Fortsetzung vun eiser Corona-BA

Am Lockdown wärend Mäerz-Abrëll dëst Joer hunn mir gehollef dem Biobuttek Jeekelshaff seng Client’s ze beliwweren. Fir dat dëst och eng BA bleift huet de Grupp decidéiert dat all Drénkgelder sollen fir e gudden Zweck gespent ginn. Eise Choix ass op d’Organisatioun Izulu Water and Environmental Conservation a.s.b.l. gefall.

Dëst Organisatioun ass an Südafrika an der Regioun KwaZulu Natal täteg. Si bueren do Waasserlächer (Boreholes) fir dat di lokal Bevëlkerung an hirem Duerf dorop zougräifen kann an d’Kanner an d’Fraen net mussen kilometerwäit lafen fir un Drénkwaasser ze kommen. Ausserdeem organiséieren si Aktiounen fir den Dreck opzerafen an ginn Formatiounen iwwert d’Geforen vun der Ëmweltverschmotzung. Mat der Spend konnt d’Waasserlach Nummer 29 gebuert gi.

Des Woch war et dann esou wäit , eist Borehole 29 ass feierlech ageweit ginn. Elo kennen em 108 Persounen aus der Regioun Qondwane bequem op proppert Drénkwaasser zougräifen. E grousse Merci un all déi di dës Aktioun erméiglecht hunn.

Fir weider Informatiounen:

http://izuluwater.org an https://www.facebook.com/Izuluwater/

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top