pt.lu; SMS: 661 502 103
Sam. 23.12.: Friddensliichtfeier no der Mass vun 17:00h an der Kierch zu Péiteng. D‘Guiden a Scouten verdeelen d‘Friddensliicht vu Betlehem.
Sam. 30.12.: Fousstour op Këntzeg
Rendez-vous: 10:00h zu Péiteng op der Millen; zu Fouss iwwer d‘Vëlospist (kee Bulli) op Këntzeg = 7,6 km.
Mëttegiessen an der Pizzeria „Rugantino“, à la carte
Retour entweder zu Fouss iwwer de Kierchepad = 4,5 km oder mam Bus 334, Départ all Stonn um h:21h
Umeldung: bis de 27.12. um 12:00h bei Peiffesch, Tel: 50 21 03; Mail: peiffer4@pt.lu; SMS: 661 502 103
Continue reading →
Fir an den Agenda: 2018 Buergbrennen: 18.02.2018 Scoutstheater: 16. & 17.03.2018 Grill-Party 2018 um Kuelbecher-Haff 29.07.2018 - Programm vunder Guilde: September-Oktober 2017 31/08/2017
Sam. 09.09.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Sam. 09.09.: 15:30h Cérémonie commémorative
beim Amerikaner-Monument beim WAX (Org.: SITP)
Son. 10.09.: Sortie op Esch/Gaalgebierg mat Visite vum Escher Déierepark.
Rendez-vous A: zu Péiteng op der Gare. Départ vum Zuch op Esch um 13:52h
Rendez-vous B: zu Esch virun der Gare um 14:15h.
Trëppeltour op de Gaalgebierg. Et ass KENG Umeldung erfuedert.
Sam. 23.09.: Kleedersammlung zu Gonschte vum Kolping-Wierk (Org. Grupp).
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss.
Son. 24.09.: Sortie op Bouillon (mat Privatautoen, ± 80 km).
Rendez-vous A: um 9:00h um Parking hannert „Rousen“ (Acces duerch d‘rue de la Liberté). Transfert op Bouillon.
Rendez-vous B: um 10:15h bei der Bréck „Porte de France“ um Enn vun der „rue du Collège“ zu Bouillon.
Trëppeltour „Tour de ville“ vun 1½ Stonn.
Mëttegiessen: Et ass KEE Restaurant reservéiert, soudass jidderee kann iessen goe wou e wëllt a wat e wëllt. Et si genuch Restauranten do.
Durno Visite vun der Buerg Bouillon. Et ass KENG Visite guidée geplangt.
Heemrees géint 17:30h
Umeldung (wéinst der Organisatioun vum Transport) um Tel. 50 21 03 (Peiffer) tëscht dem 18.09.17 an dem 22.09.17 oder per E-mail: guilde-petange@pt.lu virum 22.09.17
Sam. 07.10.: Pabeiersammlung (Org. Grupp)
Rendez-vous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Lénger Strooss. All Hëllef ass net nëmme wëllkomm, mä déck néideg.
Méin. 09.10.: Comitéssitzung um 20:00h am Home
Mët. 11.10.: D‘Guilde um Dill: Keelenowend um 20:00h zu Lampech am Café Müller
Sam. 14.10.: Franziskusmass um 16:00h um Prënzebierg fir all liewend a verstuerwe Membre vun der Guilde a vum Grupp Hl. Franz vun Assisi. Rendez-vous um 15:00h, fir d‘Lidder nach eng Kéier ze prouwen.
Don. 19.10.: Guildendag zu Diekrich (Org. FLGS) mat Visite vum Musée militaire, Mëttegiessen am Restaurant an uschléissender Generalversammlung. Alles läit no bei der Gare, sou dass ee mam Zuch gutt dohi kënnt. Reservéiert Iech dësen Datum. Detailer gitt Dir kuerz virdru beim Martine gewuer.: ( Tel: 50 32 71 / GSM: 621 414 040 / Mail: jschlott@pt.lu )
Continue reading → - Fotoe vum GoUrban 18/07/2017
Den internationale camp GoUrban vum 18. bis den 28. Juli 2017 um Kierchbierg. Fotografen: Claude Künsch, David Mazuel, Fernande Jourdan, Gilles Glod, Nadia Blasen, Claudine Bosseler, René Wersand, RaRo, Sascha Wolsfeld.
