9:00 A lass!
11:00 D’Lach ass déif genuch. De Querbalke vun der Buerg ass prett.
12:00 De Poul ass prett an op der Plaz. D’Ärm si befestegt an d’Stréi fir ze wéckele läit prett. Zäit fir d’Mëttegpaus.
14:00 Gewéckelt! Mir si prett fir d’Buerg mat dem Tire-fort erop ze zéien.
16:00 D’Buerg steet, Zäit fir Brennholz dobäi ze geheien.
16:45 Fäerdeg! Opraumen, Kaffispaus a Still opstelle stinn als nächst un.
18:30 Um Uschloss un de Fakelzuch gëtt d’Buerg ugefang. Äddi Wanter!