Fir Iech alleguer : Soutstheater
e Weekend vum 13. an de 14. Mee spille mer Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.
Et gëtt gespillt :
Wëllefcher: D’Helden si lass
AvEx: En Dag am L.A.P.
CaraPio: Wiertsgespréicher
D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Winnie Abel iwwersat vum Roby Zenner
Kaviar trëfft Choucroute
De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Preis ass 10 Euro fir Erwuessener a 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed. Dir kennt Är Platzen no der Ouschtervakanz, um 621 736 100 (Elsen) vun 18-20h reservéieren.
P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!
![](https://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/Wellefcher_rgb-300x300.png)
Fir d’Wëllefcher
Mir sin nach net grad ganz prett fir Theater ze spillen duerfir hei eis nächst Prouwen am Home St. Hubert zu Péiteng: Dënschden 26 Abrëll 18:30-19:30h , Méinden 2 Mee 17:30-19h, Dënschden 3 Mee 18:30 -19:30h, Méinden 9 Mee 17:30-19h, Dënschden 10 Mee 18:30-19:30h. Wann der wëllt kënnt der en klengen Cadeau fir an d’Tombola matbrengen.
Den Samschden 30.04 an den 07.05 schaffen mir an der Versammlung um Prënzebierg vun 14-16h nach wieder un de Kulissen fir eist Theatersteck an prouwen nach e puer Szeenen.Den Samschden 14 Mee as keng Versammlung well mer jo Theater spillen, Di Woch drop , den Samschden 21.05 an 28.05 keng Versammlung wëll Schoulvakanz as.
![](https://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/AvEx_rgb-300x300.png)
Fir d’Avex
Eis nächst Prouwen sinn am Home St. Hubert zu Péiteng: Donneschdes ëmmer vu 17:30 bis 19h a Freides vu 17:30 bis 19h op folgenden Daten: 28.04, 29.04 , 05.05, 06.05, 12.05. Wann der wëllt kënnt der en klenge Cadeau fir an d’Tombola matbréngen.
De Samschdeg 30.04 , 7.05 hunn mir normal Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg. De Samschden 14 Mee ass keng Versammlung well mer jo Theater spillen, Di Woch drop , de Samschden 21.05 an 28.05 keng Versammlung wëll Schoulvakanz ass.
![](https://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/CaraPio_rgb-300x300.png)
Fir d’CaraPio
![](https://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/RaRo_rgb-300x300.png)
Fir d’RaRo
Den 30.04 an de 7.05 hu mer normal Versammlung. De Samschdeg den 7.05 ass moies Pabeiersammlung (kuckt bei „Fir d’CaraPio, RaRo, … „). Fir den Theater den 13 a 14. 05 hëllefe mer beim opriichten, liest dozou méi wieder ënnen.
Den 21.05 maache mer eng speziell Kraider-Versammlung. Mir gi verschidde Kraider zesumme plécken a kachen eppes Leckeres zesummen. Dëss Versammlung dauert viraussiichtlech méi laang wéi 18h , Detailer kommen no. Hei nach de Link fir Infoen iwwert de Bealtaine Festival um Neihaischen, mëllt Iech un wann der do hëllefe wëllt : https://bealtaine.lgs.lu/
![](https://lgspeiteng.lu/wp-content/uploads/Albatrossen_rgb-300x300.png)
Fir d’Albatrossen
Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter
De Samschde 07.05 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Kommt a maacht mat bei enger Partie „ Këschte stapelen“!!:)
De 13 a 14.05 ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrénks, sou ewéi em d’ofriichte Samschdes owes. R.d.v all Owend vu 17°° un am Home.