Dës Fotoen sinn aus dem Archiv vum GoUrban. Ech hunn déi gesicht wou eppes mat Péiteng ze dinn hunn. Méi Biller a Filmer vum Camp fannt der op https://www.facebook.com/GoUrban2017/, an op https://gourban.lgs.lu/fotoen/. Wann der nach a Bild begéint dat hei feelt da setzt a Link op dat Bild an de Kommentar.
Continue reading → - Programm vun der Guilde: Juli-August 2017 15/06/2017
Fir d‘lafend Joer 2017/2018 gesäit eise Comité esou aus:
Éirepresident: Brosius Norbert
President: Scherer Georges
Vize-President: Martin Arny
Sekretär: Schlottert-Didier Martine
Tresorier: Schlottert Jean
Memberen: Felten Lex Guirsch, Robi Lippert Jean, Masutti Christelle, Peiffer Carlo
===================================================
Den 2. Juni 2017 ass eise Member Joseph Steinmetz am Alter vun 90 Joer vun eis gaang.
Hien huet dem Grupp an der Zäit dacks wertvoll Hëllef geleescht wann et drëm gaang ass fir d‘Campmaterial mat sengem Camion op d‘Campplaz ze féieren.
===================================================
Nationalfeierdag
Frei. 23.06.: Mir treffen eis um 9:00 h zu Péiteng op der Maartplaz, do huele mer d‘Navette fir op Rodange, wou mir mam Cortège an den Te Deum ginn. Duerno ass eng Receptioun mat Éirewäin an der Sportshal. Mir komme mat der Navette géint 12:30 Auer zréck op Péiteng.
Sam. 24.06.: De Grupp organiséiert nomëttes vu 14°°-18°° Spiller am Péitenger Park. All eis Membere si natierlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen a matzespillen.
Déi Leit déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis den 24. Juni um 10°° beim Stadhaus.
P.S.: Mir brauchen nach vill Leit….. =================================================== Programm Juli – August 2017
Son. 2.07.: Kulinareschen Trëppeltour zu Kielen. (Org.: Verschidden Associatioune vu Kielen)
Hei de Programm:
Depart zu Kielen (tëscht 10h30 an 11h30).
Parcours: Kielen – Direndall – Weidendall – Brameschhaff – Kielen = ronn 9 km.
(De Parcours ass geeegent fir Poussetten, deemno och fir eeler Leit.)
Et si 6 Etappen: 1. Apéritif & Amuse-bouche; 2. Entrée végétarienne; 3. Trou normand; 4. Poulet rôti oder Steak végétarien (mat Gromperen a Geméis); 5. Kéis-Assortiment; 6. Trio de desserts mat Kaffi.
Bei de Platen 2, 4 an 5 gëtt et e Gedrénks no Wiel.
Präis: Erwuessen 39,00 €; Kanner (6-12) 15 €; Kanner (<6) gratis.
Umeldung an Info beim Roby Guirsch nach bis Sam. 17.06.,
Tel. 26 30 02 96 oder Mail: guirschrob@gmail.com
Genee Detailer gitt Dir vum Roby no de Umeldung gewuer
Sam. 8.07.: Pabeiersammlung. Rendez-vous um 8:30h virum Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
Son. 23.07.: Sortie op d‘Porte-ouverte um internationale Camp Go|Urban um Kierchbierg.
Rendez-vous: Lëtzebuerg/gare um 11:15h. (Départ vum Zuch zu Péiteng um 10:47h) Mir fueren da mat enger spezieller Navette op d‘Plaz vum Camp.
