Infoziedel bis den 23.Juni 2023

Fir Iech alleguer

En Freiden den 23. Juni ass Nationalfeierdag.

 D’Gemeng an d’Veräiner vu Péiteng hunn e grousse Programm opgestallt fir dëst ze feieren. Och mir huelen als Guiden a Scouten un de Feierlechkeeten deel.

All Memberen , vu Wëllefchen , Avex, …bis Chef solle bei dem offizielle Programm matmaache fir eise Grupp ze representéieren. Mir treffen eis Freides den 23. Juni an Uniform+Foulard (wien eng huet) um 9:30H zu Péiteng beim Park beim Busarrêt „ Pétange-Eglise“, vu wou en Busnavette eis op Lamadelaine féiert. Fir déi di d’Navette net brauchen ass Rdv um 10h beim Centre des Loisirs zu Lamadelaine.  Vun do gi mir am Cortège  an d’Kierch fir den Te Deum. Duerno geet et erëm am Cortège zréck bei de Centre de Loisirs wou nach en Empfang ass. . Den offiziellen Deel ass géint 12h eriwwer. D‘Busnavette féiert eis erëm géint 12:30h zréck op Péiteng. Zu Péiteng as dann ab 15h e grousst Fest op der Gemengeplaz. D’Kanner an di Jonk kenne mat hiren Eltere vun den Iess-a Gedrénksstänn profitéieren, de Concerts nolauschteren an natierlech am Park op eis Statioune spille kommen. Nomëttes organiséiere mir vu 15H-18H Spill an Spaass am Péitenger Park. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu

Fir all d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Guildememberen, Mataarbechter, a Chef:  

Fir d’Spiller am Park brauche mir Hëllef beim op-an ofriichten a beim encadréiere vun de Kanner. Dëss Spiller si fir eis eng Reklamm-Aktioun fir de Kanner aus der Gemeng Loscht op de Scoutismus ze maachen. Déi Leit, déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis den 23 Juni um 11h zu Rodange ( 60 rue de la Minière, Rodange) bei der Garage fir d’Material anzelueden an nach Saache mat der Camionnette an de Chalet sichen ze goen.

Fir d’Biber

Den 10. Juni ginn mir ob den Bibertreff. Fir déi Kanner déi sech ugemellt hunn geet et schonn Moies géint 9 Auer lass. Mir huelen zesummen Navette vun Péiteng bis ob Réimesch. Déi genau Auerzäit deelen ech Iech nach iwwer SMS mat soubal ech déi Informatiounen kréien. Den Schluss ass um 16h30 zu Réimech geplangt. Dono kommen mir och erëm zesummen mat der Navette zeréck op Péiteng. Och hei kennt déi genau Auerzäit no. Mëttes kritt dir eng Grillwurscht oder Fritten an en Eisekuch mat Zocker. Waasser kritt dir gratis.

An engem klengen Kuerf apaken: En Bidon mat Waasser, eng Kap, Foulard, Sonnecrème, en klengt Täschegeld (sur place gëtt Gedrénks wei Jus oder Limonad verkaf)

Den 17. Juni hunn mir eis iwwerluecht en Elteren-get-together ze organiséieren. Mir treffen eis Moies um 10h00 mat den Biber um Prënzebierg an bereeden kleng Häppercher zesummen fir. Mir ginn och moies wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also am beschten géint 09.45 – 09.50 ënnen bei d’ Eucosider. Um 12h00 sinn dann all d’ Elteren invitéiert mat eis zesummen ze iessen an ze schnëssen. Sou kënnen mir nach eventuell Froen beäntwerten, nach nei Infoen zum Camp ginn an einfach bëssen Zéit zesummen verbréngen. Fir d’ Iessen ze organiséieren wären mir frou wann dir Iech (mat genauer Unzuel un Léit, är Kanner déi nach net an den Biber sinn kënnen och mat kommen) beim Claire (691309108) géift umellen. Den Schluss wier géint 14h00. Mir freeën eis ob en gemittlechen Mëtten mat Iech.

Den 23. Juni sinn d’ Festivitéiten fir Nationalfeierdag vun der Péitenger Gemeng. Als Scouten ginn mir moies mat ob den Cortège. Do representéieren mir den ganzen Grupp an freeën eis wann ma zu vill sinn. Liest dofir och bei fir Iech alleguer. Mëttes organiséieren mir Spiller bei der Gemeng. Do sinn natierlech all eis Memberen häerzlech invitéiert mat hiren Elteren kucken ze kommen.

Well mir den 23. Juni den ganzen Dag beim Fest fir National Feierdag hëllefen hunn mir entscheet, datt den 24. Juni KENG Versammlung ass.

Zu gudder läscht kennt den Camping ëmmer méi no. Mir bieden Iech dofir den Montant vun 100 € mam Vermierk: Numm vum Kand + Nanoq’23 ob follgenden Kont ze iwwerweisen.

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Fir d’Wëllefcher

Dir léif Wëllefcher, déi 2 nächst Samschdeger den 10 an den 17 Juni treffe mir eis wéi gewinnt vun 14-16h um Prënzebierg.

