Verbesserung Infoziedel bis den 30 September 2023

Dans la dernière lettre d’information se trouvaient une erreur de dates et on a réçu encore des informations supplémentaires pour les premières réunions. Voici donc la lettre actualisée :

Léiw Biber, Wëllef, Avex, CaraPio an Raro

No enger laanger Summerpaus ass et endlech esou weit. D’Versammlunge ginn erëm un ! Mir gesinn eis de Samschden 23ten September vu 14-16h beim Chalet um Prënzebierg fir eis alleréischt Versammlung.

Wichteg : Deen Samschden ass och eng méi lass a Péiteng wëll de Skoda Tour de Luxembourg laanscht fiert. Dofir si ganz vill Stroossen vu Péiteng de ganzen Daach fir Autoen ofgespaart! Léif Eltere kuckt wannechgelift op dem Internetsite vun der Gemeng no https://petange.lu/skoda-tour-de-luxembourg-4e-etape/ fir ze wësse  wéi dir bei de Chalet kommt. Soot wannechgelift dem responsabele Chef virum Donneschden 21 September Bescheed op äert Kand an d’Versammlung kënnt fir dat d’Chef besser plange kennen.

Wéinst der komplizéierter Verkéierssituatioun ass eis Schnupperversammlung wou dir är Frënn matbrénge kennt och op de Samschden drop, den 30 September verluet. D‘Biber, d’Avex, d‘CaraPio an d’Raro hun do Versammlung vu 14-16h um Prënzebierg am Chalet. Bréngt do all di Frënn mat, déi den 23ten verpasst hunn ?.

Fir d’Wëllefcher

Den Samschden 30. September gi mir zesummen an den Parc Merveilleux ob Beetebuerg. Dës Versammlung geet vun 12h bis 16h. Mëttesiessen an Entrée offréiere mir ?. Fir dës Versammlung musst Dir Iech beim Alex (691 177 773) umellen (fir dass mir den Transport organiséiere kënnen, evt froe mir och ë puer Elteren ob si kéinten een Trajet maachen) Dono fänke mir erëm mat engem neie Komet un. Dat heescht mir hunn ë puer Versammlungen noeneen zum gläichen Thema. Loosst iech iwwerraschen.

Fir d’Albatrossen

Eis éischt Versammlung ass den Freiden 22 September um 20h.

Léiw CaraPio, RaRo, Albatrossen , Guilde an Matarbechter:

Samschdes den 30 September:  Pabeiersammlung:

R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site vun der Eucosider. Elo schonns e decke Merci fir deng Hëllef!

Léiw Chef

Mëttwochs den 20. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° am Avexsall.

Samschdes de 23. September: Kongress um Kiem an der Stad an der Sportshal 

De Verbandskongress ass dëst Joerum Kiem an der Stad an der Sportshal (1A, rue Anne Beffort L-1273 Luxembourg). Aschreiwung ab 16h, Programm fänkt um 17h un. De genaue Programm fannt der am Kompass. . De Kongress ass just fir ernannte Chef/tainen.

Sonndes ,den 24. September : Chefdach um Kiem an der Stad an der Sportshal 

Um Chefdach geet et virun allem drëm sech ënner Chef ze treffen, sech auszetauschen, nei Iddie fir Aktivitéiten ze sammelen, gewuer ze gi wat am Joer vum Verband aus geplangt ass, an eng gutt Zäit mateneen ze verbréngen. Den Dach fänkt um 8:30 Auer un an dauert bis 16h. Wann dir nach Detailer noliese wëllt, da gitt op de Site vun de LGS an d’ Chefbox kucken oder am Kompass. Um Chefdach kann all Chef/taine matmaachen och wann hien/hat keng Ernennung huet.

D’Umeldung fir de Kongress an/oder fir de Chefdag ass individuell. Dat heescht all Chef/taine muss sech selwer iwwert d’Chefbox umellen. Wann dir Problemer mat ärem Login hutt da mellt Iech bei mir oder beim Claire Zwick fir ze kucken op är Daten am Membersfichier aktuell sinn.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top