Do gëtt gebueden:
• Vill Spiller an Ateliere fir Grouss a Kleng
• Optrëtter vu Guiden a Scouten aus der ganzer Welt
• Food Villages (Ochs um Spiiss, Tarte Flambée, Paella, Scampis, Grillwurschten, Eisekuchen,…..)
• Concerten (Dëppegéisser, Luxembourg Marching Band, Saxitude, 4DARLA, Mambo Schinki, Duo Lompekréimer, Turlatäin mam Guy Arend)
• Street Animation (Collectif Dadofonic, Pôle Impro Luxembourg…)
• BMX Flatland Champion Viki Gomez
• Camp-Bauerenhaff
• Info- a Verkafsstänn vun eise Partner
• a villes méi
Sam. 5.08.: Pabeiersammlung. Rendez-vous um 8:30h virum Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
Son. 6.08..: Traditionnelt Grillfest um Kuelbecherhaff.
Rendez-vous um Haff vun 11:00h un.
Grillen:
– de Grill an dat fir ënnert de Grill (d’Feier) ass op der Plaz;
– dat fir op de Grill an säi Gedrénks muss jidderee selwer matbréngen;
– Zaloten an Taarten sinn net nëmme wëllkomm, mä souguer erwënscht.
Fir am viraus Bescheed ze wëssen wat ongeféier matbruecht gëtt, kontaktéiert w.e.gl. d’Martine
( Tel: 50 32 71 / GSM: 621 414 040 / Mail: jschlott@pt.lu )
„Promenade digestive“ nom Iessen.
Méin. 7.08.: Comité um 20:00h am Home.
Zoukonftsmusek:
Pabeiersammlungen: 9.9. – 7.10. – 4.11. – 9.12.
Sortie op Bouillon: ass geplangt am September
Eis Franziskus-Mass um Bierg Sam. 14.10.
Visite vum „Ofen- und Eisenmuseum“ zu Hüttingen an der Südeifel: Datum läit nach net fest
Continue reading → - Programm vun der Guilde: Mee - Juni 2017 08/05/2017
Mir si frou 6 nei, virun allem jonk, Memberen an eiser Guild begréissen ze kënnen. Mir hoffen dass si mat hirem Enthusiasmus eng nei Dynamik an d‘Guild bréngen. =================================================================
Sam. 13.05.: Pabeiersammlung.
Rendez-vous um 8:30h virum Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
Dën. 16.05.: Keelenowend.
Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech
Don. 25.05.: Traditionell Sortie op Bilschdrëf
op d‘Scoutskiermes (ganzen Dag, mam Privatauto)
Rendezvous A: um 10:00h zu Péiteng um Parking hannert „Rousen“, Accès an der rue de la Liberté
Rendezvous B: um 10:55h zu L-8811 Bilsdorf um Scoutsterrain, 10, rue Abbé Neuens.
Intressenten, déi keng Méiglechkeet hu fir op Bilschdrëf ze kommen, kënnen dat bei der Umeldung mat uginn. De Comité organiséiert den Transport.
A. 11:00h: Scoutsmass um Terrain, duerno Apéritif.
B. Mëttegiessen.
Menü: Ham am Deeg, Gromperegratin, Ierbessen a Wuerzelen, Zalot, Dessert fir 23,00 €
Umeldung beim Martine Schlottert bis Samschdes, 20.05.
Tel. 50 32 71, GSM 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu
C. “Promenade digestive” vun ± 2 Stonnen, Guide Georges Scherer.
(Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen. Bei der Umeldung mat uginn, w.e.gl.)
Méin. 29.05.: Comité um 20:00h am Home.
Sam. 10.06.: Pabeiersammlung.
Rendez-vous um 8:30h virum Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
Don. 15.06.: Keelenowend mat Agape.
Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech.
