Infoziedel fir de Camp 2023

Fir Iech alleguer

Dëst ass de läschten Ziedel fir dëst Scoutsjoer. Am Numm vum Grupp wënschen ech Iech alleguer e flotte Camp, eng schéi Vakanz an dat mer eis am September erholl erëm gesinn.

Fir d’Biber

Den 01. Juli hunn mir keng Versammlung. Den 08. Juli hunn mir eis läscht gemeinsam Versammlung vun dësem Schouljoer. Mir hunn wéi gewinnt vun 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzebierg. Mir gi wéi gewinnt all zesummen erop. Bréngt äert Kand also wéi ëmmer géint 13:45 ënne bei d’ Eucosider. Denkt och drun iech ofzemelle wann dir net kennt kommen (691309108).

Dono sinn et dann och nëmmen nach 10 Deeg bis den Camping. Mir bieden déi Elteren déi dat nach net gemaach hunn, de Montant vun 100 € mam Vermierk: Numm vum Kand + Nanoq’23 ob follgende Kont ze iwwerweisen.: LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. oder per digicash op d‘Nummer 621 73 61 00. Am Unhang fannt dir eng Lescht, wat dir fir de Camping a packe musst. Wichteg! Do steet och drop dir musst äert Gepäck den 15. Juli bei mech heem (71 route de Niederkorn, Pétange) bréngen. Mir huele virdrunner alles mat op Campplatz.

Départ:                18.07.2023 géint 08h00

Retour:                22.07.2023 am Laf vu spéide Moien

Fir déi genau Informatiounen zur Un- an Ofrees kritt dir nach mei detailléiert Informatioune per Sms no. Wann dir nach iergendwellech Froen hutt zeckt net Iech bei mir ze mellen (691309108). Dono ass grouss Vakanz an eis Versammlunge starten erëm am September.

Fir d’Wëllefcher

Mir hunn dëse Samschden den 1 Juli keng Versammlung wëll mir de Sonnden 2 Juli op den nationale Wëllefchersrally zu Esch gi. Dofir treffe mir eis Sonndes moies um 8h30 zu Péiteng op der Gare wou mir dann den Zuch huele fir op Esch. Huelt ee klenge Rucksak mat Picknick, e Bidon mat Waasser, eng Kapp, a Sonnecrème mat. Optimal ass et wann der är Uniform+Foulard a bequeem Schong unditt. Dir kennt och 10€ Täschegeld mathuele fir e klenge Snack ze kafen. Mir sinn erëm Sonndes owes um 16h54 zréck zu Péiteng op der Gare. Mellt Iech w.e.g. beim Claire (621 683999) un. Den Samschden  08 Juli  ass erëm eng ganz klassesch Versammlung vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg.

Duerno fänkt d’Summervakanz un a mir ginn op de Camp #HuGa Mir gi vum 18 bis de 23 Juli op de Summercamp an de Chalet  „ Les Castors „  ( Place de l’Eglise L-5367 Schuttrange) D‘Eltere bréngen d‘Kanner a kommen se och erëm sichen.Mathuele musst dir ob de Camping ee grousse Rucksak mat:

  • Kleeder fir waarmt, kaalt, an/ oder naasst Wieder
  • frësch Ënnerwäsch fir all Daach,
  • eng fett Fleecejackett, K-way + Box
  • Schlofsak,
  • Wäschsaachen, Buedduch, Schwammsaachen, (Äermercher fir déi déi sech nach bësse méi onsécher am Waasser fillen), Wasserschlappen,
  • Lieblingsteddy an all aner Saachen déi dir braucht fir gutt ze schlofen,
  • Pyjama, Kappkëssen
  • Klenge Rucksak
  • Täscheluucht an Täschemesser,
  • Foulard an Uniform (fir déi déi schonn eng hunn)
  • Bidon,
  • Kap oder Sonnenhutt,
  • Sonnecrème an Insektenspray,
  • Schlappe fir am Haus
  • fest Biergschong fir dobaussen.
  • An 2 Spulldicher… ja nerveg mee muss och gemaach ginn.
  • perséinlech Medikamenter

Et ass wichteg dass all är Saache mat ärem Numm gezeechent sinn! Net matbréngen: Wäertsaachen, Handy, Täschegeld a Séissegkeeten. De Camping fänkt den 18ten um 14h un an hält de 23ten um 14h op, mir invitéieren dofir all d’Elteren hier Kanner erëm sichen ze kommen ^^?De Camping kascht 120€ fir dat eicht Kand an 110€ fir dat 2. Kand aus der Famill. Dir kennt d’Suen cash mat op de Camping matbréngen. Dir musst Iech bis den 1 Juli beim Alex umellen an een Acompte vu 40€ bezuelen.Ausserdeem brauch all Participant eng ausgefëllte Fiche Medicale (am Unhang, w.e.g. ausprinten an ausgefëllt matbréngen) a Kopië vun Ärer Impfkaart a Carte d’Identitéit. .

Falls Froen oder Schwieregkeete besti kenn dir gäre beim Alex 691 177 773 nofroe resp ärch umellen.

