Montée 2020

Infoziedel Montée 2022

Fier Iech alleguer

  1. Samschdes a Sonndes den 29 an 30 Oktober: Gruppe-Montéesweekend um Kuelbecherhaff zu Miersch

 Bei der Montée wiesselen di eelste Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche doriwwer. Wëll dat en besonnesche Moment fir all Guide/Scout ass, wëlle mir dat all zesummen am Grupp op engem Weekend feieren. D‘Umeldunge sinn ab elo op! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) bis de Méinde 24 Oktober un (och Chef a RaRo!!), fir dat mir de Weekend besser plange kennen. De Weekend kascht 30€ fir dat 1. Kand aus der Famill dat an de Scouten ass, an 25 € fir all weider Geschwëster. Äert Kand ass nëmmen definitiv ugemellt wann déi Suen iwwerwise sinn. Dir kennt d’Iwwerweisunge bis de 24 Oktober op eise Kont maachen:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

30 oder 25€

Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou Kand grad dran ass]”

Mier bieden iech fir all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwwerweisen.

Ufank vum W.E.:

Mir bieden d’Elteren d’Kanner Samschdes den 29 Oktober fir 14h op Miersch bei de Kuelbécherhaff (Accès via de CR113 / rue de Mersch L-7000 Hollenfels, (biergop beim Busarrêt) dann iwwer de Site vun der Convis Ziichterei.) ze bréngen. Et ass gutt wann dier Fuergemeinschafte kennt maachen. Fir d’Chef: D‘Chef sollen hir Aktivitéiten/Konstruktioune fir d’Montée Samschdes virum Mëttegiessen opriichte kommen. D‘Mëttegiessen ass um 12:00 , sot do w.e.g dem Claire Bescheed op der wëllt matiessen. Um 12:30 ass dann den obligatoresche Briefing fir all Chef , spéitstens do sollt dir all do sinn.

Mathuelen: Foulard undoen, Täscheluucht, Täschemesser, Bidon, Wäschsaachen (Zahnpasta, Zännbiischt, Seef, Handduch…), Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, déck Schong, Schlappen, Spullduch, déi ausgefëllte Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale op: www.lgspeiteng.lu/doc ) , Kopien vun der Impfkaart an der carte sécurité sociale, a perséinlech Medikamenter. Verpaakt alles an engem Rucksak. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen. Fir d’Avex déi Montée maachen, Pio, RaRo a Chef: denkt och un är Carrymatt.

Schluss vum W.E.:

D’Eltere kënnen hier Kanner nees Sonndes um 16:00 Auer op de Kuelbécherhaff siche kommen

2. Zeremonie de Souvenir den Mëttwoch 26 Oktober

Zu Feier vun dem 75ten Jubiläum vun der Erriichtung vum Monument um Square Hyman Josefson zu Péiteng beim Centre WAX, organiséiert de Comité du Souvenir eng Zeremonie mat uschléissender Receptioun. Rdv ass an Uniform (fir déi di eng hunn) beim Panzer zu Péiteng um 19h , Schluss ass dann um 20h bei enger Receptioun an der Maison rouge vum WAX.

Fir d’Biber

De 15 an den 22. Oktober hunn mir wei gewinnt Versammlung vu 14.00 bis 16.00 Auer um Prënzebierg. Mir schnëtzen zesummen en flotte Kürbis. Dir braucht näischt Extraes dofir matzebréngen. Wann dir eemol net an d’ Versammlung komme kennt, mellt iech w.e.g. beim Claire Zwick of. Iwwer Sms, Whatsapp oder uruffen um 691309108. Dir kennt och gären ëmmer nach Kolleege matbrénge bei eis ass jidderee wëllkomm. Den 29. Oktober gi mir all zesummen ob Montée kuckt dofir bei “fir Jiddereen”. Well dat fir Iech déi éischte Kéier ass wou mir zesummen iwwert Nuecht fort ginn, wollt ech den 22. Oktober um 15.45 eng kuerz Eltereversammlung maachen. Do kritt dir och eng Lëscht mat all de Saachen déi dir braucht an ech kann ob Froen äntweren.Ech freeë mech ob en flotte Weekend mat Iech.  Duerno ass keng Versammlung wärend der Schoulvakanz.

Fir d’Wëllefcher

De Samschde 15 an 22 Oktober sinn normal Versammlungen um Bierg, dofir treffe mir eis wéi gewinnt vu 14h bis 16h beim Chalet. Den 29 an 30 Oktober gi mer zesummen op de Montées-Weekend, kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“. Fir weider Infoen oder Froe kennt der den Alex um: 691 177 773 erreechen, och wärend dem Weekend. Duerno ass keng Versammlung wärend der Schoulvakanz.

Fir d’Avex

De Samschde 15 an 22 Oktober sinn normal Versammlungen um Bierg, dofir treffe mir eis wéi gewinnt vu 14h bis 16h beim Chalet. Den 29 an 30 Oktober gi mer zesummen op de Montées-Weekend, kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“. De Samschde 5 November ass och nach moies Pabeiersammlung, fir déi di wëllen ass do Rdv um 8:30h bei der Eucosider. Mëttes has keng Versammlung wéinst der Schoulvakanz.

Fir d’CaraPio

Denkt drun iech fir d’Versammlunge bis Freides um 14:00 per SMS un ze mellen.

E Samschden, den 15 an 22. Oktober gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Dir décidéiert op der Plaz ob der wëllt schmieden oder Kürbis dekoréieren.

D’Woch drop vum 29. bis den 30. Oktober ass de Montéesweekend, liest dofir den Deel „Fir iech all“ a bréngt ausser deenen opgelëschte Saachen nach folgend Saache mat: eng déck Jackett fir dobaussen ze sinn bei all Wieder, Gamelle, Besteck, Becher, Bic, Carrymat, Warngilet.

E Samschden, 5. November moies hëllefe mer bei der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail wieder ënnen. Nomëttes ass keng Versammlung.

Fir d’RaRo

De Samschde 15 an 22 Oktober sinn normal Versammlungen. De Weekend vum 29-30 Oktober gi mer op de Montées-weekend , kuckt dofir wieder uewen. De Samschde 5 November ass moies Pabeiersammlung um 8:30 ass RDV um ale Site Eucosider.

Fir d’Albatrossen

Eis nächst Versammlung ass ausnamsweis den Donneschden 20 Oktober um 20h am Chalet. Bréngt äert Gehier mat!

Fir d’CaraPio, D’RaRo, d’Albatrossen, d’Chef, d’Guilde an d’Matarbeschter

De Samschden 05 November ass Pabeiersammlung. Rdv ass moies um 8:30 um ale Site Eucosider. Merci fir är Hëllef.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top