Infoziedel bis den 10. Januar 2021

Fir Iech alleguer (Biber, Wëllef, Avex, CaraPio):

Leider sinn d’Moossname fir de Coronavirus anzedämmen ab dem 26 Dezember nach eng Kéier méi streng ginn. Dozou gehéiert dat all parascolaire Aktivitéite fir d’Kanner op mannst bis den 10 Januar net méi erlaabt sinn. Deemno ass emol den Samschden 09. Januar keng Versammlung. Wéi – an ënnert wéi enge Konditiounen- et nom 10 Januar weider geet wësse mir och nach net. Mir halen Iech um Lafenden.

Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen:

Op eis Nofro hin erlaabt d’Gemeng nach weiderhin eis Pabeiersammlung den 9 Januar. Natierlech musse mer eis un d‘Gestes Barrière halen (Ofstand, Masken,…)  Rdv ass um 8:30h op dem ale Site vun der Eucosider.

Fir d’Chef

Den nächste Grupperoot ass den Dënschden 5 Januar um 20h. Mir machen deen erëm online iwwer Jitsi.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top