Tag Archives: Befreiung

Scoutsziedel bis de 26. September

Salut alleguer,

d’Vakanz ass nach net ganz eriwer a schons hu mir e grousse Programm. Hei fannt dir déi éischt Aktivitéiten fir d’Scoutsjoer 2015/2016.

Dest Joer ass den 71.  Anniversaire vun der Libératioun. D’Gemeng an de Syndicat d‘Initiative organiséiren fill Aktivitéiten fir dest ze feiren. Hei just déi, wou mir als Grupp matmachen.

Gruppefoto vum Anniversaire, September 2014

Fir de ganze Grupp: Mëttwochs de 9.September: Ofiziell Gedenkfeier

R.d.v um 19.30 Auer an Uniform beim Denkmal vum Zaldot um Square Hyman Josefson. Géint 20°° ass e Concert op der Maartplatz. Déi offiziell Participatioun vun de Scouten ass fir um Concert eriwer.

Fir de ganze Grupp: Sonndes de 13.September: Journée Commémorative du Passeur

R.d.v an Uniform um 9.15 fir un der Kiirch zu Péiteng. No der Mass ass eng Gedenkfeier, um 11°° Auer si Feierlechkeeten am Home St.Hubert. Déi offiziell Participatioun vun de Scouten ass no der Gedenkfeier bei der Kiirch géint 10.45 Auer eriwer.

Fir d’Chef: Denschdes den 15. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° beim Guy doheem.

Fir de ganze Grupp: Samschdes den 19. September: Éischt Versammlung fir daat neit Scoutsjoer

D‘Biber/d’Wëllef, d’Avex an d’CaraPio hu vu 14°° bis 16°° Versammlung um Prënzebierg. D‘RaRo hu vu 16.30 Auer bis 18.30 Auer Versammlung um Prënzebierg.

Fir d‘CaraPio, d‘RaRo, d‘Matarbechter, d‘Guilde a d’Chef: Samschdes den 19. September: Pabeiersammlung a Kleedersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross, do deele mir eis an, a kuke wen wou hëllfet. Wëll Pabeiersammlung a Kleedersammlung gleichzeiteg eng logistesch Erausfuedrung a fill Arbecht sin, ass et wichteg dass jidfereen den irgendwéi kann helefen, derbei ass. Elo schons en decke Merci.

Fir d‘Chef an d’Guilde: Denschdes den 22. September: Virbereedungsversammlung

An deser Versammlung bereede mir d’Feier an d‘Mass vum 3. Oktober fir. R.d.v ass um 20°° beim Guy doheem.

Fir d’Chef: Mettwoches den 23. September: Kongress zu Betebuerg am Schlass

Détailer fannt dir am Contact an op lgs.lu. Sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed wann dir mat gidd.

Fir de ganze Grupp: Samschdes den 26. September: Scout fir een Daag

Vun 15°° bis 18°° dréint sech bei Staatshaus alles em d’Scouten. Brengt är Kollege mat, a weist hinnen waat e bei eis alles erliewe kann. Fir dass mir och eppes ze bidden hun sin d’Chef moies vun 9°° un umgang opzerichten. D’Guilde suergt dass Kee muss hongreg an druschtreg sin.

Fir d’Chef: Sonndes den 27. September: Chefdag zu Betebuerg

Détailer fannt dir am Contact an op  lgs.lu. Sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed wann dir mat gidd.

Guilde

Bei der Rubrique „Guilde“ hei um Site fannt dir d’Aktivitéiten vun eiser eelster Branche, des därfte fir un allem är Elteren intresséiren, bei den Treppeltier kënnt dir och gär als Famill matgoen.

Feier 70 Joer Liberatioun

En Dënschden gouf de 70. Joresdag vun der Befreiung vu Péiteng duerch d’Amerikanesch Arméi gefeiert. D’Péitenger Guiden a Scoute waren och bei de Festivitéiten dobäi. Eis Chef d’Claire an de Fränz hunn och Texter virgedroen fir de Grand-Duc Henri, d’Delegatioun vu politesche Vertrieder an all d’Leit déi sech afonnt hate fir dësem Dag ze gedenken.

