Infoziedel fir den November 2020

Fir Iech alleguer

1. Ofmeldungen fir d’Versammlungen

Léif Elteren a Jonker, an der momentaner Situatioun mat der Covid19 Pandemie ass et wichteg dat dir är Kanner oder Iech selwer min 24 h virun de Versammlungen un-bzw -ofmellt. Är Chef organiséieren di Versammlungen ëmmer am viraus a brauchen eng gewëssen Zäit fir hir Pläng ze adaptéieren. Also mellt w.e.g. är Kanner of soubal der wësst dat si net a Versammlung kenne kommen, krank sinn, an der Quarantän sinn,… Merci villmools. Mir halen ons un d’Recommandatioune vum Verband fir d’Sécherheet vun eise Memberen. Dofir sinn eis Versammlungen dobaussen (denkt un waarm Kleeder), mir halen eis Mask an der Versammlung un, a sinn zu max. 30 Persounen zesummen.

2. Adventskränz

Dëst Joer fënnt leider keen Niklosmaart zu Péiteng statt. Mir verkafen awer weiderhi flott Adventskränz an Dekoratiounen op Bestellung. Duerfir bestellt séier e Kranz per Telefon oder Email beim Claire Zwick (691 309 108, zwick.claire@gmail.com) bis den 26 November. Mir liwweren Iech de Kranz dann den 28 November gratis Heem. Kuckt an der Annexe vum Bréif oder um Internetsite fir Fotoe vun de Modeller ze gesinn.

3. Cotisatiounen

Fir déi, di et nach net scho gemaach hunn: et ass nees un der Zäit fir de Joresbäitrag ze bezuelen. Des Sue ginn integral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerwisen. Duerch d’Bezuele vun der Cotisatioun ass äert Kand verséchert a kritt e puer mol am Joer eng Zeitschreft geschéckt. Iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir dat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. Villmools Merci! P.S. D’Mataarbechter a Chef brauche kee Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mëscht dat fir si als kleng Unerkennung fir hir Aarbecht.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner

Fir d’Biber

Ob Grond vun den neie Mesurë géint de Coronavirus ass et wichteg dass dir all eng Mask mat an d’ Versammlung bréngt. (Mier mussen déi all wärend da ganzer Zäit un hunn, och wann dir de Bierg erop kommt) Bréngt dowéinst w.e.g. och all eng eege Fläsch mat Waasser mat. Mir hunn déi nächst 3 Samschdeger (14.11; 21.11 & 28.11) normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 um Bierg. Ditt Iech dem Wieder no un mir sinn dobaussen an dot och  Kleeder un ,déi kenne knaschteg ginn, mir wäerte mat Wuess schaffen. Bis en Samschden a bléift all gesond.

Fir d’Wëllefcher

Mir hunn di nächst 3 Samschdeger den 14,21 an 28 November Versammlung vun 14h bis 16h  um Prënzenbierg. Souvill kann ech verroden : et gëtt Shrek-lech flott ; an och kal ,also ditt Iech waarm un.

Fir d’Avex

Mir hunn di nächst 3 Samschdeger den 14,21 an 28 November Versammlung vun  14h bis 16h  um Prënzenbierg. Ditt Iech waarm un a vergiesst är Mask net.

Fir d’CaraPio

Mir gesinn eis déi nächst dräi Woche vu 14:00-16:00 um Prënzebierg: Samschdes de 14., 21., an 28. November. Well mer weider an der Entreprise “Iesse” si musst der iech jeeweils bis spéitstens de Freide virdrun um 12:00 Mëttes per SMS beim Gilles umellen. Mir kënne leider keng Iesswueren oder Material virgesi fir déi déi sech net umellen. Denkt drun dass mir bei all Wieder dobausse sinn, an dass der e Mask musst mat bréngen. Dir sollt och ëmmer en Täschemesser dobäi hunn wéi dat sech fir richteg Caravellen a Pionéier gehéiert! An der Woch vum 23. – 27. November hëllefe mer um Prënzebierg beim Weckelen vun den Adventskränz. Kuckt dofir bei “Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Mataarbechter, Chef a Guildememberen”.

Fir d’RaRo

Mir hunn den 14,21 an 28 November normal Versammlung um Prënzebierg.Vergiesst är Mask net! Den 21 Nov riichte mir d’Säll a fir eis Adventskränz-Aktioun. An der Woch vum 23. – 27. November hëllefe mer um Prënzebierg beim Wéckele vun den Adventskränz. Kuckt dofir bei “Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Mataarbechter, Chef a Guildememberen”.

Fir d’Albatrossen

Den 20.11 treffe mir eis um 20 Auer beim Chalet. Mir maache Pizza dobaussen. Ditt Iech also waarm un.

An der Woch vum 23. – 27. November hëllefe mer um Prënzebierg beim Wéckele vun den Adventskränz. Kuckt dofir bei “Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Mataarbechter, Chef a Guildememberen”.

Fir all d’Carapio,RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen

Fir äis Adventskränz-Aktioun schaffe mer an der Woch vum 23-27 November vu Méindes bis Donneschdes all Owend vun 18°° un um Bierg. De Samschden 28 November liwwere mer dann d’Kränz aus. Och beim wéckelen an dekoréieren hale mer eis un d’Hygiènesmesuren, dofir bréngt nierft äre Schaffhändschen och eng Mask mat!

Fir déi Mataarbechter a Guildenmemberen di léiwer doheem wëlle wéckelen, mëllt Iech beim Claire (621 68 39 99) ,da brénge mer Iech d’Material laanscht.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top