Scoutsziedel bis den 25. September 2010

Fir iech alleguer:
Dat neit Scoutsjoer steet virun der Dier, ech hoffen dir hat all eng schéin Vakanz a sidd gutt a Form. Mir hunn fir unzefänken een volle Programm. Eise Grupp bedeelegt sech un de Feierlechkeeten vum 66. Joresdag vun der Befreiung vun Péiteng.
RockabillyDonneschdes den 9 September: R.d.v an Uniform um 19:00 beim Denkmal vu amerikaneschen Zaldot. Duerno ass ass am Home e Concert mat Countrymusek, dat misst eppes sinn fir déi ganz Famill! Mir suerge fir d’Gedrénks an den Handball grillt.
Samschdes den 11.September: De Syndicat d’Initiative organiséiert een „Freedom Festival.“ Dat ganzt geet um 11:00 beim Staatshaus lass. De ganzen Daag steet am Zeechen vun Amerika, mat amerikanescher Musik, amerikaneschen Autoen… Mir hunn do eng Buvette a mir grillen. Mir freeën eis fir Iech an är Famill do ze gesinn.
Sonndes den 12. September: Journée Commémorative du Passeur. R.d.v um 9:00 an Uniform virum Staatshaus. Um 11:30 ass „A Rousen“ eng Receptioun an duerno ass et fäerdeg.
Fir all d’Wëllefcher:
Salut, lies w.e.g. och den Ufank vum Ziedel, do sinn 3 R.d.v. wou et flott wier wann s de géings matmaachen.
De 18. an de 25. September ass et endlech nees esou wäit, dann ass erëm Versammlung. Mir gesinn eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Hues du e Frënd oder eng Frëndin déi och un de Scouten intresséiert ass? Bréng se mat!
Fir all d’ AvEx:
Salut, lies w.e.g. och den Ufank vum Ziedel, do sinn 3 R.d.v. wou et flott wier wann s de géings matmaachen.
De 18. an de 25. September ass et endlech nees esou wäit, dann ass erëm Versammlung. Mir gesinn eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Hues du e Frënd oder eng Frëndin déi och un de Scouten intresséiert ass? Bréng se mat!
Fir all CaraPio:
Salut, lies w.e.g. och den Ufank vum Ziedel, do sinn 3 R.d.v. wou et flott wier wann s de géings matmaachen.
Den 11. September ass Pabeiersammlung an den 25. September ass Kleedersammlung. Lies doriwwer bei „Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio.” De 18. an de 25. September ass et endlech nees esou wäit, dann ass erëm Versammlung. Mir gesinn eis  vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Hues du e Frënd oder eng Frëndin déi och un de Scouten intresséiert ass? Bréng se mat!
Fir all d’Mataarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Wéi dir uewe gelies hutt steet esou munches um Programm. D’Chef an d’RaRo hunn en Dënschdeg um 20:00 um Bierg eng Versammlung fir ze kucken wéi mir eis fir den 9. an den 11. September organiséieren.
Den 11. ass Pabeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 zu Péiteng op der Léngerstrooss. Well mir och mussen vun moies un beim Staatshaus sinn, brauchen mir fill Leit bei der Pabeiersammlung. Elo schonns een décke Merci fir Deng Hëllef!
Den 25. September ass Kleedersammlung, R.d.v ass um 9°° beim ale Pompjeesbau.
Fir d’Chef:
E Mëttwoch den 15. September ass Kongress um 18:30 Auer zu Stengefort. Sonndes den 19. September ass Chefdag vun 8:30 Auer un. Den ass och zu Stengefort.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top