Hei e puer Referenzen aus der Press déi iech kéinten interesséieren:

Viru 70 Joer hunn d’Amerikaner Lëtzebuerg befreit – mat engem Interview mam Fernand Didier iwwer den 9. September 1944.

Interview Fernand Didier

Großherzog Henri gedenkt der Befreier Luxemburgs –  mat Fotoe vun der Zeremonie an dem Cortège.

Scoutsziedel bis den 25. September 2010

Fir iech alleguer:
Dat neit Scoutsjoer steet virun der Dier, ech hoffen dir hat all eng schéin Vakanz a sidd gutt a Form. Mir hunn fir unzefänken een volle Programm. Eise Grupp bedeelegt sech un de Feierlechkeeten vum 66. Joresdag vun der Befreiung vun Péiteng.
RockabillyDonneschdes den 9 September: R.d.v an Uniform um 19:00 beim Denkmal vu amerikaneschen Zaldot. Duerno ass ass am Home e Concert mat Countrymusek, dat misst eppes sinn fir déi ganz Famill! Mir suerge fir d’Gedrénks an den Handball grillt.
Samschdes den 11.September: De Syndicat d’Initiative organiséiert een „Freedom Festival.“ Dat ganzt geet um 11:00 beim Staatshaus lass. De ganzen Daag steet am Zeechen vun Amerika, mat amerikanescher Musik, amerikaneschen Autoen… Mir hunn do eng Buvette a mir grillen. Mir freeën eis fir Iech an är Famill do ze gesinn.
Sonndes den 12. September: Journée Commémorative du Passeur. R.d.v um 9:00 an Uniform virum Staatshaus. Um 11:30 ass „A Rousen“ eng Receptioun an duerno ass et fäerdeg.
Fir all d’Wëllefcher:
Salut, lies w.e.g. och den Ufank vum Ziedel, do sinn 3 R.d.v. wou et flott wier wann s de géings matmaachen.
De 18. an de 25. September ass et endlech nees esou wäit, dann ass erëm Versammlung. Mir gesinn eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Hues du e Frënd oder eng Frëndin déi och un de Scouten intresséiert ass? Bréng se mat!
Fir all d’ AvEx:
Salut, lies w.e.g. och den Ufank vum Ziedel, do sinn 3 R.d.v. wou et flott wier wann s de géings matmaachen.
De 18. an de 25. September ass et endlech nees esou wäit, dann ass erëm Versammlung. Mir gesinn eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Hues du e Frënd oder eng Frëndin déi och un de Scouten intresséiert ass? Bréng se mat!
Fir all CaraPio:
Salut, lies w.e.g. och den Ufank vum Ziedel, do sinn 3 R.d.v. wou et flott wier wann s de géings matmaachen.
Den 11. September ass Pabeiersammlung an den 25. September ass Kleedersammlung. Lies doriwwer bei „Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio.” De 18. an de 25. September ass et endlech nees esou wäit, dann ass erëm Versammlung. Mir gesinn eis  vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Hues du e Frënd oder eng Frëndin déi och un de Scouten intresséiert ass? Bréng se mat!
Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Wéi dir uewe gelies hutt steet esou munches um Programm. D’Chef an d’RaRo hunn en Dënschdeg um 20:00 um Bierg eng Versammlung fir ze kucken wéi mir eis fir den 9. an den 11. September organiséieren.
Den 11. ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Well mir och mussen vun moies un beim Staatshaus sinn, brauchen mir fill Leit bei der Pabeiersammlung. Elo schonns een décke Merci fir Deng Hëllef!
Den 25. September ass Kleedersammlung, R.d.v ass um 9°° beim ale Pompjeesbau.
Fir d’Chef:
E Mëttwoch den 15. September ass Kongress um 18:30 Auer zu Stengefort. Sonndes den 19. September ass Chefdag vun 8:30 Auer un. Den ass och zu Stengefort.