Infoziedel fir Dezember 2021

Fir Iech alleguer

Dëst ass den lëschten Infoziedel fir d‘Joer 2021. Déi ganz Cheféquipe wënscht Iech an ärer Famill schéin Feierdeeg an en gudden Rutsch an dat neit Joer! Merci fir är Ënnerstëtzung a bleift all gesond.

Friddensliicht-Feier

Samschdes den 18. Dezember verdeelen d’Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Bei dëser Feier kritt jidderee symbolesch de Fridden a Form vun enger Käerz mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  weider ze verdeelen. D’Wëllef an d‘Avex hunn dee Samschden eng speziell Versammlung zu Déifferdeng (Kuckt ënnen), Jiddereen dee well un dëser Feier deelhuelen, dat heescht all eis Memberen an hir Famillen kennen um 17h an Péitenger Parkierch fir fir d’Virowendmass kommen. No der Mass verdeele mer dann d’Liicht un d’Besicher vun der Mass. Är Elteren, Geschwëster, Familljememberen a Bekannte sinn häerzlech wëllkomm fir dëse méi besënnleche Moment mat eis ze feieren.

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher dat heite sinn déi  lescht Versammlunge fir dëst Joer. De 04. Dezember ass eis Kleeschenversammlung bréngt dofir  ee klenge Kaddo ( net méi deier wéi 7€) an eng Chreschtboule mat. De Kleesche brauch ë bessen Hëllef. Den 11. Dezember ass dann d’Oofschlossversammlung vun 14h bis 16:30h do maan mir ee klenge Snack um Feier.? Bréngt heifir äert Täschemesser mat. Loosst Iech iwwerraschen an ditt iech waarm un. Den 18 Dezember gi mer d’Friddensliicht op Déifferdeng bei de Stade Thillenberg sichen. RDV ass um 13h um Prenzebierg , mir fueren dann zesummen op Déifferdeng. Ditt Iech waarm un , doot Foulard an Uniform un an huelt e Bidon mat Waasser mat. Mir machen eng kleng Wanderung mat Aktivitéiten. Schluss ass da géint 17h erëm um Prënzebierg Mellt iech w.e.g bis de 5 Dezember beim Claire (621 68 39 99) un. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz. De ganze Wanter iwwer gëllt: falls Schnéi läit kennt dir en Schlitt matbréngen da fuere mir domat. Mir wënschen Iech all eng schéi Chrëschtzäit an ee gudde Rutsch an dat neit Joer.

Responsabel Chef : Alex Lutgen 691 177 773 an Claire Dording 621 68 39 99

Fir d’Avex

De Samschde 4 Dezember hunn mir normal Versammlung vun 14:00-16:00  um Prënzebierg. De Samschden drop den 11. Dezember ass moies Pabeiersammlung a mëttes normal Versammlung vun 14:00-16:00  um Prënzebierg. De Samschden den 18 Dezember ass di läscht Versammlung fir dëst Joer. Dofir mache mir eng méi laang Versammlung. Départ ass um 10 Auer moies um Prënzebierg. Vun do aus gi mir op d’Friddensliichtfeier. Ditt Iech dem Wierder no un , bréngt en Picknick mat fir mëttes. Bréngt och en klenge Kaddo mat fir ze wichtelen (net mei deier wie 7 €, gären och eppes selwergebasteltes). Mir si fir 18h erëm zréck um Prënzebierg

Responsabel Chef : Fränz Dording 691 942 484 an Annick Wegener 691 309 928

Fir d’CaraPio

De Samschden, 4. Dezember gesi mer eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir schaffe mat Leem.

De 4. Dezember ass och de leschten Delai fir sech fir den CaraPio Nuetsfunkraid un ze mellen, entweder an der Versammlung oder per SMS/Telefon beim Gilles. De Raid ass vum 22. – 23. Januar 2022. Detailer stinn op https://news.lgs.lu/event/carapio-nuetsfunkraid-22/

E Samschden, 11. Dezember ass Pabeiersammlung. Déi Leit déi net mat an d’Alsace ginn kënnen do gär eng Hand mat upaken. Nomëttes ass keng Versammlung well mer an der Alsace sinn.