Menü: Assiette, Fritten an Zalot, Taart a Kaffi, fir 22.– EUR
Umelle bis Sonndes, 11.06., 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu
Sam. 17.06.: Sortie
Rendez-vous A: Gare Péiteng. Zuch op Hollerich, dep. 9:17h
Rendez-vous B: Gare Hollerech um 9:35h zu Fouss bei den Tramsmusée (1,7km / 20 min.)
Rendez-vous C: Tramsmusée um 10:00h
Visite guidée vum Tramsmusée. Dauer: 1,5 Stonn
Transfert op d‘Cloche d‘or:
A: zu Fouss (2,9 km / 31 min.)
B: mam Bus 1 an Bus 205 (dep. 11:41h, arr. 11:57h)
C: mam Privatauto
Mëttegiessen am Restaurant Oberweis, 1, rue Guillaume Kroll
Duerno Transfert mam Bus 18 op d‘Kockelscheier, depart h:07h an h:37h
Spazéiergank vun ca. 5 km um Site Kockelscheier
Transfert mam Bus 18 op d‘Hollerecher Gare: dep. all hallef Stonn um h:22h an h:52h
Heemrees mam Zuch.
(Et kann een och nëmmen deelweis matmaachen. Bei der Umeldung mat uginn, w.e.gl.)
Umeldung: bis Mëttw. 14.06. um 12:00h um Tel. 43 46 49 (Scherer),
Frei. 23.06.: National-Feierdag 2017
Sam. 24.06.: zu Péiteng bei der Gemeng an am Park. Hei ass de Grupp am Asaz, mat Ënnerstëtzung vun der Guilde.
Séier wahrscheinlech wäert och en offiziellen Cortège mat Te Deum organiséiert ginn, wou mir als Guilde gär deelhuelen.
Well de Gemengebeamten hir Millen awer bekanntlech méi lues muelen, si nach keng Detailer publik.
Son. 2.07.: Kulinareschen Trëppeltour zu Kielen. (Org.: Verschidden Associatioune vu Kielen)
Hei de provisoresche Programm (sous réserve):
Depart zu Kielen tëscht 10h30 an 11h30.
Parcours: Kielen – Direndall – Weidendall – Brameschhaff – Kielen = ronn 10 km,
Et si 6 Etappen: 1. Apéro; 2. Entrée; 3. Trou normand; 4. Haptplat; 5. Kéis; 6. Assiette gourmande mat Kaffi. Bei all Plat gëtt et e Gedrénks no Wiel. Präis: 37,00 €
De Parcours ass geeegent fir Poussetten, deemno och fir eeler Leit.
Umeldung an Info fir Intressenten beim Roby Guirsch bis Sam. 17.06., Tel. 26 30 02 96 oder Mail: guirschrob@gmail.com
(Déi genee Detailer kréien déi Ugemellten duerno matgedeelt)
Fir an den Agenda:
Pabeiersammlungen: 8.7. – 5.8. – 9.9. – 7.10. – 4.11. – 9.12.
Porte ouverte um Camp GoUrban Son. 23.07. (D‘Guilde huet eng Sortie geplangt)
Traditionellt Grillfest um Kuelbecherhaff: Son. 06.08.
Eis Franziskus-Mass um Bierg Sam. 14.10
Continue reading → - Programm vun der Guilde: Mäerz - Abrël 27/02/2017
Sam. 4.3.: Buergbrennen [Org. Grupp]
De Fakelzuch geet um 18.30h ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaang.
Jiddereen dee beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.
Sam. 11.3.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]
Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
All Mataarbecht ass wëllkomm.
Dën. 14.3.: Keelenowend um 20:00h am Café Müller zu Lampech.
Fr./Sam. 17./18.03.: Theater am Home. [Org. Grupp] Rido: 19:30h.
Et gëtt gespillt:
– Biber: Scoutimus verschwundibus
– Wëllefcher: De Gravito
– AvEx: Schneewittchen an déi 7 Zwergen
– CaraPio: Eng technesch Affär
– Cheféquipe an Mataarbechter: Männertabu, e lëschtegen Dräiakter
Wann Dir eis wëllt ënnerstëtzen da kommt kucken an/oder stëft eppes fir an d‘Tombola, déi vun der Guilde organiséiert gëtt. Merci am viraus.
