Infoziedel bis den 30 Januar 2021

Fir Iech alleguer (Biber, Wëllef, Avex, CaraPio,…):

Léif Biber, Wëllef, Avex, CaraPio, RaRo an Albatrosse mir hunn gutt Neiegkeete fir iech. Mir däerfen erëm Versammlungen halen!!!

Mir mussen eis awer nach ëmmer un d’Reegelen hale fir dat mer net krank ginn an eis net géigesäiteg ustiechen. Eis Versammlunge sinn ëmmer dobaussen, duerfir ditt iech waarm un. Ditt och ëmmer är Mask un. Well mir a klenge Gruppe schaffe mussen, wëll ech och nach eng Kéier drun erënneren dat är Elteren iech solle spéitstens den Daach virun der Versammlung beim responsabele Chef un-oder ofmellen. Dat hëlleft de Chef fir hir Versammlung besser ze plangen . Merci fir äert Versteesdemech.

Mir freeën eis drop Iech geschwënn all gesond a monter erëm ze gesinn.

Fir d’Biber

Mir hunn di nächst Samschdeger de 16, 23 an 30 Januar Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Kuckt och bei « Fir Iech alleguer ».

Fir d’Wëllefcher

Mir treffen eis wéi gewinnt Samschdes de 16.01, den 23.01 an den 30.01 vu 14h00 bis 16h00 um Prënzenbierg. Mir fänken och elo mat engem neie Komet un ,deen 4 Woche wäert daueren. Sidd gespaant. Ehm een Hiweis?  ?. Kuckt och bei « Fir Iech alleguer ».

Okay. Bis denne är Wëllefchef.

Fir d’Avex

Mir hunn di nächst Samschdeger de 16, 23 an 30 Januar Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Kuckt och bei « Fir Iech alleguer ».

Fir d’CaraPio

Mir hunn di nächst Samschdeger de 16, 23 an 30 Januar Versammlung vun 14-16h  um Prënzebierg. Kuckt och bei « Fir Iech alleguer ». De 6.02 hu mer keng Versammlung mee mir hëllefe bei der Pabeiersammlung.

Fir d’RaRo

Mir hunn di nächst Samschdeger de 16, 23 an 30 Januar Versammlung um Prënzebierg. Kuckt och bei « Fir Iech alleguer ». Fir déi di sech gemellt haten : vergiesst net de 16.01 moies um 10h hëllefe mer an der Kierch d’Krëppchen ofriichten.

Fir d’Albtrossen

Dat neit Joer huet gestart. Mir treffen eis Freides de 15.01 um 20 Auer beim Chalet.

Fir d’Chef

Den nächste Grupperoot ass den Dënschden 9 Februar um 20h.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top