Fir eise Weekend an der Alsace mat de CaraPio Süden ass RDV e Freiden den 10. Dezember um 18:00 um Parking vun der Gare zu Beetebuerg Ännerung! um Parking vun der Schoul Op Acker zu Kärjeng. Vun do aus fuere mer zesumme weider. Mir iwwernuechten am Chalet „Chaume des Veaux“ no bei Stroossbuerg. Mir besiche Samschdes d’Konzentratiounslager vu Struthof. Sonndes maache mer e Rallye duerch Stroossbuerg. Mathuelen:

·      Picknick fir Freides Owes ënnerwee z‘iessen

·      waarm Kleeder, Uniform, Foulard

·      Wäschsaachen, perséinlech Medikamenter

·      Schlofsak

·      Bic a Bloc, Sue fir Sonndes Mëttes a Stroossbuerg eppes iessen ze goen

·      Autorisation parentale / Autorisation de sortie du territoire*

·      Fiche Médicale F09A (lgspeiteng.lu/doc)

·      Certificat vun der COVID-19 Impfung ODER Certificat dass der geheelt sidd ODER Certificat vun engem negativen PCR Test (manner wéi 48 Stonnen al)

·      Déclaration sur l’honneur (https://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/consentement-annexe.pdf)

De Retour ass Sonndes den 12. Dezember um 19:00 um Parking vun der Gare zu Beetebuerg

*D’Autorisation parentale / Autorisation de sortie du territoire kritt dir op der Gemeng, an där Gemeng wou dir wunnt. Hei déi Infoen, déi dir braucht fir dësen Ziedel ze kréien: Numm vum verantwortleche Chef: Gilles GLOD, Platz wou mir higinn: Chaume des Veaux 67140 Le Hohwald a Frankräich, Datum: 10.12.2021 – 12.12.2021.

Den 18. Dezember ass Vakanz, do ass keng CaraPio Versammlung. Dir kennt awer Gaeren op d’Friddenslichtfeier kommen (kuckt bei „fir Iech all“)Mir wënschen iech schéi Feierdeeg

Responsabel Chef : Gilles Glod an Christophe Bintener

Fir d’RaRo

Di nächst 2 Samschdeger den 4 an de 11ten Dezember hu mir Versammlung um Bierg. Kuckt och bei « Fir d’CaraPio, RaRo,… » fir d’Pabeiersammlung den 11. Dezember. Den Weekend vum 18-19 Dezember wollte mir eis RaRo-Albatross Montéé machen , weider Detailer schaffe mir an den nächste Versammlungen aus. Kuckt fir den 18ten och bei « Fir Iech all ».

Fir d’Albatrossen

De Mëttwoch 01.12 treffe mir eis um 20h beim Christelle fir de Camp 2022 virzebereeden. De Weekend vum 18-19 Dezember wollte mir eis RaRo-Albatross Montéé machen , weider Detailer kommen no. Kuckt fir den 18ten och bei « Fir Iech all ». D’Guilde huet den 18ten um 18:30h Chrêschtvéillée mat Träipeniessen um Bierg. Mellt iech wgl. bis de 15.12. beim Georges Scherer un ;TEL 691 434 649. Et ass en Covidcheck-event.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Den 11. Dezember ass Pabeiersammlung. Um 8h30 ass Rdv op dem ale Site vun der Eucosider. Gëff dengem Häerz e Stouss a pack eng oder zwou Hänn mat un. MERCI

Fir de Kalenner: Pabeiersammlunge fir d’Joer 2022 sinn: 08.01, 05.02 ,12.03, 02.04, 07.05, 11.06, 09.07, 06.08, 03.09, 01.10, 05.11, 10.12

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top