Denkt drun den 23 Juni op den offiziellen Deel vum Nationalfeierdag ze kommen, mir zielen op Iech. Dofir kennt der duerno zesummen mat ären Elteren mëttes an de Péitenger Park spillen kommen. Kuckt dofir uewen bei „Fir Iech alleguer“.  

De Samschde 24 Juni hunn mir keng Versammlung.

Dir kënnt Iech ausserdeem och schonn ob den nationale Wëllefchersrallye dëst Joer freeën. Deen ass de Sonnden 02. Juli zu Esch. Wann der wëllt matgoen dann mellt Iech bis den 12 Juni  beim Claire Dording (621 68 39 99) un.  Méi Infoen dozou kommen um nächste Bréif.

Denkt och drun dat et gläich op Summercamp geet ? #HuGa Mir gi vum 18 bis de 23 Juli op de Summercamp an de Chalet  „ Les Castors „ zu Schuttrange.  De Camping kascht 120€ fir dat eicht Kand an 110€ fir dat 2. Kand aus der Famill. Dir musst Iech bis den 1 Juli beim Alex umellen an een Acompte vun 40€ iwwerweisen op den Konto LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. De Rescht vun de Suen kennt dir cash op de Camping matbréngen.

Fir d’Avex

Salut AvEx, den 10, 17ten an de 24ten Juni hunn mir normal Versammlunge wei gewinnt vu 14:00-16:00h bei eisem Chalet, sidd gespaant a loosst Iech iwwerrasche wat mir wëlles hunn.

Denkt drun den 23 Juni op den offiziellen Deel vum Nationalfeierdag ze kommen, mir zielen op Iech. Dofir kennt der duerno zesumme mat ären Eltere mëttes an de Péitenger Park spille kommen. Kuckt dofir uewe bei „Fir Iech alleguer“.

Fir op de Kalenner: Den 1-2 Juli plange mir en Weekend zesumme mat de Guiden a Scoute vu Kéinzeg. Wéinst der Examenszäit komme méi genau Detailer awer eréischt di nächst Woch separat eraus. Do lee mir dann och eng Infoversammlung fir d’Eltere fest fir weider Froen ze beäntwerten.

Fir d’CaraPio

Den 10, 17ten an de 24ten Juni hunn mir normal Versammlungen , mëllt Iech wéi ëmmer wannechgelift am Viraus un oder of. De Samschden 10 Juni ass och Pabeiersammlung , RDV um 8:30h op der Eucosider. En Freiden 23. Juni maache mer mat den anere Branche mat beim Programm fir Nationalfeierdag: Feierlechkeete Moies a Spiller mëttes. D’Detailer stinn an dësem Bréif uewe bei „Fir Iech alleguer“.

Infoe vir de Camping.: Mer fueren den 8. August – 17. August zesumme mat anere Gruppen aus dem Süden (Monnerech, Käerjeng, Schëffleng) op de Camping zu Telfs an Eisterräich. D’Eltere vun de Kanner di mat ginn si gebieden d’Autorisation Parentale bei der Gemeng unzefroen. D’FSME Impfung ass net Flicht awer wärmstens Recommandéiert. Weider Detailer kommen nach no.

Fir d’RaRo

Mir hunn den nächste Samschdeg den 10.06 normal Versammlung um Prënzebierg. De Samschden 10 Juni ass och Pabeiersammlung, RDV um 8:30h op der Eucosider.

De Samschden 17 Juni organiséiere mir de „ KéisCup“ um Prënzebierg. Dat ass eng Aart Rallye mat Spiller ronderëm de Chalet wou elauter RaRo Gruppe bei eis komme fir ëm de „KéisCup“ ze kämpfen. Möge der Beste gewinnen ! Dofir brauche mer awer vill Leit di eis hëllefen d’Spiller opzeriichten an duerch ze féieren. Dat Ganzt geet um 17h lass dofir brauche mir ab 15h Hëllef vun Iech.

Den 23 Juni gëtt är Hëllef gebraucht fir d’Spiller am Park ze organiséieren an d’Scoute beim Te Deum ze representéieren. D’Detailer stinn an dësem Bréif uewe bei „Fir Iech alleguer“. De Samschde 24. Juni hunn mer normal Versammlung.

Fir d’Albatrossen

Mir treffen eis de Freiden 16.06 um 20h fir d’Albaversammlung. Detailer kommen no, den Alex bereet eis eppes vir. Duerno ass Summerpaus.

Fir d’Chef

Den nächsten Grupperot ass den 13 Juni um 20h am Chalet.

Fir d‘ CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

De Samschden 10.06 ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Villmools Merci fir är Hëllef.

Den Samschde 17.06 organiséieren d’RaRo de „KéisCup“. Dat ass eng Aart Rallye mat Spiller ronderëm de Chalet wou aner RaRo Gruppe bei eis komme fir ëm de „KéisCup“ ze kämpfen. Dofir brauchen si awer vill Leit di hinnen hëllefen d’Spiller opzeriichten an duerchzeféieren. Wëll dat Ganzt um 17h lass geet , brauchen si ab 15h Hëllef vu Guilde a Mataarbechter. Natierlech kenne Chef no hirer Branchenversammlung hëllefen. Fir de Grill/Bar hëlleft eis eng Ekipp vum Verband.  

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top