Infoziedel September 2022

Fir Iech alleguer

Dëst ass den éischten Ziedel fir dat neit Scoutsjoer. Mir freeën eis Iech alleguer erëm gesond an ausgerout no der Summervakanz ze gesinn.

Dëst Joer fannen d’Feierlechkeeten zur Liberatioun vun Péiteng erëm an engem bëssche méi grousse Kader statt. De genaue Programm vun de Manifestatiounen a Concerts vum Festival de l’amitié Américo-Luxembourgeoise an „Rockabilly de Luxe“ kennt der um Site vun der Gemeng fannen (www.petange.lu ënnert der Rubrik Agenda). Hei elo just di Evenementer wou mir als Scouten deelhuelen. Wëll nach vill vun eis an der Vakanz sinn, ass et wichteg dat dir kucke kommt fir d’Scouten ze representéieren.

Freides den 9. September: Gedenkfeier beim Monument vun Hyman Josefson

R.d.v um 19:00 an Uniform um Square Hyman Josefson. Do ass eng Gedenkfeier fir de gefaalenen Zaldot. Eis offiziell Participatioun vun de Scouten ass géint 19:45 eriwwer. Déi di wëlle kënnen dann eriwwer bei de Centre Wax goen an de Concert vun der „ Dixie Boys Band“ lauschteren.

Sonndes , den 11 September: Gedenkfeier bei der Borne du Passeur

RDV um 10:15h an Uniform bei der Parkierch zu Péiteng. Mir gedenken do de Passeuren, dorënner vill Scouten, déi beim Versuch Mënschen aus dem besate Lëtzebuerg ze bréngen, verhaft an och ëmbruet gi sinn. D’Zeremonie ass um 11h eriwwer. Et as wichteg dat do genuch Memberen kommen wëll mir méi wéi nemmen eisen Fändel droen mussen.

Léiw Wëllef, Avex, CaraPio an Raro

D’Versammlunge ginn erëm un ! Mir gesinn eis de Samschden 17ten September vu 14-16h beim Chalet um Prënzebierg fir eis alleréischt Versammlung. Dëst ass och eng Schnupperversammlung fir all är Frënn déi schonn ëmmer an d’Scoute wollte kucke kommen , sech awer nach net getraut hunn. Bréngt ze einfach all mat, wat méi wat besser !!!

De Samschden drop den 24ten September ass natierlech och Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg. Bréngt do all di Frënn mat, déi den 17ten verpasst hunn ?.

Fir d’Carapio:

Den Samschden 24 September as keng Versammlung mee mir machen en Weekend fir d’Scoutsjoer zesummen unzefänken. Méi genee Detailer kommen do no.

Fir d’Albatrossen

Mir hunn eis éischt Versammlung de Freiden 16 September um 20h. Mir maachen de Plang vum Joer a fänke schonn un de Camp ze plangen.

Léiw CaraPio, RaRo, Albatrossen , Guilde an Matarbechter

Samschdes den 24 September: D‘Kleedersammlung vum Kolpingswierk:

R.d.v wéi gewinnt um 9:00 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau. Mir sammele Kleedersäck vu Péiteng a ginn op Déifferdeng auslueden.

Léiw Chef

Donneschdes den 15. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° am Avexsall.

Samschdes de 24. September: Kongress zu Ettelbréck an der Däichhal

De genaue Programm vun den Diskussiounsronnen an Ofstëmmunge fannt der an der Chefbox (https://chefbox.lgs.lu). Start ass um 16h. De Kongress fänkt mat Diskussiounsronnen zu verschiddenen Themen un, an duerno gett ofgestemmt. Den genauen Programm fann t der am Kompass. De Kongress ass just fir ernannte Chef/tainen. Jidderee soll sech selwer iwwert d’Chefbox umellen, et gi keng Gruppenumeldunge gemaach. Wann dir Problemer mat ärem Login hutt da mellt Iech bei mir oder beim Annick fir ze kucken op är Daten am Membersfichier aktuell sinn.

Sonndes ,den 25. September : Chefdach zu Ettelbréck bei den Däichwisen

Um Chefdach geet et virun allem drëm sech ënner Chef ze treffen, sech auszetauschen, nei Iddie fir Aktivitéiten ze sammelen, gewuer ze gi wat am Joer vum Verband aus geplangt ass, an eng gutt Zäit mateneen ze verbréngen. Den Dach fänkt um 8:30 Auer un an dauert bis 16h. Wann dir nach Detailer noliese wëllt, da gitt op de Site vun de LGS an d’ Chefbox kucken oder am Kompass. Um Chefdach kann all Chef/taine matmaachen och wann hien/hat keng Ernennung huet. Jidderee soll sech selwer iwwert d’Chefbox umellen, et gi keng Gruppenumeldunge gemaach.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top