Ajoute fir den Infoziedel Oktober 2022

Commémoratioun

Dëst Informatioun hat et leider net méi rechtzäiteg op de leschten Infoziedel geschafft, duerfir elo hei d’Ajoute:

Sonndes den 9. Oktober: Journée de la commémoration nationale zu Rodange

Mier gesinn eis an Uniform um 9:45 Auer um Busarrêt „ Moartplaz“ zu Péiteng, wou mer d’Busnavette bis op Rodange huelen. Um 10 Auer versammelen d’Veräiner sech virum Hall sportif an da geet et am Cortège bis bei d’Monument aux morts fir di offiziell Gedenkzeremonie. Duerno ass um 10:45 Auer nach eng feierlech Mass. Géint 12 Auer kennen d’Kanner zu Rodange ofgeholl ginn, oder si komme mat hire Chef mam Bus erëm zréck op Péiteng.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top