Sam. 25.3.: Sortie: Dippach/Gare – Schouweiler/Gare an zeréck, mat Mëttegiessen
Rendezvous A: Gare Péiteng. Zuch op Dippech, dep. 10:47h
Rendezvous B: Gare Dippech. Dep. zu Fouss um 11:00h
Promenade apéritive via Betten/Mess, Sprénkeng op d‘Schuller Gare
Mëttegiessen an der „Osteria del Ponte“. À la carte
Promenade digestive zeréck op Dippech/Gare
Umeldung: bis Mët. 22.03. um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail: guilde-petange@pt.lu
Sam. 8.4.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]
Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.
All Mataarbecht ass wëllkomm.
Sam. 22.4.: Sortie Perlé – Martelange, mat Mëttegiessen
Rendezvous A: Parking hannert „Rousen“, Accès an der rue de la Liberté.
Depart mat Privat-Autoen um 9:45h
Rendezvous B: Parking bei der Kierch zu Pärel (Perlé): 10:00h
Visite vum „W.W.II 385th Bomb Group Museum“, Dauer ± 1 Stonn
Duerno Trëppeltour bis op Maartel an de Resto „Mouton Noir“ (fréier „Maison Rouge“)
3,9 km (1 Stonn), nëmme biergof, gudde proppere Wee.
Mëttegiessen „à la carte“. Menüskaart um Internet: www.lemoutonnoir.lu
Promenade digestive duerch de Park zu Maartel.
Mam Bus 590 zeréck op Pärel, depart 16:14h
Umeldung: bis Mët. 19.4. um 12:00h
um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail: guilde-petange@pt.luSamschdeg, den 29. Abrël 2017 Generalversammlung am Chalet um Prënzebierg um 19:00 Auer
Ordre du jour:
- Usprooch vum President
- Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin
- Keesrapport vum Trésorier
- Rapport vun de Keess-Kontroller
- Zoustëmmung vun de Rapporten an Décharge vum Comité
- Wale fir de Comité a Confirmatioun vun de Keesskontroller. Austriedend an erëmwielbar sinn: Guirsch Roby a Lippert JeanKandidature fir de Comité gi vum President entgéintgeholl.
- Festleeë vun der Cotisatioun 2018
- Aktivitéitsrapport vun der Gruppecheftaine
- Aktivitéite vun der FLGS (Fréier Lëtzebuerger Guiden a Scouten)
- Zoukënfteg Aktivitéiten
- Divers
- Agape (Gromperenzalot mat Wirschtercher, Taart/Kuch, Kaffi) offréiert vun der Clubkeess, ausser dem Gedrénks
Umeldung beim Martine Schlottert Tel.: 503271, GMS: 621 414 040, Mail: jschlott@pt.lu
Delai: bis Dënschdeg, den 25.04.2017
Fir an den Agenda:
Continue reading →
Pabeiersammlungen: 13.5. – 10.6. – 8.7. – 5.8. – 9.9. – 7.10. – 4.11. – 9.12.
Keelenowenter: Dën. 16.5. – Don. 15.6.
Sortie Bilsdorf: 25.5.
“Hei stinn all d’Artikelen vum Site déi an d’Kategorie Guilde gesat goufen.” steet uewen opo dëser Säit (http://lgspeiteng.lu/lb_LU/guilde) .
Tatsächlech gesäit een dann nëmmen :
[catlist id=513 date=yes content=yes]
One thought on “Guilde”
Pingback: LGS Péiteng
An dat war et dann. Schued!
Dat misst awer garantéiert och esou ze maache si wéi et geduecht war?
Mä ech ginn d’Hoffnung net op.
Carlo Peiffer
Merci Carlo, mir war dat net opgefall. Elo geet et nees.