Infoziedel bis d'Fuesvakanz 2021

Fir Iech alleguer

Den Samschden 20 Februar hunn mir eist traditionellt Buergbrennen.

Wëll dat dëst Joer wéinst den sanitäre Moossnamen anescht muss organiséiert ginn wéi soss, kennt dofir nach en Infoziedel mat Detailer fir den Oflaf no. Reservéiert Iech deen Datum mol am Kalenner.Mir halen eis leider och d’Méiglechkeet op, dat ganzt Event kuerzfristeg ofzesoen wann d’Pandemie-situation am Land géing méi schlëmm ginn.

Fir d’Biber

Leif Biber, den nächsten Samschde 06. 02 hunn mir wéi ëmmer vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Prënzebierg. Denkt drun iech bis spéitstens de Freide beim Claire Zwick um 691309108 unzemellen. An der Fuesvakanz si keng Versammlungen.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllef , dëst ass di lescht Versammlung virun der Vakanz. Mir gesinn eis den Samschde 06.02 vun 14 bis 16 h um Prënzebierg an probéieren eise Kuerzfilm ganz ze dréinen. Fir de Rescht wënsche mir Iech all eng schéi Fuesvakanz.

Fir d’Avex

De Samschden de 06.02 hu mer normal Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Dir wësst: Mask, bis Freides umellen a waarm Kleedung net vergiesse ? An der Fuesvakanz si keng Versammlungen.

Fir d’CaraPio

Léif CaraPio, de Samschden, 6. Februar hëllefe mer bei der Pabeiersammlung. Kuckt den Detail weider ënnen. Ier mer eis fir d’nächst gesinn gëlt et eng Umeldungsfrist an ze halen: kuckt den Abschnitt “MAD2GO”. D’Lycéesschüler hu schonn éischter Vakanz dofir hu mer eis nächst CaraPio Versammlung eréischt no der Fuesend, de 27. Februar.

Mat Virfreed kënnt der och schonn dës Daten an äre Kalenner schreiwen:

-De 17. Abrëll ass d’JoCaPi (journée Caravellen a Pionnéier) zu Dikrech vu moies fréi, bis an de fréien Owend. Detailer kommen no.

-Vum 28. – 30. Mee si mer MAD2Go – Multi Action Days, e Rally kombinéiert mat engem Camp Volant an der Géigent Luerentzweiler. E puer Detailer ginn et am Infobréif hei: https://carapio.lgs.lu/2021/01/24/mad2go-info-1/ 

Mir mussen eis provisoresch umellen, dofir schreift dem Gilles bis spéitstens den 20. Februar eng SMS ob der interesséiert sidd mat ze maachen. Wa mer genuch Leit hu fir eng Ekipp opzestellen kommen nach Detailer no.

Fir d’RaRo

De Samschde 06.02 ass Pabeiersammlung. Kuckt do bei „Fir d’CaraPio, RaRo,…“ a kommt hëllefen. Nomëttes ass dann nach Versammlung vu 16:15 bis 18:15 um Prënzebierg.

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 6.02  ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)

Fir d’Chef

Den Dënschden 09.02 ass online Grupperot um 20h. Detailer mam Link fir de Grupperot kommen an enger Mail no.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top