Dinner

Infoziedel fir de Mee 2021

Fir d’Biber

Mir hunn di nächst 2 Samschdeger (08.05 a 15.05 ) normal Versammlung vu 14.00 bis 16.00 um Prënzebierg. Duerno ass schonn erëm Päischtvakanz wou keng Versammlung ass. Mir plange fir de Summer schonn eise Bibercamp. Soulaang di Sanitär Mesuren et zouloosse plange mir de Camp vum 22.07 bis de 25.07.2021. Halt iech den Datum also scho frei. Wieder Infoe kommen no.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher dëse Weekend , den 08.05 gi mir op eisen Miniwëllefchersrallye. Bréngt fir dës Versammlung ee klenge Rucksak mat engem Bidon mat Waasser an e puer Snacks mat. D’Versammlung kann e bësse méi laang daueren +/-30 Min. Mir bleiwen awer zu Péiteng. Fir dës Versammlung musst dir Iech bei mir umellen (691 177 773). Déi Woch dono, den 15.05, kucke mir eise Minifilm dee mir amplaz vum Theater gedréint hunn. Mir gesinn eis dofir vu 14-16h op dem Prënzebierg. Déi Woch dono ass dann erëm Vakanz an do si keng Versammlungen. P.S. Mir plange schonn emol eise Camping an der Hoffnung dat di sanitär Mesuren et bis dohin zouloossen. Also haalt Iech emol di Woch vum 19-25 Juli fräi.

Fir d’Avex

Hey Avex , mir wäerten an deenen nächsten zwou Versammlungen den 08 an de 15 Mee eis nei Expeditioun ufänken an allkéiers vun 14-16h um Prënzebierg eis Hängematten-Still fir de Camping designen a bauen. Sidd also present fir dat och jidderee vun Iech en Stull fir de Camp huet. Duerno ass Päischtvakanz wou mer keng Versammlung hunn

Fir d’CaraPio

Wou fënnt ee Stiedt an Dierfer, Stroossen a Flëss, mä keng Leit? Ween an eiser nächster Versammlung d’Äntwert weess gewënnt eng Kamell!

Mir gesinn eis Samschdes den 8. an de 15. Mee (den internationalen Dag vun der Famill!) vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Dir braucht dat üblecht: Mask, Schaffhännschen, Messer, Kleeder fir dobaussen.

Den 22. an 29. ass Vakanz, do gesi mer eis net.

Fir den Iron Scout, den 10. bis den 11. Juli kënnt der iech umelle per Virement bis de 5. Juni. Wéi d’lescht Kéier kënne mer just Deel huele wa mer eng Ekipp beineen hunn.

LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
30€ oder 45€*

Vermierk: Iron Scout [Numm vum CaraPio]

– 30€ Basic Iron-Package : 5 Gänge-Menü, Badger, Taxi an eng Bloderplooschter
– 45€ Premium Iron-Package : Basic Package + T-Shirt + VIP Taxi + 2. Bloderplooschter

Wann der elo schonn all Detail iwwer den Iron Scout wësse wëllt, kuckt op https://carapio.lgs.lu/2021/03/24/1476-2/ an luusst regelméisseg op d’Säit vun der CaraPio Regionalekipp Süden (https://www.facebook.com/Regionalekipp-CaraPio-Süden-110574437748663/

Fir d’RaRo

De Samschden 08.05 maache mir Pizza an eisem neien Uewen, dofir dauert déi Versammlung méi laang bis 19 h. Déi Woch drop , de 15.05 ass erëm normal Versammlung.

Fir d’Albatrossen

Mir hunn de Freiden 21.05 um 20h Versammlung um Prënzebierg. Ditt iech sportlech un (Schong wou der dra lafe kennt a Joggingsbox) d’Warscheinlechkeet ass grouss dat der an d’Schweesse kommt.

Fir d’Chef

Den Mëttwoch 19.05 ass Grupperoot um 20h.

Fir d’Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Di offiziell Aluedung kennt no, mee da sidd dir scho virgewarnt :

De Grupp LGS Péiteng lued all Chef , Guildememberen an Mataarbechter an, fir mat eis den 95+1 Gebuertsdag ze feieren.

Wéini? De Sonnde 6 Juni 2021 , Start um 11h, Enn géint 18h

Wou? Op eisem allerléifste Kuelbécherhaff (1, rue de Mersch, L-7000 Hollenfels)

Um Programm steet en Iessen (Fierkel um Spiess mat Gromperen an Zalot), Scouts-Spiller vu gëschter an haut an e klengen Trëppeltour. Umeldung: bis den 19 Mee beim Claire (621 68 39 99) , sot mer och zu wéivil dir kommt (Kanner matgezielt).

Dëst Iesse wäert leider just stattfannen, wann déi, zu deem Zäitpunkt aktuell sanitär Mesuren et erlaben. Wann sech un dësen eppes ännert, kann et leider sinn, dat mer d’Iessen ofsoe mussen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top