Infoziedel bis den 15 Januar 2022

Fir Iech all

Leider sinn d’Covid19 Infektiounszuelen a Lëtzebuerg nach ëmmer héich. Duerfir goufen ab dem 24 Dezember nei Restriktiounen decidéiert. D’Scoute kennen nach ëmmer d’Versammlungen dobaussen ouni speziell Restriktioune maachen. Duerfir wäerten eis Versammlunge weiderhi souvill wéi méiglech dobausse sinn. Ditt Iech also dem Wierder no un. Wann Aktivitéiten dobanne stattfannen, si Masken an Distanz obligatoresch, duerfir ass et gutt wann dir ëmmer eng Mask derbäi hutt.  

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher, dëse Samschden den 8 Januar an de Samschde 15 Januar hu mir normal Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Ditt Iech dem Wierder no un an dir kennt en Schlitt matzebrénge wann mol eng Kéier Schnéi läit 

Fir d’Avex

SAmschdes, de 08.01 hu mer VersaMmlung vu 14-16h um Prënzebierg. Fir dëss Geleeënheet kOmmeN di DéifferdenGer Avex op BesUch fir zesummen e grouSst Detektiv-Spill ze maachen. De Samschden drop den 15.01 hunn  mer normal Versammlung vun 14:00-16:00  um Prënzebierg

Fir d’CaraPio

Denkt w.e.g. drunn iech all Kéier bis Freides um 12:00 per SMS fir d’Versammlungen un ze mellen.

Bis e Samschden, 8. Januar kënnt der eis soen ob der interesséiert sidd am August mat eis op e Camp ze goen. Mellt iech per SMS beim Gilles oder sot eis an der Versammlung Bescheed. Mir organiséiere just e Camp wann op mannst 3 Leit soen dass se interesséiert sinn. Um nationale Camp ZAM 2022 am Juli kënne mer leider net Deel huelen well d’Chefekipp déi Zäit verhënnert ass.

E Samschden, 8. Januar hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung. Fir den Detail kuckt ënne bei „Fir d’Mataarbechter…“ Nomëttes gesi mer eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Kuckt w.e.g. virdrunn wéi eng Deeg am August der kéint mat op e Camp goen fir dass mer zesummen eng Entscheedung dozou huele kënnen.

De Samschden, 15. Januar gesi mer eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Fir d’RaRo

De Samschden 08 Januar hu mir moies Pabeiersammlung : RDV um 8 :30h op dem ale Site Eucosider. Mettes ass keng Versammlung well mer eis um 17h treffe fir d’RaRo Wantergrille virzebereeden. D’Wantergrille fänkt um 19h un an ass en Covidcheck-event duerfir vergiesst äre QRcode net.

Fir d’Chef

De Mëttwoch 12.01 ass Grupperot um 20h.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Den 08 Januar ass Pabeiersammlung. Rendez-vous ass um 8:30 op dem ale Site vun der Eucosider. No de Feierdeeg ass all Hëllef wëllkomm. Merci fir ären Asaatz.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top