Infoziedel bis den 23. Abrëll 2022

Scoutstheater

De Weekend vum 13. an de 14. Mee spille mer Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Et gëtt gespillt :
Wëllefcher: D’Helden si lass
AvEx: En Dag am L.A.P.
CaraPio: Wiertsgespréicher
D’Cheféquipe a Mataarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Winnie Abel iwwersat vum Roby Zenner
Kaviar trëfft Choucroute

De Riddo ass um 19:30 (d’Kanner déi matspille sollen um 19°°Auer am grousse Sall sinn.) De Preis ass 10 Euro fir Erwuessener a 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun Bescheed. Dir kennt Är Platzen no der Ouschtervakanz, um 621 736 100 (Elsen) vun 18-20Auer reservéieren.

P.S Wann dir eis e klenge Cadeau fir an d’Tombola wëllt ginn, da gitt Ärem Kand et einfach mat an eng Prouf. Villmools Merci am viraus!

Eisen Theater fënnt ënnert den, zu deem Zäitpunkt aktuellen, Covid-Mesurë statt.

Fir d’Wëllefcher

Deemnächst ass et esou wäit, mir spillen zesummen Theater. Wann dir elo scho wësst dass dir matspillt, kennt dir iech scho beim Alex un mellen. Eis Prouwen sinn am Home St. Hubert zu Péiteng: Mëttwoch 20 Abrëll 17:30-19h, Donneschden 21 Abrëll 17:30-19h, Méinde 25 Abrëll 17:30-19h, Dënschden 26 Abrëll 18:30-19:30h , Méinden 2 Mee 17:30-19h, Dënschden 3 Mee 18:30 -19:30h, Méinden 9 Mee 17:30-19h, Dënschden 10 Mee 18:30-19:30h

De Samschdeg no der Vakanz , den 23ten Abrëll hunn mir normal Versammlung vu 14h-16h um Prënzebierg.

Fir d’Avex

Deemnächst ass et esou wäit, mir spillen zesummen Theater. Eis Prouwen sinn am Home St. Hubert zu Péiteng: Donneschdes emmer vun 17:30 bis 19h an Freides vun 17:30 bis 19h op folgenden Daten: 21.04, 22.04 , 28.04, 29.04 , 05.05, 06.05, 12.05

GUTT NEWS léif AVEX: mir hu vum 23.4 bis de 24.4 Weekend mat de Käerjenger AvEx zesummen.
Wéini?
Den 23.4 um 9h30 bis de 24.4 um 16h00
Wou? zu Nidderkuer beim Chalet (175 av. de la Liberté Nidderkuer) Umeldung: bis MAXIMAL den 12.4 beim Fränz (691 942 484)
Präis? De Weekend kascht 20€. W.e.g. Cash den Daach selwer matbréngen.
Wat brauche mir? Pic-Nic fir Samschdes mëttes (am beschten maacht der deen direkt an d’Gamelle) gutt Trëppelschong, Täscheluucht, Täschemesser, Becher, Gamell an Besteck, Carrymatt an Schlofsak fir dobaussen, Hygiènesartikelen, Kleeder fir all Wieder (waarm genuch fir dobaussen ze schlofen an e Kway!), Kap/Hutt a Sonnecrème (wann dann Sonn ass), Ënnerwäsch a Strëmp, Spullduch, Foulard an Uniform (hu mir un wa mir ukommen!) Bidon mat Waasser, perséinlech Medikamenter, evtl en Handy wann der een hutt.

Wichteges:
! Denkt drun är Fiche médicale matzebréngen
! Pakt äre Rucksak sou, dass dir en selwer droe kënnt (nëmmen dat néidegst, max. 8-9 kg!) ! KENG Valise, mee e Rucksak
! Trëppelt onbedéngt är Biergschong a virum Weekend, soss ginn et elle Bloderen. Natierlech kënnt der iech bei Froen ëmmer mellen!

Fir d’CaraPio

Theater: Eis Prouwe sinn ëmmer Dënschdes vu 16:30 bis 18:30 am Home St. Hubert. Dat op folgenden Deeg: 19. Abrëll, 26. Abrëll, 3. Mee, an 10. Mee.

Iron Scout: RDV ass Freides den 22. Abrëll op der Péitenger Gare um 17:00. Retour op der Péitenger Gare ass Sonndes um 11:40. De Rescht vun den Infos stounge schonn am Infoziedel bis den 2. Abrëll (https://lgspeiteng.lu/13638)

Den 23. Abrëll ass keng Versammlung wéinst dem Iron Scout.

Fir d’RaRo

Den Samschdeg no der Vakanz de 23ten Abrëll hunn mir normal Versammlung.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top