Fir d’Avex

Wéi um läschte Bréif annoncéiert si mir dëse Weekend den 1-2 Juli zesumme mat de Scoute vu Käerjeng on Tour. Treffpunkt ass de Samschden 1 Juli um 8:30h an Uniform zu Käerjeng op der Gare wou mir zesummen den Zuch fir op Ettelbréck um 8:50h huelen, sidd duerfir pünktlech ?Schluss vum Weekend ass de Sonnden 2 Juli um 16h zu Kënzeg um Parking beim Tennisterrain ( falls den Transport vum Kand e Problem duerstellt mellt Iech roueg beim Fränz Dording um 691 942484) Mathuelen: Schlofsak, Carrymatt, Gamelle a Besteck, en klenge Rucksak,Picknick fir Samschdes mëttes oder Täschegeld fir eppes ze kafen (wëll mir maachen do eng Sortie), Gezei fir all Wierder, Wäschsaachen, Fiche médicale (am Unhang). Uniform an Foulard hunn mir un wann mir op d’Gare kommen. Opgepasst mir schlofen dobaussen!

Fir den Elteren den nationale Camp TerraViva ze presentéiere géifen mir Iech op eng kleng Eltereversammlung de Donneschdes 6 Juli um 20h zu Péiteng am Chalet invitéieren. Presentéiert ginn e puer Aktivitéiten, d’Materiallëscht, esou wéi och den Oflaf vum Camp. D’Avex mussen net matkommen et soll jo eng Iwwerraschung fir si bleiwen ? Dëse Camp ass zu Ettelbréck vum 17-27 Juli. Mir fueren all zesumme mam Zuch erop an kommen och esou zréck. De Präis vum Camp as 200 € , iwerweist den Montant mam Vermierk: Numm vum Kand+Terraviva ob follgende Kont ze iwwerweisen.: LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. oder per digicash op d‘Nummer 621 73 61 00.  Fir mei Infoe kuckt um Internet op terraviva.lgs.lu. Wieder Infoe fir den Transport vum Rucksak kommen eenzel no.

Den Samschden  08 Juli  ass erëm eng ganz klassesch Versammlung vu 14:00 bis 16:00 um Prënzebierg. 

Fir d’CaraPio

Den 1 an den 8 Juli hunn mir normal Versammlung um Prënzebierg. Denkt drun Iech fir d’Versammlungen unzemellen. Den 1 Juli ass och Pabeiersammlung moies, kuckt dofir méi ënnen. Fir de Camp trefft sech d’Programméquipe di nächst Woch an d’Detailer komme separat un di ugemellte CaraPio no. Denkt drun d’Autorisation parentale bei ärer Gemeng unzefroen. An der Summervakanz hëllefe mer bei der Vakanzaktioun an der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail weider ënnen.

Fir d’RaRo

Mir hunn den 1 an den 8 Juli normal Versammlung. Den 1 Juli ass och Pabeiersammlung moies, kuckt dofir méi ënnen. An der Summervakanz hëllefe mer bei der Vakanzaktioun an der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail weider ënnen.

Fir d’Chefs

Den Donneschden 6 Juli treffe mer eis um 20h um Bierg fir de  Grupperot. An der Summervakanz hëllefe mer bei der Vakanzaktioun an der Pabeiersammlung. Liest dofir den Detail weider ënnen.

 Fir d’CaraPio, RaRo,Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Scoutsarchiv.

Zanter méi wi 10 Joer scho sammelen ech Dokumenter iwer d’Péitenger Scouten. Ech hu mëttlerweil e puer Regalreie voll mat Sitzungsberichten, Photoalbumen, al Badgen a Stickeren, a sonsteg Souveniren. Déi Saache gehéiere mir net, si gehéieren de Péitenger Scouten. Ech selwer hunn se vun ale Scoute kritt, wouvun déi meescht schon doud sinn: Pierre Hahn, Marcel Steimenz, Fernand Didier, Léon Keiser an nach aneren. Ech sammelen och nach weider a brauch är Hëllef. Ech wär frou wa mir kënnten e Schaffgrupp maachen,  dee mir hëlleft dat alles ze versuegen. Eng Arbecht, déi vill Zäit brauch, ass d’Digitaliséierung. E puer al Dokumenter huet de Gilles Glod schon op eise Site gesaat.

Ween interesséiert ass, kann sech bei mir mellen, oder einfach laanscht kommen an sech dat ukuken.

Arnold (Arny) Martin 7, rue de la Résistance L-4775 Pétange

Tél.: 26 65 25 10 E-mail: geronimo_am@hotmail.com

Vakanzaktioun:

Och dëst Joer fënnt erëm eng Vakanzaktioun statt.  Mir organiséieren den Nomëtte vum Dënschden 1 August mat flotte Spiller um Bierg. Dëst ass fir d’Kanner am Wëllefchersalter vum Cycle 2. Fir dat den Nomëtte flott gëtt, brauche mir Leit déi eis do eng Hand upaken an d’Spiller mat de Kanner maachen. Moies vun 9°° un, riichte mir op. Mir iessen um Bierg zu Mëtteg d’Kanner si vu 14.30 Auer bis 17.30 Auer do. Wann s Du wëlls hëllefen, da so mir w.e.g Bescheed um 621 68 39 99  bis den 30.Juli.  MERCI!!!

 Pabeiersammlung:  

Di nächst Pabeiersammlunge sinn den 1 Juli, 5 August an den 2 September . R.d.v. um 8.30 Auer zu Péiteng um ale Site vun der Eucosider.  Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sinn ass et extra wichteg dass jidderee wou kann, och do ass. MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top