PROGRAMM VUN DER GUILDE: FEBRUAR-MÄERZ 2023

Donneschdes 2. Februar 2023, um 20h00: Keelenowend zu Nidderkuer am Café “Beim Spidol”.

Samschdes 4. Februar 2023, mir hëllefen bei der Pabeiersammlung RdV
wéi gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider;

Sonndes 19. Februar 2023, um 12h00 am Chalet. Gemeinsam Kéisfondue
mat duerno Gesellschaftsspiller. Bei guddem Wieder ass och
Spadséiergang méiglech. Umeldung bis Dënschdes de 14. Februar 2023
beim Renée Lippert: GSM 691 975 679 / renee.weiler@education.lu

Samschdes 25. Februar 2023, vun 9h00 un beim Chalet, Preparatioun
an Opriichten vum Kräiz. Owes Buergbrennen. De Fakelzuch geet um
18h30 Auer ënne beim Wee fort, an d’ Buerg gëtt géint 19h00
ugefaangen. Jiddereen deen bei dem Opriichten gehollef huet, kritt
och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen
sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

Freides a Samschdes, 3. an 4. Mäerz 2023, Theater vum Grupp am Home. Riddo ass um 19h30.
Et gëtt gespillt :
Kanner vun allen Branchen:
Chaos am Bësch
geschriwwe vum Béatrice Lippert
D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Bernd Spehling iwwersat vum
Roby Zenner:
Sief am Pool mäi Krokodil!
Dir kennt Är Platzen, ab dem 6. Februar 2023 ëmmer
vu 17-19h um GSM 621 736 100 (Elsen) reservéieren.


Wichteg: Wéinst dem Theater versiche mir den
Keelenowend vum 2. Mäerz op den 9. Mäerz ze
verleeën. Confirmatioun vum Café war bei
Redaktiounsschluss vun dësem Ziedel nach net do!
Eng Mail gëtt verschéckt oder informéiert iech beim
Marco Quintus GSM 621 346 812.

11. Mäerz 2023 Samschdes, Pabeiersammlung wéi üblech.

Save the date :

21. Abrël 2023, Fréides um 19h00 am Chalet um Prënzebierg, Generalversammlung 2023
vun der Guilde vun de Péitenger Guiden a Scouten. Am Uschloss ass eng Agape virgesinn.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top