Infoziedel bis den 11 Mäerz 2023

Fir Iech alleguer

Buergbrennen

Mir invitéieren Iech alleguer mat äre Famillen, Frënn, Noperen, Bomie …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 25 Februar.

 De Fakelzuch geet um 18:30 Auer ënne beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaangen. Jidderee wou beim Opriichten hëlleft kritt och virum Fakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze maachen, de Grill steet schonns prett.

Scoutstheater

De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 18°°Auer am grousse Sall sinn.) De Preis ass 10€ fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen  awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed. Dir kennt Är Platzen,  elo ëmmer vu 17-19h um 621 73 61 00  (Elsen) reservéieren. P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!

Léif Kanner denkt un är nächst Prouwen. Déi sinn no der Vakanz vun 17-19h am Home St. Hubert zu folgenden Datumer:

  • Méindes 20. Februar
  • Mëttwochs 22 Februar
  • Donneschdes 23 Februar
  • Méindes 27 Februar
  • Dënschdes 28 Februar
  • Mëttwochs 01 Mäerz: Generalprouf

An dëse Prouwe sollen d’Kanner den Text scho wëssen. Ab dem 27 Februar prouwe mir mat Kostümer.

Fir d’Biber, Wëllef an d’Avex

De Samschden den 25. Februar eis traditionellt Buergbrennen. Kommt dofir mëttes um 14h op de Prënzebierg hëllefen d’Buerg opzebauen. Dir kënnt do bleiwen a mat eis eng gutt waarm Zopp iessen an da fir de Fakelzuch är Eltere siche goen a mat hinnen zesummen d’Brenne vun der Buerg kucken. Denkt drun iech gutt waarm unzedoe wëll mir sinn de ganzen Daach dobaussen.

Duerno sinn nach e puer Prouwen fir den Theater , kuckt dofir uewen um Ziedel. Denkt drun de Freiden 3 Mäerz a Samschden 4 Mäerz fir den Theater schonn um 18h am Home ze si well dir musst jo nach geschminkt ginn. Wann dir nach Cadeaue fir an d’Tombola hutt , da bréngt déi an eng vun de Prouwe mat.

De Samschden drop , den 11 Mäerz ass erëm normal Versammlung vun 14h-16h um Prënzebierg

Fir d’CaraPio

De Samschden den 25. Februar eis traditionellt Buergbrennen. Kommt dofir scho moies um 9h op de Prënzebierg hëllefen d’Buerg opzebauen. Dir kënnt do bleiwen a mat eis fir mëttes an owes iessen, ier dann d’Buerg ugefaange gëtt. Denkt drun iech gutt waarm unzedoe wëll mir sinn de ganzen Daach dobaussen a bréngt och Schaffhändsche mat.  Duerno sinn nach e puer Prouwen fir den Theater , kuckt dofir uewen um Ziedel. Denkt drun de Freiden 3 Mäerz a Samschden 4 Mäerz fir den Theater schonn um 17h am Home ze si fir beim opriichten ze hëllefen. De Samschden drop , den 11 Mäerz ass erëm normal Versammlung vun 14h-16h um Prënzebierg.

Fir d’RaRo

Den 18 Februar siche mer eis en schéine Bam fir d’Buergbrennen a maache Fäschen. Mir fänken em 10h moies un, iesse mëttes eppes zesummen a maache weider bis mer genuch Material hunn fir e schéint Feierchen. Vergiesst är Schaffhändschen net. Mellt iech w.e.g . beim Claire un (621683999) fir dat mer wësse fir wéi vill Leit mer kache sollen.

De Samschden den 25. Februar eis traditionellt Buergbrennen. Kommt dofir scho moies um 9h op de Prënzebierg hëllefen d’Buerg opzebauen.

Den 03 a 04 Mäerz ass den Theater wou mir schonn um 17h am Home si fir opzeriichten a Buvette an d’Rei ze setzen.

Den 11 Mäerz ass moies Pabeiersammlung a mëttes normal Versammlung.

Kuckt och bei „ Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’Albatrossen

Di nächst Albatrossversammlung ass de 17 Februar. Mir treffen eis um 20h beim Chalet  de Rescht ass nach eng Iwwerraschung. Kuckt och bei „ Fir d’CaraPio, RaRo,….“.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Samschdes den 18. 02 siche mer eis en schéine Bam fir d’Buergbrennen a maache Fäschen. Mir fänken em 10h moies un, iesse mëttes eppes zesummen a maache weider bis mer genuch Material hunn fir e schéint Feierchen. Vergiesst är Schaffhändschen net. Mellt iech w.e.g . beim Claire un (621683999) fir dat mer wësse fir wéi vill Leit mer kache sollen.  

De Samschdes de 25.02 riichte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet. Matbréngen: Schaffhändschen, Tupperware fir wann dir nach Ravi wëllt mat heem huelen a gutt Laun

De 03 a 04. 03 ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrénks, sou  ewéi em d’ofriichten. R.d.v vu  17°° un am Home.

De Samschden 11 Mäerz  ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Elo schonns e decke Merci fir deng Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top