Infoziedel bis de 5. Februar 2022

Fir iech alleguer

Fir op de Kalenner: Wéinst der onbestänneger Covid19-Infektiounslaag am Moment hunn mir decidéiert eisen Theaterowend vum Mäerz op den Mee ze verleeën. Mir plangen awer eist traditionellt Buergbrennen weiderhi fir den 5 Mäerz. Haalt Iech scho mol deen Owend fräi.

Neies um Site An eiser Fotogalerie fannt der nei Fotoe vun de CaraPio hirem rezente Weekend am Elsass: https://lgspeiteng.lu/13464

Fir d’Wëllefcher

Déi nächst 3 Samschdeger den 22ten an 29ten Januar an de 5 Februar hunn mir normal Versammlunge vu 14h-16h um Prënzebierg. Denkt drun Iech dem Wierder no unzedoen. An der Fuesvakanz (12. an 19. Februar) ass keng Versammlung.

Fir d’Avex

Déi nächst 2 Samschdeger den 22ten an den 29ten Januar hunn mir normal Versammlung vu 14h-1§h um Prënzebierg. De Samschde 5 Februar maache mir eng Explo mat den Déifferdenger an de Kënzeger AvEx. Sidd gespaant Detailer iwwer Zäiten an Transport kommen no soubal mer alles organiséiert hunn. An der Fuesvakanz (12. an 19. Februar) ass keng Versammlung.

Fir d’CaraPio

Denkt w.e.g. drunn iech all Kéier bis Freides um 12:00 per SMS fir d’Versammlungen un ze mellen. Leider hu mer keng Ekipp zesumme kritt déi un engem Summercamp am August interesséiert ass.
Ween d’Passwuert vum Labyrinth eraus fënnt kritt an der nächster Versammlung eng Kamell.

E Samschden, den 22. an den 29. Januar gesi mer eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. E Samschden, de 5. Februar hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung. Fir den Detail kuckt wieder ënne. Nomëttes gesi mer eis vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. An der Fuesvakanz (12. an 19. Februar) ass keng Versammlung.

Fir op de Kalenner: vum 22.-24. Abrëll ass den Iron Scout. Detailer kommen no.

Fir d’RaRo

Déi nächst 3 Samschdeger den 22ten an 29ten Januar an de 5 Februar hunn mir normal Versammlungen. De Samschden 05 Februar hu mir moies Pabeiersammlung : RDV um 8 :30h op dem ale Site Eucosider.

Fir d’Albatrossen

Fir eise Camp op Guadeloupe weider ze plangen, gesi mer eis de Mëttwoch den 19.01 beim Christelle. De Freiden 21.01 um 20 Auer treffe mir eis fir eng Ronn Bowling virum Fun-City. Do gëllt den 2G+ Regime dat heescht mir mussen eisen och nach en Selftest op der Platz maachen (entweder
ee matbréngen oder een op der Platz kafe fir 4€).

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde Mataarbechter 

Villmools Merci fir di fläisseg Hëllef bei der leschter Pabeiersammlung. Dat huet alles super geklappt duerch ären Engagement. Den 05 Februar ass di nächst Pabeiersammlung. Rendez-vous ass um 8:30 op dem ale Site vun der Eucosider.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top