Scoutsziedel bis den 29. November 2009

Fir iech alleguer:
Et ass erëm un der Zeit fir d’Cotisatioun ze bezuelen. Am Anhang fannt dir d’Déteielr zu den Cotisatiounen.
Samschdes de 28. a Sonndes den 29. November ass Niklosmaart zu Péiteng. Wéi all Joer sin mir och dest Joër, nees um Maart vertrueden. Mir verkaafen Adventskänz, flott Dékoratiounen …..Nom Succés vum läschte Joër, behaalen mir d’Kaffiszelt bei. Léif Elteren, hei si mir op är Hëllef ugewisen. Et wier superléif wann dir eis den ee oder aneren Kuch/Taart gingt backen a wann dir eis e kéint  Samschdes oder Sonndes bei d’Staatshaus brengen. VILLMOLS MERCI !!!!!

Fir all d’Wellefcher:
Samschdes den 21. November  hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.
E Samschden den 28. November ass KENG Versammlung, wëll den 28. an 29. November beim Staatshaus Bazar ass. Dir sidd härzlechst agelueden eis mat ären Elteren, Grousselteren, Noperen a Frënn besichen ze kommen.

Fir all d’ AvEx:

Samschdes den 21. November  hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Mir backen nach eng Kéier fir de Bazar. E Samschden den 28. November ass KENG Versammlung, wëll den 28. an 29. November beim Staatshaus Bazar ass. Dir sidd härzlechst agelueden eis mat ären Elteren, Grousselteren, Noperen a Frënn besichen ze kommen.
Fir all CaraPio:
Samschdes den 21. November  hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Lies och w,e,g déi läscht Rubrique.

Fir all d’RaRo:
Samschdes den 21. November  hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Lies och déi läscht Rubrique.

Fir all d’Chef:
E Mettwoch den 18.11 ass um 20°° Grupperot um Bierg. Lies och déi läscht Rubrique.

Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:

Fun Méindes dem 23.11 bis Donnëschdes den 26.11 si mir all Owend vun 19°° Auer un um Bierg. Mir schaffen fleisseg fir de Bazar. Freides den 27.11 si mir um 18°° beim Staatshaus fir d’Zelter opzerichten wa néideg gëtt duerno och nach un de Kränz geschafft. Samschdes a Sonndes hëllefe mir vun 10°°un um Bazar. (An der Versammlung vum 21.11 kucke mir, wen, wini hëllefe kënnt.)

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top